Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden
Neiegkeeten

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden

Am UN-Sécherheetsrot zu New York war gëschter dee vum Donald

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“
Neiegkeeten

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“

Am ganze Land bléien d‘Wahlplakater op, an e Freideg huet

Commemoratioun vun der Befreiung vu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Commemoratioun vun der Befreiung vu Lëtzebuerg

Och an der Minettemetropol Esch-Uelzecht ass gëschter un d‘Befreiung vu

Den Ausseminister an d‘Virwërf vun der Caritas

Den Ausseminister an d‘Virwërf vun der Caritas

Iwwert d‘Denonciatioun vu Faiten am Ëmgang mat zeréckgewisenen Asyl-Demandeure säitens der Caritas Lëtzebuerg ass den Ausseminister Jean Asselborn alles anescht wéi erfreet. Hie weist dës ominéis Virwërf – et géife Leit aus Foyere verdriwwe well hir Demande refuséiert ginn ass – zréck.

Esou hat d‘Caritas Lëtzebuerg sech „schockéiert“ gewisen, datt deboutéiert Demandeuren aus den Heemer verwise géifen an esou ouni Réckhalt op der Strooss lande géifen. D‘Kollege vu RTL – déi e besseren Drot zur kathoulescher Kierch hunn – hu bei der Caritas nogefrot an erausfonnt, datt et sech ëm zwou Persoune géif handelen, vun där eng Staatelos ass a folglech net ausgewise ka ginn.

Aus hirem Communiqué ass dat net ervirgaangen. Dofir awer dat si e Bréif un den Ausseministère geriicht hätten, op deen net nach keng Äntwert ginn hätt. Och dat schéngt esou net ze stëmmen. De Jean Asselborn betount datt d‘Caritas natierlech eng Äntwert kritt huet an ënnersträicht däitlech, datt de Staat keng Leit op d‘Strooss setzt. Dës Virwërf wiere mat den Hoer erbäigezunn.

Richteg wier villméi, datt ee vun den zwee Männer – dee wei d‘Caritas behaapt „vrun d‘Dier gesat soll gi sinn – schonn den 28. November de Foyer verlooss a sech an d‘Ausland ofgesat hätt. Bei der zweeter Persoun hätt d‘Caritas selwer eng Léisung fonnt. Si ass bei enger Famill ënnerdaach komm.

De Minister confirméiert allerdéngs och, datt fir dës Persounen d‘Prozeduren ofgeschloss sinn a si keen Usproch op Asyl zu Lëtzebuerg erhiewe kënnen. Zudeem weist de Jean Asselborn nach emol drop hin, datt de Foyer zu Monnerech, an deem béid Persounen ënnerbruecht waren, sollt zougemaach ginn. Och dat ee Fait, dee laang bekannt ass an der Caritas net kann entgaange sinn.

Elo verwonnert dësen Disput, dee vun der Caritas ausgeet. Et ass virun allem den Toun deen, wann et sech wierklech ëm zwou Persounen handele soll, vun där eng „verschwonnen“ an déi aner a gudden Hänn ass, hei eng Rei Froen opwerft. Mat esou Beschëllegunge sollt een, scho wéinst de betraffene Persounen, uecht doen. Huet nämlech de Minister Recht, ass domatter kengem gehollef.

Ähnlech Sujeten Asyl, Caritas, Flüchtlingen, Foyeren, Jean Asselborn, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel