Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
Et huet een aus den Iwwerschwemmunge vu virun zwee Joer geléiert a vill investéiert
Cool Love Sport WTF

Et huet een aus den Iwwerschwemmunge vu virun zwee Joer geléiert a vill investéiert

Et ass elo bal zwee Joer hir, datt et zu

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt
Cool Love Sport WTF

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt

No néng Méint huet den islamesche Staat (IS) Mossul verluer.

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint
Cool Love Sport WTF

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint

Fënnef Joer nodeems den iranesche President Hassan Rohani un d‘Muecht

coollovesurprise

Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall

Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall

Um Freidegowend war et dann no den Halleffinalle vun den Damen, un den Häre fir sech eng Plaz an der Finall ze sécheren. Heibäi ass ee vun de Favoritten ënnert d‘Rieder geroden, deen anere konnt säin Usproch behaapten. Mee alles der Rei no…

Sportshal Belair, et ass hallwer siwen owes an de Weekend ka lassgoen. Déi éischt Renconter a an der Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball gëtt grad ugepaff, an et stinn sech zwou Equippe géinteniwwer, déi sech eigentlech richteg gutt kennen.

Wou „mär“ sinn ass Esch

Op där enger Säit de Volley Bartreng, um Pabeier zweiwelsfräi de Favorit vum Owend, mee mat sech zréckhalende Supporter. Hinne géinteniwwer, den Escher VBC, gewinnt entspaant mee gestäipt vun deem beschte wat de Minett ze bidden huet: de Supporter-Club „icicestesch“. Gréng ass Esch, gréng ass d‘Hoffnung a gréng ass och d‘Etikett vun „eisem“ Béier.

Stëmmgewalteg an keng Grëtz manner motivéiert wéi hir Equippe, hunn d‘Supporter vum „Underdog“ sech op der Géigentribüne „breet“ gemaach, an wien en Escher ass, huet sech mat sengem grénge Shirt ze erkenne ginn. D‘Stëmmung war exzellent bis… jo bis den éischte Saz ugedeit huet wat ze erwaarde war. Et sinn der „ginn“ an zwar Zolidd.

Bei den éischte Ballwiessel huet den Escher VBC streckeweis onbehollef gewierkt, wéi ee verschidde Servicer sollt missen ëmschreiwen, muss iech hei erspuert bleiwen. Wien am Public geduecht huet, datt déi Escher Supporter elo méi „roueg“ géife ginn, ëmmerhin haten déi Bartrenger bis dohinner alles am Grëff, dee sollt eng „Leçon“ am Team-Support kréien.

Mee egal wéi se sech op der Escher Tribüne – et waren hei wuel och Bartrenger uwiesend, mee déi huet ee nëmme marginal héieren – beméit hunn, um Terrain war d‘Bild en anert. Datt um Enn vum éischte Saz da Bartreng mat néng Punkten ënnerscheet vum Terrain gaangen ass, huet eigentlech bestätegt wat d‘Experten um Pabeier haten.

Ëmmer mat der Rou

Wei et an den zweete Saz gaangen ass, war fir vill Zuschauer, mat Ausnam vun der grénger Mauer op der Escher Tribüne, kloer, dat gëtt e kuerzen Optrëtt, an um Samschdeg muss sech Bartreng an der Finall nach just vum Géigner ofsetzen. Dat sollt dann awer de falsche Gedanke gewiescht sinn, well d‘Schlaackendätscher stinn net zoufälleg an der Halleffinall.

Pabeier ass gedëlleg, e Minettsdapp stiermt dogéint éischter no vir – virun allem wann do ee Comptoir steet – a gëtt sech eréischt da geschloe wann den Deckel drop an d‘Mass gelies ass. Et ass op Escher Säit dann och ëmmer manner Feeler gemaach ginn, de Block huet sech de Bartrenger entgéint gestäipt an d‘Attack huet déi Lächer déi hinne gebuede goufen och getraff.

Coupe

Den Arnaud Maroldt huet déi Lächer genotzt déi him vu Bartreng ugebuede gi sinn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mat 25-18 fir d‘Jonge vum Escher VBC ass den zweete Saz op en Enn gaangen, an d‘Stëmmung op der – nach ëmmer – Escher Tribün war konstant gutt. Op Bartrenger Säit, huet den Trainer Andrey Gorbachev op seng Spiller ageriet, se gefuerdert, mee et ass eng „Coupe“ an do kann och emol eng Equippe wéi Bartreng e Saz ofginn. Et war een also nach net „besuergt“…

Dat sollt sech dann am – scho bal – decisiven drëtte Saz dann änneren. An der Hal huet een nëmmen déi Escher Supporter héieren, an datt se den zweete Saz schonn zimlech Souverän fir sech entscheet haten, huet d‘Spiller befligelt. Motivéiert wéi dem Charel seng Kaz wann d‘Frigosdier opsteet, hunn déi Escher de Bartrenger keen, awer guer kee Kaddo gemaach.

A dunn awer „Bäämmm!“

Et ass hin an hir gaangen, kengem wollt et geléngen sech „ofzesetzen“, all Auszäit ass genotzt gi fir de géigneresche Spillfloss ze briechen. Strategie war vun den Trainer gefrot, d‘Taktik um Spillfeld hunn awer d‘Spiller bestëmmt. Bartreng mat Talenter wéi dem Petko Tunchev oder dem Eric Weber, huet dann awer just „matgehalen“.

Wéi et zum Schluss vum drëtte Saz 28-26 zu Gonschte vun Esch stoung, waren se op der – jo nach ëmmer – Escher Tribün aus dem Haischen, an dat mat Recht. Déi Escher ware grad derbäi fir d‘Iwwerraschung vum Owend ze suergen, an de Bartrenger den Dicks ze béien. Déi Bartrenger Supporter hu wuel hie Stëmmen erhuewen, mee et huet scho gutt misse lauschteren…

Iert et an den entscheedende véierte Saz gaangen ass, huet de Coach op Bartrenger Säit nach eppes méi „vehement“ op seng Spiller ageriet, et ass ewell däitlech méi gestikuléiert ginn. Dee war mat der Aart a Weis wéi seng Männer sech um Terrain beholl hunn, sichtlech onzefridden. 110% ware gefuerdert, a verschiddener hunn et grad esou op 80% Leeschtung bruecht.

An da kënnt et wéi et komme muss. Wanns du engem Escher de Pitcher op den Dësch stells, da kanns de sécher sinn dat hien deen och eidel mécht. An esou sollt et dann och am véierte Saz goen. Gutt Bartreng huet sech gewiert, war awer moralesch net méi an der Lag d‘Situatioun ëmzedréinen. Mat 25-21 huet den Escher VBC de Saz an d‘Halleffinall fir sech entscheet.

Jo mee so emol…

Wat op der Escher Tribüne lass war, wéi da bis endgülteg fest gestanen huet datt et nëmmen een Esch ka ginn, kann ee am beschten esou ëmschreiwen: Wann um Belair d‘Dieren opgestanen hätten, hätt een och ouni Radio, Tëlee oder Internet zu Esch gewosst, wéi de Match ausgaangen ass. Gehofft a gewënscht haten se sech et jo, a verdéngt, ugesicht de Leeschtung, ass et allemol.

Coupe

D‘Maskottche vum Escher VBC an vill ganz trei Supporter haten et verstanen sech „bemierkbar“ ze maachen. © Martine de Lagardère/moien.lu

A well d‘Spiller an den Trainer sollen a Rou op den haidegen Dag kucken, hu mir den Escher Expert Steve Faltz ëm eng kleng Analys gebueden. Hie konnt eis da bestätegen, datt et mat de Servicer am éischte Saz éischter „net esou gutt“ war, d‘Equippe vum Trainer Laurent van Elslande dunn awer am zweete Saz spillbestëmmend virum Filet gestanen huet.

De Steve Faltz huet awer betount, datt déi Bartrenger hinne „gutt leien“ an et haaptsächlech dorëms gaangen ass, déi Chancen déi engem gebuede gi sinn och ze notzen. Op een déi absolut nennenswäert Leeschtung elo och géint de Finalist VC Fenteng ka mathuelen ? De Steve Faltz hält dat net fir onméiglech: „Mir kënnen et mat Rou ugoen, muer ass et Fenteng déi musse gewannen!“

Op Bartrenger Säit war ee verständlecherweis net esou ganz zefridde mam Resultat. Eng Halleffinall ass nu emol awer kee Kannergebuertsdag… Hei war et dann och den Trainer Andrey Gorbachev, deem d‘Enttäuschung an d‘Gesiicht geschriwwe stoung: „Wann d‘Spiller net dat um Terrain ëmsetze wat de Coach vun hinne verlaangt, da gëtt ee bestrooft“.

Wat et soss nach vun den Halleffinallen ze soe gëtt

Am zweete Match vum Owend stoungen sech de VC Luerenzweiler an de VC Fenteng géinteniwwer. Fenteng war däitlech favoriséiert, a sollt och näischt ubrenne loossen. Den éischte Saz war wuel nach spannend, wat duerch d‘Resultat 26-28 esou och bestätegt gëtt. Dat war et dann awer och: 21-25 an 14-25 sinn d‘Resultater vun den anere Sätz, a Fenteng muss muer géint Esch untrieden.

Um Donneschdegowend stoungen sech d‘Damen an den Halleffinalle géinteniwwer. Iwwert de Niveau kann an dierf een natierlech streiden, mee mat allem wat eis zougedroe ginn ass, hate mir – et kann een net iwwerall sinn – net wierklech eppes verpasst. D‘Damme vum CHEV Dikrech hunn de VC Stengefort 25-8 / 25-17 / 25-16 iwwerrannt an treffen haut op den RSR Walfer, déi de CS Gym Volley 25-20 / 25-7/ 25-19 och ganz däitlech geschloen hunn.

Coupe

De VC Fenteng huet de Block vum VC Luerenzweiler einfach „ofgeschoss“ a geet verdéngt an d‘Finall, wou den Escher VBC nach emol fir eng Iwwerraschung kéint suergen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Um haidege Samschdeg geet et um Belair da mat de Finalle bei de Minimmes (10:00 Auer) de Scolaires (12:00 Auer) an de Cadets (14:00 Auer) weider. D‘Finall vun den Damme gëtt et um 17 Auer, d‘Häre stinn sech dann um 19:30 géinteniwwer.

E Sonndeg gëtt och gespillt: d‘Cadettes gesinn sech um 10 Auer, d‘Junioren (Meedercher 12 Auer / Jonge 14 Auer) an d‘Coupe vun der Federatioun steet och nach aus. Hei treffen openaner: um 16 Auer bei den Dammen (ëmmer déi zweet Equippe) den CHEV Dikrech géint Volley Bartreng an um 18 Auer bei den Hären (och déi zweet Equippe) den Escher VBC géint de VC Fenteng.

De Video vum Spill Esch/Bartreng ass HEI

Foto: D‘Spiller vum Escher VBC soen hire Supporter Merci. Eng ganz Tribün déi wéi ee siwente Mann um Terrain gewierkt huet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Coupe de Luxembourg, Escher VBC, VC Fenteng, VC Luerenzweiler, Volley Bartreng, Volleyball
Nächsten Artikel Virrechten Artikel