Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Studente nei a besser Opportunitéite bidden
Sport

De Studente nei a besser Opportunitéite bidden

Zwee nei „Bachelor professionell“ (BTS) ginn op der UNI-Lëtzebuerg agefouert.

Orange Week: Mobbing op der Aarbechtsplaz!
Sport

Orange Week: Mobbing op der Aarbechtsplaz!

Vill Mënsche waren a sinn och haut nach op der

surprise
Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng
Sport

Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng

De Sebastian Fitzek ass en däitschen Thriller-Autor, deen 1971 a

Volleyball D1: Keen Erbaarme mam Géigner

Um Samschdeg stoungen sech zu Bartreng zwee verhältnesméisseg ongläich Géigner bei den Hären aus der éischter Divisioun Häre géinteniwwer. Déi drëtt Equipp vum Volley Bartreng hat de VB Belair op Besuch, an wann se sech och gutt Gewiert hunn, eng reell Chance war ni ginn.

Datt de Belair net ugereest war fir e Saz ofzeginn, dat war dem Zuschauer dann och schonn direkt beim éischte Saz opgefall. Vum éischte Service un hunn déi Stater Akzenter gesat: aggressiv um Filet, bommestaark am Block. Wou et gaangen ass huet Bartreng versicht ze konteren… Um Enn geet de Saz dann awer zu Gonschte vum Belair mat 25-10 aus.

An esou sinn d‘Männer vum Volley Belair dann och an den zweete Saz eragaangen. Deels eppes ze optimistesch a mat individuelle Feeler, huet d‘Equipp aus der Stad eigentlech sécher Punkten ofginn. Leider hunn déi Bartrenger d‘Geleeënheet net esou konnten ausnotze wéi een et streckeweis erhofft hat. Och dëse Saz geet da verdéngt un de Belair (25-16).

Haten d‘Häre vum Volley Belair am zweete Saz ze vill riskéiert, esou hunn se am drëtte Saz nees op Bewäertes zréckgegraff. Mat engem méi flëssege Spill an weiderhi schéin aggressiv um Filet, hunn se relativ wéineg Service ofginn. Bartreng hat sech dann och bis bei de Matchball net geschloe ginn. Si hunn, mat de Méiglechkeeten déi hinnen opstoungen, all s ginn. Den drëtte Saz geet mat 25-14 un de Volley Belair.

Den Tournoi vun de Butzen

Während sech déi Erwuessen zu Bartreng op hiert Championnat konzentréiert hunn, waren d‘Däbbessen um Belair derbäi hiren Tournoi ze spillen. An der Kategorie Minimes haten déi zwou Equippe vum Belair hir Kollege vu Bartreng, Walfer a Fenteng op Besuch.

Belair

Och wann de Filet bei de Minimes eppes méi „déif“ hänkt, esou muss een sech nawell dru ginn fir de Punkt ze maachen © Martine de Lagardère/moien.lu

Et ass, wéi soll ee soen, net ëm déi berühmt „gëlle Kou“ gaangen. Beim Tournoi geet an éischter Linn ëm de Spaass, d‘Spannung an d‘Frëndschaft. Natierlech spillen och d‘Minimes fir ze gewannen, datt ass jo u sech och d‘Grondlag vun engem Tournoi. Mee wien hei matgemaach huet, hat scho gewonnen.

Erfarung sammelen, d‘Gonscht vun der Stonn notzen an de Géigner (vu muer) eppes besser kenneléieren, och dat gehéiert zu engem Tournoi. Interessant hei dann och e puer Neierungen. D‘Butzen am Alter tëscht 7 an 12 Joer hunn elo keng dräi Sätz méi déi se misste spillen, mee et spillt all Equippe e Match géint all aner Equipp.

Belair

D‘Equippe vun de Minimes vum VB Belair. Eng flott Mannschaft déi sech um Tournoi vu senger beschter Säit gewisen huet © Martine de Lagardère/moien.lu

Do kritt een dann net esou schnell de Latz wann enger „Iwwermuecht“ géinteniwwer steet. Zudeem huet een net esou laang Pausen tëscht de Matcher, et kann engem also net langweileg ginn. Fir d‘Butzen also ee ganz schéine sportlechen Nomëtteg, deen se dann och nach mat engem leckere Stéck Kuch konnten ofschléissen.

Billergalerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten FLVB, VB Bartreng, VB Belair, Volleyball 1. Divisioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel