Search

You may also like

money
“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent
Neiegkeeten

“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent

Um Donneschdeg sinn zu Rëmerschen vum Ministère fir Chancëgläichheet sechs

Neiegkeeten

Konditioune Gewënnspill “Live aus dem Parc”

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?
Neiegkeeten

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) wäert an Zukunft guidéiert Visitte fir Privatleit

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen

Iert mer zu de Resultater vun eiser klenger Ëmfro kommen, sollte mer e puer Bemierkunge maachen. Dës Ëmfro ass net representativ. 83 Lieserinnen a Lieser hunn insgesamt matgemaach. Ëmmerhin hu mer bal eng Paritéit bei de Geschlechter (39 Männer, 38 Fraen, 6 ouni Äntwert). Esou verwonnert et net, datt bei dëser Ëmfro, déi jo spezifesch un eis Lieser adresséiert ginn ass, e ganz anescht Bild an der politescher Landschaft eraus kënnt, wéi elo bei representativen Ëmfroen.

An dach ass se net oninteressant: Virun allem de Verglach tëscht dem Wahlverhale vun 2013 an haut ass do wäertvoll. Kucke mer eis mol un, wéi déi, déi matgemaach hunn, 2013 gewielt hunn a wéi se haut géinge wielen:

Do fält bei eise Lieser op, datt virun allem déi lénk an den adr géinge vill Stëmme bäi kréien. Déi Konservativ, déi 2013 nach net existéiert hunn, géingen op den Niveau vun der KPL kommen. Wichteg ass och, datt mer bei der Fro nom aktuelle Wielverhalen d‘Optioun, keng Partei ze wielen, ewech gelooss haten, wat nach emol d‘Resultat beaflosst an eigentlech net gewollt war. Gréisste Verléierer wieren d’LSAP, déi vun 11 op 8 Stëmme géinge falen. D’Piraten an d’CSV verléieren all kéiers ee Wieler.

Asselborn schléit Parteikolleg Schneider

Dat waren awer bei wäitem net déi eenzeg Froen, déi mer gestallt hunn. Gefrot ginn ass och no der Zefriddenheet mat der aktueller Regierung. 37 Persoune (44,6%) si mat der Regierung zefridden, 46 (55,4%) sinn et net. Et wäert interessant sinn, iwwert déi nächst Sonndesfroen do eng Evolutioun ze ënnersichen. Wat Bewäertung vun de Koalitiounsparteien ugeet, kënne sech déi gréng iwwert 30 Stëmme freeën: domat setzen se sech liicht vun der DP (26 Stëmmen) an der LSAP (27 Stëmmen) of. Op Facebook krute mer d‘Bemierkung gemaach, datt een net kéint uginn, datt ee mat kenger Partei eppes ufänke kéint. Dobäi goung et awer bei der Fro ganz spezifesch dorëmmer, ze wësse, wéi eng – trotz der eegener politescher Couleur – déi beschten Aarbecht geleescht huet.

Eng weider interessant Fro ass déi vum Premier: Do kommen déi zwee Kontrahenten Xavier Bettel a Claude Wiseler op déi selwecht Stëmmenzuel, all kéiers 24. De Jean Asselborn kënnt op bemierkenswäert 22 Stëmmen a klappt de Parteikolleg Etienne Schneider (10 Stëmmen) ëm Welten.

Disclaimer: Dëst ass eng reng Lieserëmfro. Si entsprécht kenge wëssenschaftleche Virgaben.

Déi komplett Ergebnisser sinn nach eng Kéier hei ze gesinn:

[megapoll id="10" results-only="true"]

Leschten Update: 13.02.2018

Related topics Chamberwahlen 2018, Ëmfro, Sonndesfro
Next post Previous post