Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dech mat Diddeleng aus?
dating sites wexford is plenty of fish a free dating site

effect of online dating on assortative mating evidence from south korea

  Diddeleng ass eng vun eise gréisste Stied. An et

https://moien.lu/ourtime-dating-cost-uk/
dating sites wexford is plenty of fish a free dating site

Bass du fit genuch fir dësen Lëtzebuergesch-Test?

Lëtzebuergesch schreiwen huet nach laang net jiddereen an der Schoul

Rendez-vous mat Äisbieren
dating sites wexford is plenty of fish a free dating site

Rendez-vous mat Äisbieren

D’Lëtzebuerger Fotografin Eilo Elvinger huet 2017 zu London bei de

Ëmmer méi Leit léiere Lëtzebuergesch. Elo kéint et zu enger offizieller EU Sprooch ginn!

Ëmmer méi Leit léiere Lëtzebuergesch. Elo kéint et zu enger offizieller EU Sprooch ginn!

Et ass eng Sprooch déi vu manner wéi 400.000 Mënsche geschwat gëtt, an d‘UNESCO bezeechent se als eng Verwondbar Sprooch. An awer erfreet sech eis „Mammesprooch“ gréisstem Zousproch, nach ni war d‘Nofro fir se ze léieren esou grouss. An dat an engem Ausmooss, deen dozou gefouert huet, datt d‘Autoritéiten driwwer nodenken sech se vun der EU unerkennen ze loossen.

„1976 hunn ech allgemeng lëtzebuergesch Sproochecourse fir Auslänner organiséiert, an haut muss een Ufroen eng Ofso ginn“, esou de 84 järege Schoulmeeschter Lex Roth, dee sech e Numm gemaach huet, mat Iwwersetzunge vum La Fontaine senge Fuebelen, Kannergeschichten an dem Asterix. An hien ass do bei wäitem net deen eenzegen, dee sech fir eis Sprooch asetzt…

Fir déi Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen, ass dann och Ufank Januar e Gesetzprojet an der Chamber deposéiert ginn. „Et ass entscheet ginn, mat den europäeschen Institutioune Verhandlungen opzehuelen, fir en Accord iwwert en administrativen Arrangement ze fannen“, esou déi schrëftlech Äntwert aus dem Educatiounsministère.

„Konkret bedeit dat, datt zukünfteg al Bierger d‘Recht hätt, sech op lëtzebuergesch un déi europäesch Institutiounen ze wennen an och eng Äntwert an dëser Sprooch ze kréien.“ preziséiert de Ministère. Hei stellt sech dann awer d‘Fro, datt wat de Bierger bei den eegene Ministèren a Gemengen net kritt, wéi hien dat vun Europa soll erhalen?

D‘UNESCO kategoriséiert eis Sprooch als vulnerabel

Laut der UNESCO ass d‘lëtzebuergesch e Muselfränkescht-Dialekt, dat vu manner wéi 400.000 Mënsche geschwat a benotzt gëtt. An hirem „Sproochatlas“ gëtt d’Sprooch als vulnerabel bezeechent. Laut dem Statec, wier lëtzebuergesch awer nach ëmmer déi éischt geschwate Sprooch am Land (55,8%) virum portugiseschen (15,7%) an dem franséischen (12,1%).

Spléckt een dat nach no Nationalitéiten op, gëtt d‘lëtzebuergesch vun 90% vun de Lëtzebuerger geschwat, mee vun nëmme vu 5% vun den auslännesche Matbierger. An déi maache bekanntlech gutt d‘Hallschent vun den Awunner aus. D‘Sprooch ass als Nationalsprooch zanter 1984 unerkannt, a sollt och als administrativ a juristesch Sprooch, nieft franséisch an däitsch dierfe genotzt ginn.

Déi Lëtzebuergesch Sprooch, déi als „Virdeel“ gesi gëtt fir zu Lëtzebuerg eng Aarbecht ze fannen, gëtt och vun de „Pole Emploi“ am Grenzgebitt ugebueden. Elo ass et dann awer eng Feststellung, datt vill Frontaliere mat dësem „Dialekt“ esou hir Schwieregkeeten hunn, a sech Franséisch als Verkéierssprooch gutt etabléiert huet.

„Déi wirtschaftlech Muecht vum Lëtzebuergeschen ass verbonne mat enger zwee Phänomener: engersäits dem politesche Wëllen d‘Sprooch ze fërderen, anersäits dem Besoin vu de Salariéeë d‘Sprooch am Alldag ze beherrschen“, esou d‘Bemierkung vum Nicolas Ragonneau, Marketingdirekter vum Verlag „Assimil“.

Bemierkenswäerten Zousproch

Am Joer 2012 hat Assimil e Konversatiounsguide verëffentlecht, dee sech an engem Joer iwwer 10.000 mol verkaf huet. „Mir waren iwwerrascht vun de Verkafszuelen, e reegelrechten Äerdrutsch ugesicht der Unzuel vu Mammesproochler, a wat nach méi ass, fir eng Sprooch déi vum Ausstierwe bedreet ass“, esou de Nicolas Ragonneau weider.

Assimil huet an Tëschenzäit zwou weider Publikatiounen erausbruecht, an eng véiert gëtt envisagéiert. Vun e puer Referenze vu lokalen Editeuren, ass d‘Zuel vun de Lëtzebuerger Léierbicher op eng zwanzeg Ausgabe geklommen, wéi et vum Grupp Ernster matgedeelt gëtt.

Sprooch

© Martine de Lagardère/moien.lu

„Et kann ee soen datt d‘Demande fir d‘Sproochemethodik zouhëlt, an esou och de Wëlle fir déi lëtzebuergesch Sproch ze léieren och stänneg progresséiert“, esou d‘Gabi Bisenius, d‘Spezialistin vun de Lëtzebuerger Publikatiounen.

E Constat deen esou och beim nationale Sproocheninstitut (INL) ersiichtlech ass: „D‘Sproochecourse fir lëtzebuergesch, besonnesch fir Ufänger, ginn direkt bei der Erëffnung vun den Aschreiwunge vun Demanden iwwerrannt“, esou d‘Direktesch, Karin Pundel. Den INL huet an dësem Kontext seng Offer tëscht 2016 an 2017 och ëm 30% erhéicht.

D‘Direktesch vum INL weist dann awer och drop hin, datt „dat neit Gesetz fir Nationalitéit ze erhalen, och e groussen Afloss op d‘Aschreiwungen huet“. Dat Gesetz, dat zanter 2017 a Kraaft ass, erlaabt eng Naturalisatioun fir Persounen, déi op mannst 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnen an eng entspriechend Kenntnis vun der Lëtzebuerger Sprooch noweise kënnen.

An et ass den INL deen sech ëm déi offiziell Prüfungen a Lëtzebuerger Sprooch këmmert. Aktuell ass den INL dann och bis Juli komplett ausgebucht. A well de Brexit sech och an eiser Sprooch néierschléit, ass festzestellen, datt d‘Zuel vun den ageschriwwene Briten zouhëlt. Hiren Undeel un de „Studenten“ bleift awer iwwersiichtlech, a läit bei 5%.

D‘Conclusioun vum Karin Pundel: „Ech denken datt et méi Leit gëtt déi op Lëtzebuerg wunne kommen, a déi sech och an d‘Gesellschaft integréiere wëllen, sech hei doheem wëlle fillen“.

mam Catherine Kurzawa/AFP

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten INL, Integratioun, Lëtzebuerger Sprooch, Nationalitéitegesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel