Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegung vum Buergermeeschter an zwee Schäffe vu Waldbriedemes
International Neiegkeeten

Vereedegung vum Buergermeeschter an zwee Schäffe vu Waldbriedemes

Gëschter ass den Thomas Wolter als Buergermeeschter, de Martin Bohler

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht
International Neiegkeeten

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht

Fënnef Deeg an der Woch bis zur Pensioun a Vollzäit

dislike
US-President beschëllegt Peking Pëtrol u Pyongyang ze liwweren
International Neiegkeeten

US-President beschëllegt Peking Pëtrol u Pyongyang ze liwweren

E Freideg hat China dem Donald Trump seng Beschëllegungen zréckgewisen,

Von der Leyen: Wat huet sech no engem Joer am Amt gedoen?

Von der Leyen: Wat huet sech no engem Joer am Amt gedoen?

Enn November 2019 huet de Jean-Claude Juncker säi Mandat als EU-Kommissiounspresident un d’Ursula von der Leyen ofginn. Elo huet d’Europäesch Kommissioun en éischte Réckbléck op hiert éischt Joer am Amt geworf.

Ma, ugefaangen huet alles mat engem Verspriechen un Europa: Et wéilt ee behäerzt a couragéiert sinn, wann och ëmmer eng Aktioun op europäeschem Niveau fir noutwenneg befonnt gëtt. Schonn nom Amtsuntrëtt huet déi nei Kommissioun en neien an éiergäizege Kurs festgeluecht.

Mam Europäesche Green Deal soll d’Unioun klimaneutral ginn a mat engem ganze Pak u Moossnamen wëll een déi digital Innovatioun weltwäit virubréngen. Eng Industriestrategie zeechent en neie Wee fir d’Industrie an Europa wärend dem ekologeschen an digitale Wandel. An dësem geopoliteschen Ëmfeld, dat sech schnell an ëmmer erëm verännert, muss Europa seng Wirtschaft un eng gréng an digital Zukunft upassen, an esou och seng international Konkurrenzfäegkeet erhéijen.

Mat der Covid-19-Pandemie, dem domat verbonne Lockdown an de wirtschaftleche Réckschléi huet een eng wierklech europäesch Äntwert gebraucht. Déi huet emol méi, emol manner gutt geklappt, an dat, obwuel iwwerall ob Solidaritéit gebaut ginn ass. Duerch d’Beschafung an d’Verdeelung vu Schutzausrëschtung, Réckféierunge vu gestrandeten Europäer an der Sich no engem Impfstoff huet ee sech op gemeinsam Ziler konzentréiert.

Mat NextGenerationEU hunn d’Memberstaaten en eenzegaartegen Opbaufong virgewisen. E gouf vun der Kommissioun virgeschloen, vum Rot akzeptéiert a soll elo d’Häerzstéck vun engem leeschtungsstaarken a laangfristegen EU-Haushalt ginn. Zesumme sinn 1,8 Billiounen Euro op d’Wo komm.

Ma, elo steet de gréngen an digitale Wandel nach méi fest am Mëttelpunkt vum Programm – dat mat neie Ressourcen, déi de Wandel virubrénge sollen. Dobäi soll et net nëmmen ëm d’Begrnezung vum wirtschaftleche Schuet kommen, mee och eppes Dauerhaftes fir zukünfteg Generatioune geschafe ginn.

Haut um 9:15 Auer hält d’ EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eng Ried mat uschléissender Diskussioun am Europaparlament zu Bréissel. Dëst kann ee live op EBS verfollegen.

De kompletten Dossier zur Lag vun der Unioun 2020 fannt Dir HEI als PDF.

Opmaacherfoto: Ursula von der Leyen / Twitter

Ähnlech Sujeten Amt, Digitaliséierung, EU-Kommissiounspresidentin, Europäesch Kommissioun, Europäesch Unioun, Green Deal, Jean-Claude Juncker, Klimaneutralitéit, Lockdown, NextGenerationEU, Pandemie, Réckbléck, Ried, Solidaritéit, Ursula von der Leyen, Zesummenhalt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel