Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!
Neiegkeeten

De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!

Den Europadag deen all 9. Mee an der europäescher Unioun

Brexit: Eng onendlech Geschicht
Neiegkeeten

Brexit: Eng onendlech Geschicht

Wien sech erhofft hat, et kéim beim aussergewéinlechen EU-Sommet zum

Vullenhaisercher ophänken – elo ass d’Zäit!
Neiegkeeten

Vullenhaisercher ophänken – elo ass d’Zäit!

Lues awer sécher erwächt d’Fréijoer, d’Deeg ginn nees méi laang

E leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz

Vu Chantieren, ëffentlech Buren an dem persistente Logementsproblem

E leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz

Beim leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz huet sech de Stater Schäfferot nach emol ob déi wichtegst Aktualitéit bezunn. Heibäi ass natierlech ëm d‘Chantieren a Verbindung mam Tram gaangen, e flotte Projet virgestallt an iwwert de Logement geschwat ginn.

Chantieren si keng touristesch Attraktioun

Datt d‘Chantieren am Kontext vum Tram och iwwert de Summer keng Paus maachen, mécht a villen Hisiichte Sënn. Zum Engen ass während der Summervakanz den Trafic an der Haaptstad eppes méi roueg, zum anere muss ee virukommen, wann een d‘Delaien anhale wëll. Ab dem 4. August kënnt et folgerichteg zu eppes gréisse Modifikatioune bei der Verkéiersféierung.

Vakanz

Esou gëtt den Zougang fir den Individualverkéier an d‘Ënneschtgaass iwwert d‘Chimay-Strooss ëmgeleet. Do kann een da lénks oder riets ofbéien an d‘Einbahn gëtt „ëmgedréint“ fir Accès zur Philippsgaass ze erhalen. Eng Vëlospist gëtt et och nach, dofir sinn d‘Parkplazen an der Ënneschtgaass exklusiv de Livraisoune virbehalen. Et gëtt jo genuch Parkingen an der Uewerstad.

Wann et richteg ass ze bemierken, datt d‘Chantieren dem Tourismus net wierklech entgéint kommen esou muss ee sech am klore sinn, datt si engersäits absolut noutwenneg sinn an anersäits, wann dann alles fäerdeggestallt ass, duerchaus e weidere Plus, och fir d‘Touriste sinn. Et muss een elo eppes Gedold, vill Versteesdemech an virun allem d‘Zukunft virun Aen hunn, mee dat gëtt schonn…

Een Drotiesel mat Kannerkrankheeten

Wann ee schonn d‘Mobilitéit an seng begleedent Chantieren uschwätzt, dann dierf och de Vél‘oh! net vergiess ginn. Dëse Locatiounssystem gouf 2008 agefouert an zanterhier soll et 2 Millioune Locatioune ginn hunn. D‘lescht Joer gouf decidéiert op elektresch ëmzestellen, wat dat Ganzt nach méi attraktiv gemaach huet un zu enger gréisserer Well un neien Abonnente gefouert huet.

Laut dem Verkéiersschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, Patrick Goldschmidt (DP) hätt et am Zäitraum vun November 2018 bis Juli 2019 iwwer 5.800 nei Abonnente ginn. Alles an allem huet de Vél‘oh! elo ronn 13.800 enregistréiert Utilisateuren. Hei an do kënnt et leider nach zu klenge Problemer, mee de Gestionnaire ass informéiert a géif sech der Saach zäitno unhuelen. Ass eben net einfach.

Wou engem zesumme mat de Verantwortleche vun der Stad den hutt héich sollt goen, huet mam schreckleche beholl vu nach méi schrecklech domme Mënschen ze dinn. Bis heihinner war d‘Land an d‘Stad zimlech verschount bliwwen, wat Vandalismus betrëfft, déi Zäite schéngen ëm ze sinn, wa vun 800 Drotieselen der 200 aus purem Muttwëll a Dommheet onbrauchbar gemaach ginn.

Bezuelbare Wunnraum schafen

Dat et keng einfach Saach ass an der Haaptstad eng Wunneng ze fannen, dat ass bekannt. Wann déi och nach soll bezuelbar sinn, gëtt et richteg komplizéiert. Dat weess och de Schäfferot an dee wier beméit dat méiglecht ze maachen, fir dëser Situatioun entgéintzewierken. De Bauteschäffe Serge Wilmes (CSV) huet op déi verschidde Projeten déi am lafe sinn oder kommen higewisen.

E risege Wunnengsbauprojet gëtt et jo op der Arelerstrooss, wou de Stadion net méi gebraucht gëtt an bis zu 1.000 Logementer entstoe sollen. Nach eng Dimensioun driwwer: de Projet „Porte de Hollerich“ mat bis zu 6.000 Wunnengen. Kléngt gutt och wann et net nei ass, an ee sech hei nach wäert zolidd musse gedëllege bis déi éischt Stéit hir Wallissen ofsetzen an d‘Miwwelen opriichten.

Aus dësem Grond huet sech d‘Stad Lëtzebuerg virgeholl, och déi kleng Terrainen déi der Gemeng gehéieren ze mobiliséieren. Laut dem Serge Wilmes, kéinten éischte Berechnungen no, nach emol 600 Logementer entstoen. Och déi wäerte kaum iwwer Nuecht opgeriicht ginn, an de Schäffen hält den Zäitraum 2025 fir d‘Fäerdegstellung vun dëse 600 Wunnengen, fir realistesch. Cool…

Eng lieweg Stad, grad iwwert de Summer

Während d‘Situatioun mat de Chantieren ass wéi se eben ass, ass gutt dru gedoen, och déi nei ganz positiv Aspekter vun eiser Haaptstad ze beliichten. En ëffentleche Bur wou ee sech am Kontext vun enger Hëtztwell – oder just nëmme well een duuschtereg ass – proppert Waasser fir näischt kann déi gliddeg Strass eroflafe loossen, dat ass net nëmme fir den Tourismus gutt, dat ass fir eis alleguerten.

Et géif jo wéineg Sënn maachen, vill Efforten – an och Geld – an déi wierklech mega cool a gratis „Theaterplage“ bei der Cinemathéik ze stiechen, wann d‘Familljen déi mat hire Krapperte kucke komme keen Zougang zu Drénkwaasser hätten. Zudeem dréit all Bur derzou bäi, datt manner Offall produzéiert gëtt. Wien e Bidon derbäi huet, muss kee Plastik entsuergen a spuert Geld. Genial…

Iwwregens, d‘Theaterplage bleift de ganze Summer iwwer a bis Enn September a Betrib. Wie Loscht op eng Partie Petanque an/oder Fiederball huet, dierft hei säi Gléck fannen. Woubäi een natierlech och op engem vun de Ligestill „onser Här e gudde Mann“ ka si loossen, an de Summer entspaant genéisse kann. Et ass zudeem déi eenzeg Plage mat engem ënnerierdesche Parking.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bur, Chantieren, Logement, Mobilitéit, Stad Lëtzebuerg, Theaterplage, Tramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel