Search

You may also like

London: Aarbechtsministesch wennt sech vum Premierminister of
Neiegkeeten

London: Aarbechtsministesch wennt sech vum Premierminister of

Nom Brudder Jo Johnson verléisst eng vun de profiléiertste Politikerinnen

NATO: Visitt vum Generol André Lanata zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

NATO: Visitt vum Generol André Lanata zu Lëtzebuerg

Gëschter huet de Generol vun der franséischer Loftwaffe an alliéierten

De Projet „mateneen fir eng modern Gemeng“ geet a seng zweet Ronn!
Neiegkeeten

De Projet „mateneen fir eng modern Gemeng“ geet a seng zweet Ronn!

Mat Hëllef vum participative Prozess „mateneen fir eng modern Gemeng“

CGDIS: S.A.R. de Groussherzog huet de Chantier vum CNIS besicht

Haut huet S.A.R. de Groussherzog, zesumme mat der Inneministesch Taina Bofferding an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Chantier vum Centre national d’incendie et de secours (CNIS), deen 2021 vollstänneg operationell wäert sinn, besicht. D’Gäscht wollten sech dobäi en eegent Bild vum aktuelle Fortschrëtt op der Plaz maachen.

Bei dëser Geleeënheet krut de Groussherzog d’Méiglechkeet fir eng vun de modernste Kasäre vun Europa nach viru senger Fäerdegstellung ze entdecken. An Zukunft wäerten am CNIS d’Direktioun vum CGDIS, d’Noutfallzentral vum 112, den nationale Formatiounszenter vun den Asazkräften an d’Kasär vum CIS Lëtzebuerg ze fanne sinn.

CNIS

CGDIS / Twitter

An dësem Kader huet d’Inneministesch ënnerstrach: „De CNIS symboliséiert souwuel Regruppement vun allen Acteuren aus dem Hëllefsservice ënnert engem Dag, wéi och de Wëlle vum Staat an de Gemenge fir op en Ensembel u Missioune vun der ziviller Sécherheet ze äntweren. Den neie Centre national d’incendie et de secours ass d’Zukunft vum „état-major“ vum CGDIS.“

Ma, deem huet d’Stater Buergermeeschtesch just kënnen dobäifügen, datt d’Stad Lëtzebuerg, zënter der Ausschreiwung vum Concours fir d’Projete fir déi nei Pompjeeskasär am Joer 2004, d’Gestioun vun dësem ambitiéise Projet geséchert huet, sou wéi och d’Ausaarbechtungsphas vun 2008 bis 2015 an d’Aarbechten, déi 2016 ugefaangen hunn.

Och wann de Chantier wuel dëst Joer nach net zu Enn bruecht gëtt, och bedéngt duerch d’Pandemie, ka scho geschwënn en Deel vun der Verwaltung an d’Gebai plënneren. Nächst Joer soll de CNIS da fäerdeggestallt sinn.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Related topics Centre national d’incendie et de secours, CGDIS, Chantier, CNIS, Lydie Polfer, Pompjeeën, Taina Bofferding, Visitt
Next post Previous post