Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter
Neiegkeeten

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter

S.A.R. de Groussherzog Henri huet gëschter, zesumme mat der Gesondheetsministesch

Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn
Neiegkeeten

Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn

Um Dënschdeg huet „Medecins du Monde“ Lëtzebuerg (MdM) eng gréisser

Déi Stater Braderie ass eng jonk Damm vu grad emol 90 Joer
Neiegkeeten

Déi Stater Braderie ass eng jonk Damm vu grad emol 90 Joer

Si huet hiren Ursprong am Joer 1929 an esou munch

Visitt vun de Léifsten an den Alters-a Fleegeheemer nees méiglech

Visitt vun de Léifsten an den Alters-a Fleegeheemer nees méiglech

Gëschter am Nomëtteg huet d’Familljeministesch Corinne Cahen matgedeelt, datt Visitten an den Alters-a Fleegeheemer nees erlaabt sinn. Den néidege Sécherheetsofstand muss gehale ginn, och d’Schutzmask ass Flicht.

D’Ministesch huet betount, datt de Confinement an dëse Strukture fir eeler Leit néideg, an dofir och net opgehuewen ass. D’Grousselteren, déi eegen Elteren oder eeler Persounen, déi engem um Häerze leien kennen awer mat den néidegen Hygiènes- a Sécherheetsmoossnamen erëm besicht ginn.

Visitt

(v.l.n.r.) Marc Fischbach, President vun der COPAS; Corinne Cahen, Familljeministesch © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Wéi sinn d’Reegelen?

Wësse soll een, datt spontan Besich net méiglech sinn. Am viraus muss ee sech umellen an och d’Zuel u Visiteuren am Gebai si begrenzt. Hei muss awer all Heem selwer kucke, wéi si d’Visitte geréieren. D’Regierung an d’Gesondheetsdirektioun recommandéieren awer, bei schwéier kranken oder um stierwe leiende Bewunner, just 1 bis 2 Besicher eran ze loossen. No all Visitt muss d’Zëmmer wou sech de Besuch opgehalen huet, propper gemaach an desinfizéiert ginn.

Kanner ënner 16 Joer dierfen net mat eran, ab 12 Joer ass et allerdéngs méiglech a Begleedung vun engem Erwuessenen baussent dem Alters- oder Fleegeheem seng Léifst unzetreffen.

Aktuell ginn d’Bewunner an d’Personal vun Alters- a Fleegeheemer op de Covid-19 getest. Bis ewell goufen et an 21 vun 52 Infrastrukturen positiv Fäll. Ganzer 90 Persounen hunn de Virus, 41 si geheelt, 29 hunn d’Infektioun net iwwerlieft.

Visitt

Marc Fischbach, President vun der COPAS © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

D’Freed kënnt zeréck

Duerch d’Isolatioun waren d’Bewunner komplett vun hire Léifsten a Famillen ofgeschnidden. Dës Aart vu Solitude huet hinne, verständlecherweis, zougesat. D’Personal huet awer säi Bescht ginn, fir Ënnerhalung ze suergen an déi eeler Leit um neiste Stand vun der Aktualitéit ze halen.

De Marc Fischbach, President vun der COPAS huet preziséiert, datt sou lues nees Beweegung an d’Aktivitéite kënnt. Esou géife verschidden Haiser beispillsweis nees Museksstonnen, Virliesungen oder Concerten – an dësem Fall lauschteren d’Bewunner vun hirer Fënster aus no – organiséieren.

Hei fannt Dir déi ganz Pressekonferenz op YouTube:

Opmaacherbild: © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Ähnlech Sujeten Altersheem, Confinement, Copas, Corinne Cahen, Covid-19, eeler Persounen, Familljeministesch, Fleegeheem, Hygiènesmesuren, Marc Fischbach, Schutzmask, Sécherheetsofstand, Visitt, vulnerabel Persounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel