Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tonguecrying
Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt
Cool International Neiegkeeten

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt

No engem Joer „Donald Trump“, dat sech ervirgedoen huet duerch

Gemengewahlen: ADR huet eng kloer Linn
Cool International Neiegkeeten

Gemengewahlen: ADR huet eng kloer Linn

Mam Slogan „D‘Alternativ fir Är Gemeng“ huet déi Alternativ Demokratesch

surprise
Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen
Cool International Neiegkeeten

Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen

D’Stad Lëtzebuerg kennt e puer Evergreen-Themen. Bescht Beispill dierft do

cool

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt

De Ryszard Czarnecki, polneschen nationalkonservativen a schwéierst ëmstriddene Vizepresident vum EU-Parlament, muss wéinst engem „NAZI-Verglach“ d‘Blat botzen. Mat enger iwwerzeegender Zweedrëttelmajoritéit hunn d‘EU-Parlamentarier hien aus dem Amt gejot.

Et ass déi éischte Kéier an der europäescher Geschicht, datt en Amtsträger vum EU-Parlament entspriechend der Geschäftsuerdnung ofgewielt ginn ass. De Ryszard Czarnecki, hat déi polnesch Europadeputéiert Roza vun Thun als „Szmalcownik“ bezeechent. E Begrëff deen a Polen benotzt ginn ass, fir NAZI-Kollaborateuren ze benennen, déi Judden un de Besatzer verroden hunn.

De Vizepresident vum EU-Parlament a Member vun der nationalkonservativer PiS-Partei , war no enger Reportage op ARTE aus der Këscht gesprongen, wëll d‘Roza vun Thun doranner zum Ausdrock bruecht hat, datt seng Partei eng Gefor fir d‘Demokratie a Polen ass.

Seng Beleidegunge waren esou vehement, dat Fraktiounscheffe vun de gréissten Europaparteien de Wee fir eng Entspriechend Ofstëmmung fräi gemaach hunn. Hanner virgehalener Hand gëtt getuschelt, datt esouguer „Frënn“ him d‘Aart a Weis vum Behuelen iwwel geholl hunn, zemools wou hien sech kategoresch geweigert huet seng Wierder zréck ze huelen.

D‘Roza vun Thun begréisst d‘Reaktioun vum EU-Parlament: „Ëffentlech Beleidegungen, besonnesch an dëser Form, sinn net ze toleréieren“. Et wier zudeem gutt feststellen ze dierfen, datt enorm vill Mënschen, och a Polen, d‘Behuele vum Ryszard Czarnecki veruerteelen.

Wann een dann elo d‘Entscheedung vun EU-Parlament begréisse muss, an esou en abscheileche Personnage säi Stull vrun d‘Dier gestallt kritt huet, esou muss een dann awer och dierfe bedaueren, datt hien als Deputéierte wieder säin Onwiesen dierf dreiwen. Wann esou Beleidegunge mat der entspriechender Konsequenz „bestrooft“ ginn, sollt et méiglech sinn och säi Mandat opzeléisen.

Et ass da wuel ee wichtegen an noutwennege „Message“ deen d‘EU-Parlamentarier un all déi geriicht hunn, déi sech alles erlabe wëllen. Mee et ass een deen net verhënnere kann, datt si bis zum Enn vun hirem Mandat, och weider hir Frechheeten onbehellegt zum Ausdrock brénge kënnen.

mat AFP

Foto: By Adrian Grycuk (Own work) [CC BY-SA 3.0 pl]

Ähnlech Sujeten EU-Parlament, Roza vun Thun, Ryszard Czarneck, Szmalcownik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel