Search

You may also like

„Die Ladenhüterin“ weist eng komplett aner Perspektiv op d’Gesellschaft an ass dobäi witzeg!
Neiegkeeten

„Die Ladenhüterin“ weist eng komplett aner Perspektiv op d’Gesellschaft an ass dobäi witzeg!

Et ginn Tonne Bicher op der Welt. Esou verwonnert et

EU-(Video)Sommet: Jo zur Rechtsstaatlechkeet?
Neiegkeeten

EU-(Video)Sommet: Jo zur Rechtsstaatlechkeet?

Well sech Polen an Ungarn missten un EU-Recht an EU-Wäerter

Wa Riichter (be)urteelen
Neiegkeeten

Wa Riichter (be)urteelen

Et ass esou seelen, datt et ganz interessant ass ze

D’Schlammwiss a seng Bewunner – En Erliefnis an der Natur!

Reegelméisseg invitéiert natur&ëmwelt op seng Visitte vun der Schlammwiss an der Beréngungsstatioun. Ma, och mir wollten emol eraluussen a ware begeeschtert! Tëscht de ganzen touristeschen Attraktiounen, déi am Kader vun #VakanzDoheem ervirgehuewe ginn, stellt sech dëst Erliefnis, bei deem een net nëmme kucken, mee och mat upaken dierf, als richtegen Highlight fir all naturbegeeschtert Persoun eraus.

D’Naturreserve Schlammwiss bitt ob sengen 88 Hektar e richtegt Paradäis fir d’Flora an d’Fauna. Vum Schilf, iwwert Wisen, bis hin zum Bongert kréien Vullen, Insekten an aner Déiercher déi ideal Plaz fir ze raschten, sech ze schützen an hir Näschter ze bauen. Esou gëtt dëst Fiichtgebitt net nëmme fir Ornithologen a Biologen zur Attraktioun, all interesséiert Persoun ka sech dëst Gebitt emol méi no ukucken.

Besonnesch de Schilf stécht um Terrain vun der Schlammwiss ervir. Wat op Lëtzebuergesch iwwregens och Lëtsch genannt gëtt, beweist sech fir Vullen als ideaalt Material fir Näschter ze bauen oder sech ze verstoppen. Sinn si grad op der Duerchrees fir an de Süden, notze si d’Fiichtgebitt als Erhuelungsraum. Ma, och Insekten leeën hir Eeër an d’Huelraim.

Schlammwiss

© Shari Pleimelding/moien.lu

Kucken a mathëllefen

Deel vun der Naturreserv ass eng eege Vulleberéngungsstatioun, wou pro Joer bis zu 30.000 Villercher e Rank ugeluecht kréien. Duerch déi enk Zesummenaarbecht mam Institut Royal des Sciences Naturelles de Belgique ass d’Ariichtung bei der Schlammwiss déi südlechst Statioun vun der Belsch.

Ugezu vum Gezwitschers, dat iwwert Lautsprecher ofgespillt gëtt, fléien d’Vullen a speziell Netzer eran, déi tëscht dem Schilf verstoppt sinn. All 30 Minutte kontrolléiert d’Ekipp dës Netzer, befreit d’Déiercher virsiichteg an dréit se an engem Säckelchen bis bei d’Berénger.

Hei kréien d’Vullen e Rank aus Aluminium, dee si am Alldag net beanträchtegt, un de Fouss gedoen. Déi agravéiert Nummer op hirem neien Accessoire gëtt am System agedroen, sou wéi och d’Gewiicht, d’Gréisst an d’Längt vun de Flilleken. Uschléissend gi si direkt nees an d’Fräiheet entlooss.

Duerch dës Moossnam ginn Daten zum Alter, Verhalen a Vullenzuch zesummegedroen, déi mat ville weidere Statiounen ausgetosch a verglach ginn.

Schlammwiss

Blobrëschtchen © Shari Pleimelding/moien.lu

Do kann een eppes léieren!

Vun der Nuechtegailchen, iwwert de Panewippchen, bis hin zum Blobrëschtchen kritt een an der Beréngungsstatioun déi eenzegaarteg Geleeënheet, sech d’Villercher emol méi no unzekucken. Souwuel bei Kanner, mee och bei Erwuessenen an eelere Persoune liichten d’Aen, wa si ganz douce iwwert de Réck heemelen, oder ee beréngte Vull fräi loossen dierfen.

Ma, hei kritt jiddwereen d’Méiglechkeet aktiv ze ginn an als Benevole matzehëllefen. Dofir muss ee keen Expert sinn – déi verschidden Nimm a Prozedure vun der Beréngung huet ee schnell intus. D’Ekipp freet sech iwwert all interesséiert Persoun a steet engem bei all Fro zur Säit. Aktuell zielt d’Beringungsstatioun ëm 50 Fräiwëlleger. Dobäi kommen ëmmer erëm Studenten, déi dës Aarbecht schnell schätze léieren. Wien emol wëlles huet bis laanscht ze kommen, dee gëtt Weekends mat oppenen Ärem empfaangen. Umelle kann ee sech am viraus beim Jim Schmitz ënnert der Telefonsnummer 621 293 695.

Uewen fannt Dir iwwregens eng Billergalerie zur Visitt vun der Schlammwiss an der Beréngungsstatioun © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics #VakanzDoheem, Äisvillchen, Aktiv, Benevolat, Beréngungsstatioun, Blobrëschtchen, Blomees, Daten, Erliefnis, Fiichtgebitt, Jim Schmitz, Lëtsch, Natur, natur&ëmwelt, Naturreserv, Nuechtegailchen, Ornithologie, Panewippchen, Schilf, Schlammwiss, Schleiereil, Vulleberéngungscamp, Vullenzuch
Next post Previous post