Vereenten Natiounen: „Et bleiwen nach zwee Joer fir géint de Klimawandel virzegoen!“
De Chef vun der UNO huet e Méindeg drop higewisen
De Chef vun der UNO huet e Méindeg drop higewisen
De Locataire gëtt keng Rou an schéngt sech virgeholl ze
Et ginn där Deeg, do wär ee besser am Bett leie bliwwe. Esou oder ähnlech dierft d‘Spillanalys vum Max Havé, Kapitän vun der zweeter Mannschaft vum RS Walfer, nom Match géint de VC Belair ausgefall sinn. Mee se hu se gekämpft, éierlech beméit eng gutt Figur um Terrain ofzeliwweren, haten se sech dach engem iwwermächtege Géigner ausgeliwwert.
Am Sport, besonnesch wéi hei am Volleyball, wou een Abseits de Matcher déi gutt Relatiounen ze fleege versteet, bléift e Wettkampf, wéi de Numm et scho seet: e Kampf. A beim Volleyball zielt nieft enger gutt iwwerluechter Strategie och d‘Stellung um Terrain. Stellungsfeeler, och wann se vum Arbitter grousshäerzeg „ausgeblend“ ginn, maachen d‘Spill net méi einfach.
U Stellungsfeeler huet dem RS Walfer dann och net gefeelt, wat um Terrain zu Onrou gefouert huet. Dovunner huet de VC Belair profitéiert, och wann de Coach a Spiller Michael Begemann sech deels iwwert d‘Positioune vum Géigner geiergert huet. Dee konnt awer vun der eegener Mannschaft ëmmer nees „berouegt“ ginn, an esou ass d‘Begéinung dann och ganz frëndschaftlech verlaf.
Eng dann zu gudder Lescht awer ganz kuerzweileg Renconter, déi no knappe 45 Minutten an dräi Sätz eriwwer war. De VC Belair huet mat 25-12 am éischte, 25-9 am zweeten an 25-14 am drëtte Saz, säin Usproch op d‘Nationaldivisioun op e neits däitlech ënnerstrach. Woubäi een awer net verheemleche sollt, datt se so op aner „Kaliber“ wäerten treffen.
A well ee sech schonn emol wëll eruntaaschten, gëtt et dann och ëmmer nees Frëndschaftsmatcher. Hei kann d‘Temperatur gemooss ginn, wéi et heescht. Esou ergëtt et sech, datt um Dënschdegowend de VC Belair op déi Bartrenger aus der Nationaldivisioun treffen. Eng Begéinung, déi fir béid Equippen interessant dierft sinn, an och fir en interesséierte Public e flotten Owend bitt.
Op dëse Frëndschaftsmatch dem Volley Bartreng als Virbereedung, op d‘Halleffinall an der Coupe géint d‘Minettsdäpp vum VBC Esch duergeet, dat wäert een dann e Freideg feststellen. Déi Escher hu jiddefalls ganz zolidd wëlles, e Samschdeg an der Finale ze stoen, an et dierf ee soen, datt et hinnen egal op se dann op Fenteng oder Luerenzweiler treffen… Haaptsaach an d‘Finall.
Fotoen © Martine de Lagardère/moien.lu