Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mann an der Musel erdronk
Neiegkeeten

Mann an der Musel erdronk

Fir de 45 järege Camionschauffer aus Rumänien, ass um Samschdegowend

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen
Neiegkeeten

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen

D‘Sëtzung um Krautmaart vum Mëttwoch Nomëtteg kéint een als „Formalitéit“

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen
Neiegkeeten

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen

An der hessescher Stad Hanau (bei Frankfurt am Main) sinn

Wann de Vollert d’Tramsschinne méi genee kucke wëll

Wann de Vollert d’Tramsschinne méi genee kucke wëll

Wéi d’Police matdeelt ass et an de leschten zwee Deeg nees héich hiergaangen. Vun Abréch, engem Accident ënnert Alkoholafloss oder engem ertappten Drogendealer, wéi och enger staark alkoholiséierter Persoun mat Léift zum Tram, ass d’Bichelchen nees déck gefëllt. Jo jo, de léiwen Alkohol…

Haut de Moien, kuerz no 7 Auer gouf der Police eng Persoun gemellt, déi mat e puer Promill ze vill am Blutt op der Héicht vun der Europaplaz um Kierchbierg net méi vun den Tramsschinnen opstoe wollt. Kuerz virum Antreffe vun de Beamte konnt ee Passant de Vollert vun de Schinnen zéien. Et misst ee feststellen, datt de Panzvollist sech net méi selwer op de Been hale konnt, doduerch eng Gefor fir sech an aner Persoune wier, wouduerch een hien an eng Ausniichterungszell transportéiert wollt. Net am Stand ze goen huet déi alkoholiséiert Persoun et awer nach fäerdeg bruecht d’Polizisten ze beleidegen a sech der Unuerdnung ze widdersetzen.

Am Endeffekt huet een de Fatzert an d’Spidol bruecht. No senger Entloossung huet en et nach fir néideg befonnt, engem Beamten op de Kapp ze schloen. Um Wee bei de Büro sinn d’Poliziste konstant mat Beleidegungen attackéiert a bedreet ginn. Ze domm wann een um kierzeren Hiewel setzt an elo eng Plainte op der Panz huet.

Weider Fäll vun „Ze-déif-an-d’Glas-gekuckt“

Géint 19 Auer koum et gëschter zu Wolz an der Rue Michel Thilges zu engem Accident. De Chauffeur, deen ënnert Alkoholafloss stoung, war zesumme mat senger weiblecher Begleedung ënnerwee, wou hien d’Kontroll iwwert den Auto verluer huet, an ee Bam gerannt ass an ee Gelänner mat demoléiert huet. D’Bäifuererin huet liicht Blessuren dovu gedroen an ass an d’Spidol bruecht ginn. Den Alkoholtest beim Chauffeur huet den zougeloossene Maximalwäert iwwerschratt, hie krut ee provisorescht Fuerverbuet an de Führerschäi gouf agezunn.

Bleiwe mir bei den Drogen, woubäi mir elo awer op déi illegal Substanzen iwwerginn. An der Rue Ernie Reitz zu Esch-Uelzecht ass d’Police am spéiden Nomëtteg nämlech op zwee Männer opmierksam ginn, déi sech verdächteg verhalen hunn. Wou si d’Beamte bis erbléckt haten, huet ee vun hinnen d’Flucht a Richtung Avenue de la Gare ergraff, woubäi him ee klenge Behälter mat 2 Kokainkugelen aus der Täsch gefall ass. No enger kuerzer Verfolgung konnt den Dealer schliisslech gepëtzt ginn. Bei der Kierperduerchsichung konnten d’Beamten een Handy an eng kleng Geldzomm sécherstellen.

Doheem beim Mann ukomm konnte weider 24 Kokainkugelen an een Handy fonnt ginn. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl, d’Drogen, d’Suen an d’Handye goufe beschlagnaamt. Haut ass hien dem Ënnersichungsriichter virgefouert ginn.

Abréch hei an do

Géint 19 Auer wollt sech gëschter eng onbekannt Persoun Zougang zu engem Eefamilljenhaus zu Neiduerf-Weimeschhaff verschafen. Dobäi huet den Brigang d’Fënstergitter, wéi och d’Fënster aus der Verankerung gerappt an huet d’Wunnhaus betrueden, wärend seng Awunnerin an der Kummer geschlof huet. Divers Wäertgéigestänn goufe geklaut.

Ee weideren Onbekannten huet vu gëschter op haut ee Privatgrondstéck zu Hollerech an der Rue de la Vallée betrueden, andeems en d’Fënster opgebrach huet. D’Zëmmer goufen duerchwullt, mee den Abriecher huet näischt matgoe gelooss.

Zu gudder Lescht huet sech gëschter eng Persoun zu Gaasperech an der Rue Louis de Froment iwwert de Balcon op der Récksäit vun engem Haus Zoutrëtt verschafe wëllen. Divers Wäertgéigestänn goufe geklaut. An allen dräi Fäll goufen Ënnersichungen ageleet an Plaintë gemaach.

Ähnlech Sujeten Abréch, Abriecher, Alkohol um Steier, Alkoholiséierte Chauffeur, Brigang, Drogen, Drogendealer, Kokain, Police, Promille, Tram
Nächsten Artikel Virrechten Artikel