Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa däerf sech iwwert manner fréizäiteg Schoulofgänger a méi Diploméierter freeën
International Neiegkeeten

Europa däerf sech iwwert manner fréizäiteg Schoulofgänger a méi Diploméierter freeën

Europa huet sech fir 2020 villes virgeholl. Ee vun de

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!
International Neiegkeeten

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!

No der Propositioun vum Gesondheetsminister Étienne Schneider huet de Rot

money
Fossil Energie… fir d‘ALFI ee seriéise Wirtschaftsfacteur
International Neiegkeeten

Fossil Energie… fir d‘ALFI ee seriéise Wirtschaftsfacteur

Datt de Kompensatiounsfong vun der Pensiounskeess massiv a fossil Energien

USA: Schéisserei op Volleksfest zu San Jose

D‘Autoritéite gi vun op eelef fënnef Affer beim „Gilroy Garlic Festival“ aus

USA: Schéisserei op Volleksfest zu San Jose

E Sonndeg si bei engem vun de gréissten „Food“ Festivaller an den USA mindestens 11 Persoune bei enger Schéisserei „getraff“ ginn. Zum Zoustand vun den Affer, hunn sech d‘Autoritéite fir den Ament nach net prononcéiert.

D‘Spriecherin vum Santa Clara Medical Center, Joy Alexiou, huet bestätegt, datt si fënnef Persoune mat Schossverletzungen a Behandlung hunn. D‘Autoritéiten, dat ass hei de „Bureau of Alcohol, Tobacco, Firearms & Explosives“, hunn d‘Leedung vun den Ermëttlungen zu Gilroy (eng 30 Meile südëstlech vu San Jose) iwwerholl. De Virfall huet sech géint 17.30 Auer (Lokalzäit) zougedroen.

Laut engem Aenzeie soll et e wäisse Mann vun ongeféier 30 Joer gewiescht sinn, dee fir d‘Attack verantwortlech ass. Ob den Täter scho vun der Police konnt festgeholl ginn ass zur Stonn och nach net gewosst. D‘Police vu Gilroy huet matgedeelt datt „d‘Zeen nach ëmmer aktiv ass“, a falls Leit no Frënn a Bekannte sichen, sollten si sech beim Gavillan College um Parking versammelen.

mat indymedia/sfo

Ähnlech Sujeten Gilroy, Gilroy Garlic Festival, San José, Schéisserei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel