Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Istanbul: Oppositioun vereent sech géint d‘AKP
International Neiegkeeten WTF

Istanbul: Oppositioun vereent sech géint d‘AKP

No der Annulatioun vun de Wahlresultater huet sech d‘Oppositioun an

Den Islamesche Staat huet den Uschlag vu Léck revendiquéiert
International Neiegkeeten WTF

Den Islamesche Staat huet den Uschlag vu Léck revendiquéiert

Eis belsch Noperen hunn um Mëttwoch den zwou Polizistinnen an

Dëse Samschdeg: Fat White Family an der Kulturfabrik
International Neiegkeeten WTF

Dëse Samschdeg: Fat White Family an der Kulturfabrik

Indie Rock Fans opgepasst: Wien dëse Weekend nach näischt vir

surprise

Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland

Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland

No iwwer 18 Joer un der Muecht, symboliséiert de Vladimir Putin de Retour vu Russland an déi éischt Rei vun der internationaler Weltpolitik. Dat allerdéngs zum Präis vu „Spannungen“ mam Westen an engem däitleche „Réckgang“ vun de Mënscherechter.

Um haidege Méindeg iwwerhëlt de Vladimir Putin säi véiert Presidente-Mandat. Hie war den 18. Mäerz bei de Wahle mat iwwer 76% als „Papp vun der Natioun“ bestätegt ginn. An esou behält hien d‘Schlëssele vum Kreml op mannst bis 2024. Dann ass de Vladimir Putin 72 Joer al.

No enger „Carrière“ als Offizéier vum sowjetesche Geheimdéngscht KGB, hat de Vladimir Putin 2000 d‘Nofolleg vum Boris Nikolajewitsch Jelzin ugetrueden. Hien huet eng Natioun iwwerholl déi um Buedem geleeën huet, politesch onstabil a wirtschaftlech ugeschloen.

An d‘Majoritéit vun de Russen hunn hie begréisst. De Vladimir Putin war fir vill Leit de Mann vun der Stabilitéit, de Messias dee Russland nees staark gemaach huet. En Erfolleg deen och dorops opgebaut war, datt hie aus de Pëtrol- a Gasreserve Profit konnt schloen.

De Präis vum „Erfolleg“

Seng Muecht awer, déi huet de fréiere KGB-Offizéier gefestegt, an deem hien d‘Mënscherechter „ëmgaangen“ huet. An dem Mann, deen den Ënnergang vun der Sowjetunioun als déi „gréisste geopolitesch Katastroph vum 20. Joerhonnert“ bezeechent huet, ass d‘Erneierung gelongen.

No der chaotescher Jelzin-Ära, huet et de Vladimir mat vill Gedold an nach méi Sturheet verstanen, d‘Schwächte vu senge Géigner zu eegene Virdeel ze notzen. Hie war ugetruede mam Zil endlech Amerika „erëmzekréien“ an ze „iwwerhuelen“. Den éiwege russesche Wonsch, vun der Sowjetzäit.

An um Beispill vu Syrien ass ze gesinn, datt Ausdauer an Iwwerzeegung zu engem – wann och zweiwelhaften – Erfolleg féiere kënnen. Mat der militärescher Interventioun 2015 an der Ënnerstëtzung vum Baschar al-Assad, huet hien sech geostrategesch gutt opgestallt, an der westlecher „Allianz“, ugefouert vun den USA, bewisen, datt Russland nees „do“ ass.

2014 hat sech de Vladimir als „Restaurateur“ vu „Grouss Russland“ presentéiert. Hien huet seng Elite-Zaldote géint d‘Ukrain agesat a sech d‘Krim gekroopt. Mat engem „Referendum“ huet sech déi pro-russesch Bevëlkerung fir den „Uschloss“ ausgeschwat. Kiew an de „Westen“ haten dëse wuel als „illegal“ bezeechent, mee haut ass gewosst, d‘Krim war, ass a bleift russesch.

Un allem Schold

Eng deemools vun Experten als „gewot“ bezeechent Aktioun, déi him awer op nationalem Niveau immens vill Zousproch bruecht huet. Et hat zudeem zu der bis ewell gréisste Kris tëscht Russland an dem Weste gefouert, säit Beendegung vum „kale Krich.

De „Westen“ gëtt sech es dann och net midd, Moskau ze beschëllegen, eng separatistesch Rebellioun militäresch ze ënnerstëtzen. De Kreml wéist d‘Uschëllegungen natierlech zréck. Hei ass dann och eng geopolitesch „Patt-Situatioun“ entstanen, déi mat Sanktiounen ne ze léisen ass.

Zu de Spannungen an der Ukrain a Syrien, kënnt dann och d‘Beschëllegung, datt den Donald Trump nëmmen duerch d‘Amëschung an d‘US-Presidentewahl, an d‘Wäisst Haus anzéie konnt. Et ass wuel net ze beweisen, mee Moskau soll och hannert der Vergëftung vun engem fréiere russesche Spioun, dee sech a Groussbritannien néiergelooss huet, stoen.

Mee de ganze Stress deen déi westlech Allianz mat Moskau huet, konnt net verhënneren, datt Russland den Zouschlag krut fir d‘Weltmeeschterschaft am Fussball auszedroen. En Fait deen dem Sportpassionéierte President gutt zu Gesiicht steet, a Russland als „Sport-Natioun“ bestätegt.

An dobäi schéngt et irrelevant, datt Russland, Organisateur vun den olympesche Wanterspiller – déi deierst an der Geschicht – um Schwaarze Mier zu Sotschi, um Enn beschëllegt ginn ass, den Dopping institutionaliséiert ze hunn. Esou zumindest de Fazit aus dem McLaren-Bericht.

Ugrëff ass déi beschte Verdeedegung

De Vladimir Putin ass de 7. Oktober 1952 an enger Aarbechterfamill op d‘Welt komm. Déi huet an engem Zëmmer vun engem „kollektiven“ Appartement zu Leningrad (haut Sankt Péitersbuerg) gelieft. An dem Vladimir Valdimirovich Putin war keng politesch Carrière virauszesoen.

„Ech kommen aus ganz einfache Verhältnesser, an hu ganz laang an dësem sozialen Ëmfeld gelieft“, erzielt de russesche President op enge russeschen Internetsite, dee senger Biographie dediéiert ass. An aus dëser Jugend an de Stroosse vu Leningrad, huet hien eng grouss Léier gezunn: „Wann dem Kampf net auszewäichen ass, muss een als éischten zouschloen“.

Mat engem Diplom a Rechtswëssenschaften an der Täsch, engagéiert sech de Vladimir Putin am KGB. Hei gëtt hien zum sougenannten Ausland-Agent ausgebilt, an vun 1985 bis 1990 zu Dresden agesat. Beim „Zesummebroch“ vun der Sowjetunioun, gëtt de Vladimir Beroder fir auswäerteg Ugeleeënheet vum neie liberale Buergermeeschter vu Sankt Péitersbuerg.

Vun do un ass bestänneg „Bierg op“ gaangen. 1996 gëtt hien an de Kreml beruff, an 1998 iwwerhëlt hien den FSB (den Inlandsgeheimdéngscht vun der russescher Federatioun a Nofolger vum KGB). 1999 huet de Boris Jelzin hien zum Premierminister ernannt, an sech esou en Nofolger ginn.

De Jelzin a säin deemolegen Entourage war begeeschtert vun der Diskretioun an der Effikassitéit, vun dësem „aussergewéinleche“ Personnage. Et hat dann och Leit ginn, déi sech virgestallt haten, den „Neien“ liicht manipuléieren ze kënnen. Eng Rechnung déi net sollt opgoen.

Streng an ongerecht

Eent vun den éischten Ziler, déi sech de Vladimir Putin gesat hat, war d‘Autoritéit vun der Regierung nees hierzestellen. Hien huet d‘Vertikalitéit vun der Muecht festgeluecht, wat näischt anescht bedeit, wéi datt a leschter Instanz ëmmer hie bestëmmt a Recht huet.

Hien huet sech als den „Haarden“ presentéiert an eng Aart Persounekult bedriwwen. Esou um Beispill vun Tschetschenien: 1999 no enger Serie vun Attentater, huet hien den zweeten tschetschenesche Krich ageleet. E bluddege Konflikt, deen sech och duerch d‘Exactioune vun der russescher Arméi, an dem blanne Bombardement vu Grozny ausgezeechent huet.

Vladimir

Um Samschdeg hat et zu Sankt Péitersbuerg eng net erlaabte Manifestatioun géint de Vladimir Putin ginn. 1.200 Leit an de Leader vun der Oppositioun, Alexeïj Navalny si verhaft ginn. De Navalny soll nach an dëser Woch viru Geriicht gestallt ginn. © Olga Maltseva/AFP

Dat huet hien awer bei de Russe beléift gemaach, a him de Ruff als „een deen zoupake kann“ abruecht. Wéi de Boris Jelzin Enn 1999 demissionéiert huet, an säi Premierminister als Successeur „bestëmme wollt“, hat deen sech schonn als neie „staarke Mann“ imposéiert.

Hien ass dann och am Joer 2000 ouni gréisser Oppositioun gewielt ginn. Hie festegt seng Muecht an deem hien sech op déi bestoend autoritär Strukturen (Geheimdéngscht, Police an Arméi) gestäipt huet. Och säin direkt Ëmfeld zu Sankt Péitersbuerg huet vill derzou bäigedroen.

Vu deene wou protestéieren an Oligarchen

Déi éischt, déi de Vladimir Putin op d‘Plaz stellt sinn d‘Oligarchen. Déi „Geschäftsleit“ déi hire Räichtum op der Privatsiséierungswell vun den 90er Joren opgebaut haten, woubäi et seelen „korrekt“ ofgelaf soll sinn. Hie schléisst déi Leit vum politesche Prozess aus.

Wien sech vehement dogéint strieft, wéi beispillsweis de Patron vun Ioukos, de Mikhaïl Khodorkovski, lant am Prisong. No zéng Joer Haft gëtt hien 2013 begnodegt. Haut bedreift den Oligarch eng oppositionell „Kommunikatiounsplattform“.

De Kreml bréngt och d‘Televisiounschaînen op „Linn“, deenen hire „fräien Toun“, deen se sech an de 90er ugëeegent haten, gestéiert huet. Zanterhier, steet de „klengen Ecran“ am Déngscht vum russesche President.

Well déi Russesch Verfassung d‘Amt vum President op zwee konsekutiv Mandater beschränkt, huet de Vladimir Putin 2008, säi Premierminister Dmitri Medvedev „agesat, an iwwerhëlt selwer als Premier d‘Regierung. 2011 kënnegt hien dann och säi „Retour“ un. Woubäi an Tëschenzäit d‘Dauer vum Mandat op sech Joer verlängert ginn ass.

Dat hat ville Leit net gefall, an e gréisser Protestmanifestatioune mat sech bruecht. Eng Mobilisatioun déi no senger Wal 2012 ofgeholl huet. D‘Schrauf ass dann awer bäigedréit ginn. Dat mat Gesetzer déi vun der Oppositioun als Beschränkung vun de Fräiheete bezeechent gi sinn. All ëffentlech Protester sinn dann och Zolidd niddergeschloe ginn.

Interessant um Personnage „Putin“ och d‘Diskretioun wat säi Privatliewe betrëfft. Papp vun zwee Meedercher a säit 2013 gescheet, gëtt hie sech gären als „einfache Mann“. Een deen en einfacht Liewe féiert, historesch Romaner a klassesch Musek gären huet.

Anersäits stellt hien sech gären – a Medienträchteg – an déi „éischt Rei“. Hie weist der Welt, datt hien säin 8 Dan am Judo verdéngt huet, reit mam bloussen Uewerkierper um Päerd duerch d‘Taïga, oder läscht e Bëschbrand als Pilot vun engem Läschfliger. Hien ass deen, wou d‘Saache mat zwou Hänn ugeet, egal op et engem gefält oder och net…

mam Thibault Marchand/AFP

Foto: Wat stécht wierklech an dësem Mann, dee wéi kaum en aneren seng Muecht gefestegt huet. Am Weste politesch staark ëmstridde, huet de Vladimir Putin awer och hei seng „Unhänger“. © Alexei Druzhinin/Sputnik/AFP

Ähnlech Sujeten Alexeïj Navalny, Russland, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel