New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement
Eréischt 2 Joer ass et hir, datt den New Horizons
Säit en Freideg hunn d‘Schëffer „Ocean Viking“ an „Alan Kurdi“
Mat ronn 48% Awunner (STATEC) déi net d‘Nationalitéit vum Land
Um Weekend war um Scheierhaff zu Zolwer d‘Coupe de Luxembourg an d‘Coupe de la Féderation am elektroneschen Darts. Iwwerzeege konnten hei virum allem den DC Pirates an BD Fond, déi sech op den éischten zwou Plazen erëmfonnt hunn. Eng Spannend Geschicht, déi kéngem Team ee Feeler verzien huet.
An der Coupe de la Fédération haten d‘Sportler vum ADC McLibre d‘Nues vir. Mam Concours zu Zolwer geet dann och eng laang Saison op en Enn. Fir d‘Veräiner, déi gréisstendeels an de Bistroen uechter d‘Land hir Mätscher ausdroen, eng verdéngte Paus iert et am Oktober nees drëms geet sech géigesäiteg de Bass ze halen.
D‘Resultater:
1. DC Pirates
2. BD Fond
3. Darts United
4. Triple Twenty
Wann et u sech och einfach ausgesäit, et war nawell zimlech spannend tëscht de Jongen an nëmmen dee mat de beschten Nerven an de rouegster Hand trëfft (© Martine de Lagardère/moien.lu)
1. EDC McLibre
2. Flying Bulls
3. Pipa Darts
4. Troubleshooters
Wëll d‘Ausspille vun de Coupen d‘Veräiner zesummeféiert, ass dat och eng gutt Geleeënheet fir virun der Präisiwwerreechung déi obligatoresch Generalversammlung ofzehalen. Déi geet gewinnt schnell iwwert d‘Bühn, wouvunner mer ons dann och selwer iwwerzeege konnten.
D‘Generalversammlung huet de President Adrien Greisch opgemaach. An senger Usproch huet hien drop higewisen, datt et alt nees Héichten an Déifte ginn huet. D‘Saison war un a fir sech wéi déi vum leschte Joer. Positiv ze bewäerte war d‘Presence op der Hierschtfoire um Kierchbierg wou eng Rees op London verspillt ginn ass.
De Sportdirekter Marc Müller huet ee kuerze Bilan gezunn. Aus deem war ze erfueren, datt sech a véier Divisioune 50 Equippe géinteniwwer stoungen. Dovunner hunn der zwou am Laf vun der Saison opgehalen. Insgesamt gëtt et 488 lizenzéiert Spiller am Land.
Eng helle Wull u Coupe sinn no engem kompetitiven Tournoi verdeelt ginn. Heibäi och déi vum Enn vun der Saison an den ënnerschiddlechen Divisiounen an eenzel Ranking‘en. (© Martine de Lagardère/moien.lu)
Vum Sportsgeriicht waren d‘Noriichten dann net esou prickelnd. De Max Dorisotto huet sech mat senge véier Leit ganzer 14 mol getraff a fënnef Probleem-Dossiere missen opschaffen. Et si Strofen an Héicht vun 150 bis 300 Euro ausgeschwat ginn. Bei därege Fäll hu misse Spären ausgeschwat ginn an et sinn och Spiller mat engem Sursis beluecht ginn
De Max appelléiert un d‘Veräiner an d‘Spiller sech fir d‘Saison 2017/18 de Fair-Play nach emol an Erënnerung ze ruffen. Schlecht behuelen an Onsportlechkeet si keng Visittekaart fir ee Sport dee sech als Familljefrëndlech wëll no bausse presentéieren.
Finanziell gouf et näischt Besonnesches ervirzehiewen. D‘Cotisatioun bleift onverännert. Bei der fräier Aussproch huet de Fränk Fogel (DC Pirates) gefuerdert no der nächster Saison, d‘Coupen direkt no de Finalle vun der Coupe de Luxembourg an der Coupe de la Fédération de Veräiner ze iwwerreechen. Dat ass dunn och vum Comité ugeholl ginn.
Am Fall wou ee Spiller zwou Lizenzen huet, gëtt souwuel hien wéi och de Veräin bestrooft. Heibäi geet ëm déi Leit déi och, nieft enger Lizenz bei der „Lëtzebuerger Electronic Darts Fédération asbl“ (LEDF) och bei der „Elektronik Darts Federatioun Lëtzebuerg“ (EDFL) eng Lizenz hunn.
Der Vollstännegkeet hallwer op dëser Plaz dann nach eng Iwwersiicht vun de beschten Teams an de verschiddenen Divisiounen an eenzel Placéierungen.
Nationaldivisioun
1. Balkan
2. Darts United (A)
3. DC Pirates
Éierendivisioun
1. Dart Vaders (A)
2. Nucleo Sportinguista no Lux.
3. Besainas Clube
Éischt Divisioun
1. 7 Darts
2. Team Blitz
3. A-Team Pafendall
Zweet Divisioune
1. Barcelence Darts
2. Dart Vaders (B)
3. Check Out
D‘Aline Kerschen vu „Snake Darts“ war déi beschten Dame vun der Saison 2016/17 (© Martine de Lagardère/moien.lu)
Déi dräi bescht Dame vun der Saison waren: d‘Aline Kerschen (Snake Darts) mat 710 Punkten, d‘Patricia Preti (DC Pirates) mat 560 Punkten an d‘Tanja Zimmer (De Gëllene Léiw) 520 Punkten. Bei den Hären hunn sech ervirgedoen: den Steve Wollener (Darts United) 610 Punkten, Michel Gutt (Roude Léiw) 590 Punkten an Laurent Frisch (EDC McLibre) 470 Punkten.
Feature Foto: DC Pirates de Gewënner vun der Coupe de Lëtzebuerg presentéiert sech (© Martine de Lagardère/moien.lu)