Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg
https://moien.lu/free-quick-dating-sites/ Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-site-in-africa/

Wäit fort vun de blénkege Gebaier vum Kierchbierg an de

boyfriend lying about online dating
https://moien.lu/free-quick-dating-sites/ Neiegkeeten

Nouvelle vun der Aarbechtsfront

Dat huet et well laang net méi ginn an dofir

Bloalge-Pescht op der Musel
https://moien.lu/free-quick-dating-sites/ Neiegkeeten

Bloalge-Pescht op der Musel

Wéi de Gesondheetsministère matgedeelt huet, ass nom Stauséi (Uewersauer) a

Voll an Aktioun um Koll an Aktioun

Och dëst Joer wousst de Festival nees seng Besicher ze verzauberen

Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
"Les Géants de Galapagos": Déi Grouss musse struewelen, déi Kleng hunn hire Spaass © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Hei ass gestruewelt ginn! Bei de "Rise vu Galapagos" konnte sech Grouss a Kleng ameséieren © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Animalium © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Spannend Geschichte vu längst ausgetuerwenen Déiere gouf et am Animalium ze héieren © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Leen © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Leen © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Gekniwwels bei de Kniddelen. Nieft hausgemaachte Kniddelen ass et hei och Wäinzoossiss ginn. © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Broc'N'Roll Circus © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
D'Multitalenter vum Broc'N'Roll Circus woussten op deenen zwee Deeg ze iwwerzeegen. Schued, datt hiren éischten Optrëtt um Samschdeg duerch de Reen huet missten ënnerbrach ginn. © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Broc'N'Roll Circus © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Broc'N'Roll Circus © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Broc'N'Roll Circus © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Broc'N'Roll Circus © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Beim Schmatt © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
"Ghost town" vum Sana Murad © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Eat'N'Beat - Sandwichen a Musek © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Eng duerchaus sympathesch Equipe huet sech vun Ell op de Koll an Aktioun gemaach an och zur flotter Ambiance vum Festival bäigedroen © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
El Loren mat selwer gebautem Instrument © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Ilgen-Nur © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Linn Koch-Emmery © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
En aalt Handwierk gëtt hei nach eemol opliewe gelooss. © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Intergalactic Lovers © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Serge Tonnar & Legotrip © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
Den Eric Falchero als musikalesch Allzweckwaff vum Serge Tonnar & Legotrip © Melvin Hatto/moien.lu
Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
© Melvin Hatto/moien.lu

Et ass en anere Festival, wéi een dat soss hei zu Lëtzebuerg kennt. De Koll an Aktioun hat fir dat sechst Joer hannerteneen nees seng Dieren zu Uewermaarteleng um Site vum Schifermusée un der belscher Grenz opgemaach. Vill Fräiwëlleger – dorënner eng Rei Dreemer an Idealisten – hunn et de Weekend effektiv fäerdeg bruecht, d’Welt fir d’Besicher op mannst fir déi Zäit e Stéck wäit besser ze maachen.

Et ass vill a laang un der Organisatioun vum Koll an Aktioun 2019 geschafft ginn. An et sollt sech gelount hunn: De Festival wousst och dëst Joer nees virun enger impressionnanter Kuliss vum historesche Schifermusé zu Uewermaarteleng d’Besicher ze verzauberen. An enger heemeleger Atmosphär hu Frënn, Familljen an Onbekannter zesummefonnt an zu enger flotter a friddlecher Stëmmung bäigedroen. Säit Bestoen 2014 deet de Koll an Aktioun sech duerch dat besonnescht Zesummespill tëschent Musek, Kultur, Iessen a Familljefrëndlechkeet ervir – dëst stets am Respekt zur Natur, Ëmwelt an dem Mënsch.

De Programm vum dësjärege Festival hat och nees eppes fir Jonk an Al ze bidden – sief et Optrëtt vun nationalen an internationale Museksgruppen, droleg Kostümer an Animatiounen oder kulinaresch Highlights. Virun allem e Sonndeg op Mammendag ware vill Famillje mat hire Kanner do.

Koll an Aktioun 2019

© Melvin Hatto/moien.lu

Sécherheetspersonal weist sech iwwerrascht

No enger zolitter Reeschauer beim Start um Samschdegnomëtten huet d’Sonn sech dunn awer mat engem breede Grinse gewisen. An esou koum et, datt lues a lues – passend zum heemeleg gemittlechen Naturell vum Festival – ëmmer méi Leit agetrudelt sinn.

Zwar hat d’Kollibri A.s.b.l., senges Zeechens Veranstalter vum Koll an Aktioun, e gutt gefëllte Programm op d’Bee gestallt, allerdéngs ass et engem zu kengem Moment sou virkomm, wéi wann dësen iwwerluede gewiescht wier. D’Concerte ware beispillsweis esou placéiert, datt déijéineg, déi keng verpasse wollten, och näischt verpasst hunn. Dogéint konnt ee sech och mol op sëlleche Plazen zréckzéien an et méi gemitterlech ugoe loossen. Jiddereen a sengem Rhythmus a jiddereen esou, wéi ëm de Schniewel gewuess ass. Dat ass wuel mat ee vun de Grënn vun der eenzegaarteger Atmosphär vum Festival – jiddereen ass wëllkomm a jidderee fënnt seng Plaz.

Koll an Aktioun 2019

Broc’N’Roll Circus © Melvin Hatto/moien.lu

Sou war dann och d’Sécherheetspersonal liicht iwwerrascht – ass een esou ee rouegen Aarbechtsweekend seele gewinnt. Beandrockend dann nach, wéi propper et wärend dem ganze Weekend um Site war. Obwuel een nëmmen e puer Poubellen hei an do erblécke konnt, sou louch sou gutt wéi néierens Knascht um Buedem. Och Zigarettestëmp ware sou gutt wéi keng um Buedem ze gesinn.

Dat weist, wéi integer de Veranstalter ass an datt dëst vun de Besicher respektéiert an och virgelieft gëtt. Eigentlech esou, wéi ee sech dat op all Plaz an allen Evenementer wënscht.

An eiser Foto-Galerie sinn Andréck vum Festival-Weekend festgehalen.

Opmaacherfoto: © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Koll an Aktioun, Koll an Aktioun 2019, Kollibri, Schifermusée, Uewermaarteleng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel