En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 19. Juli 2020
Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge
Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge
[onionbuzz quiz-id=131][/onionbuzz] Ech weess jo net, op iech d’Lückentexter an
Déi privat Entreprise mat staatlechem Kapital, POST, weist drop hin,
Se si besonnesch. En neien Ufank. An iergendwéi ass de Rescht vun der Famill jo och dobäi, wann och just a Gedanken. Den Dag ass nawell gutt duerchgeplangt. Mir blose faarweg Loftbäll op, iesse Kuch an ameséieren eis. Ech hoffen op gutt Wieder, d’Buch Voll Natur 2 aus den Editions Guy Binsfeld spillt och eng grouss Roll bei eisen Aktivitéiten.
Et ass voller Iddien – vu Rezepter bis zu léierräichen a spannenden Experimenter ass alles dobäi. Et gëtt vill ze rätselen an z’erfuerschen. D’Kanner maache Bekanntschaft mat de véier Joreszäiten a geheien e grousse Bléck an d’Natur. Si léieren d’Geschicht vu Lëtzebuerg (an der Welt) kennen a kënnen hier Sproochekenntnisser testen – oder verschidde Begrëffer op Latäin léieren.
© camilo jimenez / Unsplash
Et sti vill Bastelideeën dran, déi drop waarde vun eis ëmgesat ze ginn. D’Buch ass fir all Altersklass, duerch déi ënnerschiddlechst Theme fënnt jiddereen dat passend! Et gi Kulturen, Déieren, Beem a Planzen ënnert d’Lupp geholl – mir hu scho vill Lieszeechen drastiechen a wäerten eis nach dacks tëscht de Säiten a Geschichte verléieren. Ech si mir sécher, dass ech och no widderhueltem Kucke vill Neies wäert entdecken.
Well mir Lëtzebuerger gären eis alldeeglech Ausdréck verhonzen, ass et flott, vill där al, vergiesse Wierder vun eiser Sprooch erëm ze begéinen. A gleeft mir, no dësem Buch grommelt Äre Mo – ech hunn elo Loscht op en Petitbeurreskuch, ma ech hunn awer keng Zäit. Mir bastelen elo e Vulkan, de Kichepabeier steet scho prett.
Ech wëll kachen a baken. Bastelen a spillen. Beem an den Aarm huelen, der Natur no sinn. Méi iwwert eis, eist Land an d’Welt gewuer ginn.
D’Liese vum Buch mécht virwëtzeg a Loscht op méi!
Opmaacherbild: © Jessica Mersch / Bichergeck
Dës Buchpresentatioun ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.
Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.
D’Redaktioun vu Moien.lu wënscht dem Gebuertsdagskand alles Guddes, ganz vill Spaass an ee super leckere faarwege Kuch!