Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat aalt geet an dat neit kënnt…
Auto Neiegkeeten

Dat aalt geet an dat neit kënnt…

Silvester, esou déi gängeg Behaaptung, ass op der ganzer Welt

Appell un d’Komponisten: ee musikalesche Concours fir dem Grand-Duc säi Gebuertsdag
Auto Neiegkeeten

Appell un d’Komponisten: ee musikalesche Concours fir dem Grand-Duc säi Gebuertsdag

Musikalesch Talenter opgepasst: Am Kader vun der Gebuertsdagsfeier vu senger

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven
Auto Neiegkeeten

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven

Bei déi lénk, ass een nach ëmmer op der Sich

Eng bedreeten Aart: d‘Voiture (Analys)

No der Annonce vum Mobilitéitsminister, d‘Autostaxen „unzepassen“ ginn d‘Garagisten op d‘Barrikaden

Eng bedreeten Aart: d‘Voiture (Analys)

Vum 1. Mäerz un, esou de Mobilitéitsminister François Bausch (déi gréng), ginn d‘Ofgaser vun de Gefierer net méi no der NEDC-Norm, mee laut WLTP-Norm gemooss, wat sech dann och soll op d‘Autostax auswierken. Gëschter huet sech „d‘Haus vum Automobil“ (HOA) dozou positionéiert.

Nom Klimaplang mat sengen ufänglechen 20 Euro pro Tonn CO², kéint sech derzou verleede loossen unzehuelen, datt och d‘Revisioun vun der Autostax eng „Klimamoossnam“ ass. Deem ass net esou an dat hat de Minister och direkt zu Ufank vun der Presentatioun kloer gestallt. Hie handelt et sech ëm eng Äntwert op dee vu VW ausgeléisten Dieselgate. Et soll net méi gefuddelt ginn.

Elo kann ee Versteesdemech fir d‘Garagisten, also eigentlech nëmmen d‘Autoshändler hunn, déi beim Verkaf vun engem Gefier stënterlech missten „éierlech“ ginn, firwat si op emol och dem Client missten „nolauschteren“ an dësem en aneren Auto verkafe sollten, wéi si dat eigentlech am Sënn hunn. Woubäi den „normale“ Konsument fir „d‘Haus vum Automobil“ net de Problem ass.

Laut dem HOA géif sech dës Mesure, déi schonn a ville Länner ugewannt gëtt – dorënner grad eben och Däitschland wou VW doheem ass – negativ op de Secteur auswierken. A wéi gesot et geet hei net an éischter Linn ëm de Bierger dee sech eng nei Voiture leeschte wëll. Et geet ëm d‘Betribsween déi laut HOA 47% vun allen neien Immatrikulatiounen an 23% vum Fuerpark ausmaachen.

Wie fuddelt kann net och nach belount ginn

Fir den Direkter vun ARVAL Lëtzebuerg (dat d‘Leasingsgesellschaft vum Grupp BNP Parisbas) a Member vum HOA, Gerry Wagner, geet hei och ganz kloer ëm ganz eegen Interesse wann hie seet: „Et muss erlaabt sinn sech iwwert de reell erwaarten Impakt vun dëse Moossname Froen ze stellen. Unzehuelen, datt mat enger méi héijer Besteierung vun de Gefierer, d‘Leit sech fir eng méi Propper Voiture géifen entscheeden, entsprécht net de Realitéiten“.

Hien huet dann och „gerechent“ a fënnt eraus, datt en Diesel-Auto, deen no NEDC-Norm mat 120g/Km CO²-Ausstouss, mat der neier Norm op 154g/Km CO²-Ausstouss Opweises hunn. Dat bedeit dat d‘Tax vu 86 Euro op 166 klëmmt, a „merde alors“ da kann sech dach net ugoen. An elo gëtt et bosseg: hien ënnerstellt engersäits der Regierung de Konsument iwwert de Leescht ze zéien, betount awer och datt déi 100 Euro beim Kaf vum Auto net an d‘Gewiicht falen.

An eigentlech ass dem Leasing-Expert de Salarié deen eng Voiture brauch och egal, fir seng Firma spillt dee kaum eng (finanziell) Roll. Nee säi Problem besteet doranner, datt d‘Betribsween esou an eng defavorabel Kategorie rëtschen an d‘Taxatioun tëscht 1,5% an 1,8% an d‘Luucht geet. Mee wat wëlls de dann och maachen, wann d‘Voiture méi Dréck mécht wéi vum Hiersteller uginn?

Et geet ëm déi sakrosankt sozial Gerechtegkeet

An elo gëtt et hefteg: „D‘Betribsween maache ronn d‘Hallschent vun den Immatrikulatiounen zu Lëtzebuerg aus, vun deenen nach emol d‘Hallschent de Frontalieren zerguttst kommen. De Betribswon ass kee gratis Kaddo. Deen ass am Gehalt vum Salarié agebonnen, an dee ka wielen, ob hien den Auto oder d‘Geld wëll hunn. Wann den Auto haut nach e steierleche Virdeel duerstellt, da geet dësen Avantage mat der Mesure verluer, an de Salarié huet keen Interêt méi drun sech fir ee Betribswon ze entscheeden. Hie wäert säin Auto also nees am Ausland, bei sech doheem, kafen. Hien wäert dësen auto dann och méi laang fueren, wéi deen, wou hie vum Betrib kritt huet“.

Woaw datt ass krass, huet awer och de Virdeel esou explizit wéi éierlech ze sinn. A vläicht wieren si am HOA gutt berode gewiescht de Statement am Virfeld ofzespriechen. Mat dësem Argument geet et eenzeg an eleng ëm den Erhalt vum Ëmsaz, also de Profit vun de Leasingfirmaen, déi sech bis ewell gutt vun dësem System erniert hunn. Mee et kënnt nach besser…

De Gerry Wagner, en ausgewisene Klimaexpert, huet och drop higewisen, datt entgéint der geleefeger Meenung, d‘Betribsween signifikativ zur CO²-Emissiounsreduktioun vum Lëtzebuerger Fuerpark bäidroen. Dat well dës Gefierer all dräi Joer „ausgewiesselt“ ginn an e renouvelléierte Fuerpark ben zu dëser gewënschter CO²-Emissiounsreduktioun bäidréit. Och datt ass eng 100% finanziell ausgeluechten Argumentatioun, déi just op den Ofsaz aus ass. Mee et geet weider…

Beim Grupp BNP Parisbas huet een net nëmmen de renge Leasing an deen doduerch erziilte Profit am A, hei gesäit een dat grousst Ganzt an de Gerry Wagner stellt dozou fest: „Wann de Frontalier säi Gefier am Ausland keeft, bezilt hien do seng Steieren, seng Assurance an och den Entretien. All dëst Geld geet Lëtzebuerg verluer“. Dat ass sécher richteg, weist eis awer och, wéi HOA sech fir d‘Groussregioun asetzt. Ass jo och schlëmm, datt d‘Garagisten an den Nopeschlänner och Autoe verkafen an ënnerhalen.

Vum Rechnen an de Mëllechmeedercher

Wann och nach ugefouert gëtt, datt den Alter vun de Gefierer am Schnëtt bei 8 Joer fir d‘Belsch an Däitschland an bei 9 Joer fir Frankräich geleeën ass, géintiwwer 6 Joer zu Lëtzebuerg, da seet dat absolut guer näischt iwwert de Karbon-Foussofdrock vun de Gefierer aus. Elo stëmmt et wuel, datt en neien Auto (am Prinzip) sollt de neien Ëmweltstandarde Rechnung droen an dat net nëmmen um Pabeier, mee seng Hierstellung verursaacht och CO²-Emissiounen, an dat net ze knapp.

Emol ganz dovunner ofgesinn, datt déi Gefierer déi „all dräi Joer erneiert ginn“ jo net um Schrott landen, mee natierlech exportéiert ginn, a generell eng Liewensdauer vu ronn 10 Joer hunn. Dofir ass dat gehechelt Klimaverständnis vum HOA de Leit Sand an d‘Ae gestreet. Hinne kann et net ëm de Klima goen, well wier dat een eescht ze huelende Problem, hätten se den „Change“ net verpennt.

Elo behaapt d‘HOA och nach mam François Bausch en Accord fonnt ze hunn, an deem 2020 als Transitiounsjoer genotzt gëtt, fir d‘Implementatioun vun der neier Norm ze erméiglechen, an dat an de beschte Konditiounen (also esou datt ARVAL & Konsorte weider maximal Profitter generéieren) fir esou Wee fräi ze maache fir déi Gefierer mat wéineg bis 0-Emissiounen, déi déi disponibel Offer vun 2019 vervollstännege soll an den alternative Motorisatiounen, déi 2021 erwaart ginn, progressiv op de Marché ze bréngen.

Den Ernest Pirsch, Spriecher vum Haus vum Automobil, stellt sech och d‘Fro firwat de Minister dësen Accord zréckgezunn huet. Dat géif just de Konsument duerchenaner maachen et géif dee ganze Marché a Fro stellen. An dat justement zu engem Zäitpunkt wou 60 nei Modeller mat alternative Motorisatioune sollen agefouert ginn. Ons Nofro, ob et zu dësem „Accord“ eppes Schrëftleches gëtt a wéini dësen zustane komm ass, a firwat net kommunizéiert ginn ass, konnt de Mann vun der HOA net äntweren.

Zudeem dierf nach ënnerstrach ginn, datt entgéint den Usiichte vum Haus vum Automobil, de Konsument laang net esou domm ass wéi sech dat vum Verband vun den Autoshändler gewënscht gëtt. Zum anere muss nach emol däitlech drop higewise ginn, datt hire Problem doranner besteet, net méi an der Lag ze sinn, déi ganz lukrativ Geschäfter mat de Betribsween ofzewéckelen. De Protest vum Haus vum Automobil huet an absolut kenger Hisiicht eng sozial Komponent.

mam Laure Schlesser (dat mam ëffentlechen Transport op d‘Plaz lauschtere war)

Foto: Jim Semonik / Pixabay

Ähnlech Sujeten Accord, ARVAK, Auto, BNP Parisbas, Haus vum Automobil, HOA, Leasing, Voiture
Nächsten Artikel Virrechten Artikel