Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vill Affer bei Lawinenongléck an der Osttierkei
hannah kearney dating Meenung download dating

speed dating tiger tiger leeds

Zwou Lawinen an der osttierkescher Provënz Van hu vill Affer

https://moien.lu/wrestlers-dating-sites/
hannah kearney dating Meenung download dating

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!

De Prozess deen d‘Regierung zu Madrid géint déi katalanesch Separatiste

Ass de Fridden op der koreanescher Hallefinsel gräifbar no oder eng Illusioun
hannah kearney dating Meenung download dating

Ass de Fridden op der koreanescher Hallefinsel gräifbar no oder eng Illusioun

Et si ganz positiv Signaler, déi am Moment vun der

Meenung: “Wischi-Waschi” Taktik ouni politesch Verantwortung

Meenung: “Wischi-Waschi” Taktik ouni politesch Verantwortung

An deene leschte 7 Wochen hu mir Europadeputéierten déi 27 Kandidate fir de Poste vum EU-Kommissär op Häerz a Niere getest. Mir hunn déi Funktioun mat deem néidegen Eescht gemaach an esou goufen och 3 Kandidaten erausgefiltert déi de Fitness-Check net gepackt hunn.

All Kandidat huet zu deem missen eng Zweedrëttel Majoritéit vun der Kommissioun kréien, virun där en auditionéiert gouf. Stellt iech mol vir all Minister zu Lëtzebuerg misst esou eng Majoritéit an der Chamber hannert sech bréngen…

Eise Lëtzebuerger Kandidat, de Nicolas Schmit, huet déi Epreuve awer mat Bravour gepackt well hien sech gutt preparéiert a mat der néideger Kompetenz virum Europaparlament presentéiert huet. De Nicolas Schmit kritt déi ganz wichteg Responsabilitéit vun der Aarbecht an de Sozialen Ugeleeënheeten.

Meng Kollegin, d’Isabel Wiseler an ech wäerte mat Iwwerzeegung fir d’Kommissioun Von der Leyen stëmmen, mat eisem Lëtzebuerger Vertrieder Nicolas Schmit, well si eis no dem Fitness-Check deen si hannert sech bruecht hunn, bewisen hunn, dat si déi richteg staark Equipe sinn déi mir brauchen, fir d’Unioun duerch déi schwiereg Zäiten ze féieren déi ustinn.

Kee responsabele Politiker kann et verantworten d’EU an Zäite vu Brexit, Klimawandel asw. defacto handlungsonfäeg ze loossen. Mir brauchen eng staark Kommissioun déi eis op der Klimakonferenz zu Madrid vertrëtt an eng staark Kommissioun déi am Interêt vun den EU Bierger e gereegelte BREXIT garantéiert.

Et ass dofir fir mech inakzeptabel an onverantwortlech fir d’EU, fir eist Land a fir eis Bierger wann elo wéi um RTL ze liesen ass, eng Gréng Fraktioun trotz engem «Zero Pollution» an engem «Green Deal» Pack sech beim Vote vun der Kommissioun enthält an esou och dem Lëtzebuerger Kandidat d’Ënnerstëtzung refuséiert. Ech froe mech ob dat tëschent de Regierungspartner diskutéiert gouf?

Eng Enthalung ass an dësem Fall eng Wischi-Waschi Attitüd déi ganz kloer beweist dat et deene Gréngen net em d’Inhalter an d’Matbierger geet mee just em de mediale Marketing. Dat enttäuscht mech ganz staark!

Matgedeelt vum Europadeputéierte Christophe Hansen

Ähnlech Sujeten Christophe Hansen, EU-Kommissär, Europadeputéiert, Green Deal, Isabel Wiseler-Lima, Nicolas Schmit, Ursula von der Leyen, Wischi Waschi Taktik, Zero Pollution
Nächsten Artikel Virrechten Artikel