Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!
dating marriage app

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!

Wien denkt sech net ëmmer erëm: Ech misst vill méi

expat dating app singapore
we dating too
dating marriage app

https://moien.lu/adam-g-sevani-dating-alyson-stoner/

Wann et richteg ass, datt den Autofestival fir déi meeschte

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen
dating marriage app

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen

Kee Frënd vu Fussball? Du wëlls Russland net aus politesche

Visionär fortschrëttlech

Visionär fortschrëttlech

Am Kader vun der Generalversammlung vun der Associatioun „Quattropole“ hunn d‘Buergermeeschter vu Lëtzebuerg, Saarbrécken, Tréier a Metz d‘Leitlinne fir déi kommend Méint festgeluecht. „Et huet ganz fruchtbar Gespréicher ginn“, esou d‘Lydie Polfer bei der Pressekonferenz wou d‘Ofschlossdokument presentéiert ginn ass.

Quattropole, ee wichtegt Instrument fir d‘Zesummenaarbecht an der Groussregioun, feelt et vläicht u Kommunikatioun, net awer un Iddien oder Engagement. Quattropole ass awer och d‘Gewësse vun der Stäerkt déi d‘Zesummenaarbecht bedeit, wann een et op d‘Groussregioun projezéiert. Dobäi dierft awer net vergiess, datt d‘Haaptacteure primär hire Flichten als Buergermeeschter mussen nokommen.

Expertise gefrot

Domatter ass dann u sech och erkläert, firwat eng ganz Rëtsch Experten d‘Virschléi, d‘Wënsch an d‘Visioune vun de Buergermeeschter begleeden. Déi sinn dann och maassgeeblech um Orientatiounsdokument bedeelegt, aus deem d‘Ziler ervirginn, déi sech gesat gi sinn fir d‘Zesummenaarbecht ze verdéiwen. Hei soll dann och alles dru gesat ginn, fir d‘Visibilitéit vu Quattropole um europäeschen Niveau ze stäerken.

D‘Proposen zu de Projete ginn elo ënnersicht. Dat an éischter Linn fir konkret Projeten an de kommende Méint ze entwéckelen. Déi politesch Organer vun der Vereenegung entscheeden dann iwwert d‘Initiatioun an d‘Ëmsetzung vun de verschidde Projeten.

Grenziwwerschreidend

Bis zum Ofschlossdokument huet et ee Joer gedauert, mee d‘Zukunftsvisioun déi dran enthalen ass léisst sech weisen. Am ganze sinn et 35 Projeten déi vun den dräi Experte virgeluecht goufen. D‘Prioritéit ass op d‘Zesummenaarbecht tëscht de véier Stied geluecht ginn, dat am Beräich vun der Mobilitéit, der Wirtschaft, der Bildung awer och an Beräicher déi méi no um Bierger sinn. Hei gëtt den Akzent op d‘Kultur, den Tourismus, d‘Sozialpolitik an d‘Ëmwelt geluecht.

Als Haaptzil ass sech d‘Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner an dëse Stied gesat ginn. Dozou zielt dann och de Projet déi véier Stied un dat „schnellt“ Schinnenetz unzeschléissen. Fir d‘Pendler soll e kohärente Projet op d‘Been gesat an d‘Internationalisatioun vun den Universitéite virugedriwwe ginn. Eng Kooperatioun vun der Gestioun am Energieberäich gëtt gläichfalls ugestrieft.

Sozial engagéiert

Villes vun deem wat an de 35 Virschléi enthalen ass hunn d‘Buergermeeschter zortéiert: Déi Saachen déi Strategesch wichteg sinn, dat wat ee pragmatesch muss ugoen an alles wat wënschenswäert ass. Dobäi war et wichteg de soziale Volet net aus den Aen ze verléieren. Bei dësem Punkt huet d‘Charlotte Britz, Buergermeeschtesch vu Saarbrécken, dann och schonn e konkrete Projet um lafen.

Als däitsch Haaptstad vum fairen Handel 2016, si vum 14. bis de 17. September Konferenzen inklusive kulturell Evenementer ugesat. D‘Mënsche missten d‘Geleeënheet kréie méi verantwortungsvoll mat Liewensmëttel ëmzegoen. An deem Zesummenhang ass d‘Lydie Polfer dann och houfreg ze bestätegen, datt am Sënn vum Austausch, um Samschdeg e „Fair Trade“ Maart am Tramsschapp ofgehale gëtt.

Kulturell verbonnen

De Wolfram Leibe, Buergermeeschter vun Tréier, setzt kulturell en Akzent. Engersäits gëtt de Robert Schuman Präis 2018 mat engem Musekspräis ergänzt. Net ze vergiessen, datt et, esou de Wolfram Leibe, 2018 110.000 Marxisten zu Tréier gëtt. Gutt, d‘Awunner kréien elo net direkt alleguerten eng Parteikaart bei de Marxisten, mee den 200. Gebuertsdag vum Karl Marx gëtt awer entspriechend gefeiert.

Et versteet sech, datt d‘Partnerstied hei abezu ginn. Esou solle Container opgestallt ginn, wou sech jiddereen zum Karl Marx kann äusseren. Aus all dësen „Interviews“ gëtt dann e Film zesummegesat deen am Laf vun 2018 dem grousse Public gewise gëtt. De 5. Mee 2018 gëtt dat ganzt da richteg lass, an et dierf een iwwerzeegt, datt all d‘Buergermeeschter sech deen Datum am Kalenner „rout“ umolen.

Foto: (v.l.n.r.) Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg; Wolfram Leibe, Buergermeeschter vun Tréier; Charlotte Britz, Buergermeeschtesch vu Saarbrécken an Dominique Gros, Buergermeeschter vu Metz. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Groussregioun, Lëtzebuerg Stad, Metz, Quattropole, Saarbrécken, Tréier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel