Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Schoulrentrée aus der Siicht vum Minister
https://moien.lu/dating-sites-barrow-in-furness/

D‘Schoulrentrée aus der Siicht vum Minister

D‘Schoul geet nees un, dorunner besteet definitiv keen Zweiwel méi.

kutchi dating uk
https://moien.lu/dating-sites-barrow-in-furness/

seven or better dating site

Fir déi eng ass et Humor, fir déi aner en

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?
https://moien.lu/dating-sites-barrow-in-furness/

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?

Am Wahlprogramm vun der demokratescher Partei (DP) steet geschriwwen: „Fir

Votum Klima – Klimaschutz huet keng Vakanz!

Votum Klima – Klimaschutz huet keng Vakanz!

De Votum Klima huet d’Regierung dozou opgefuerdert, keng weider Zäit méi a Saache Klimaschutz ze verschwenden. Et sollen nëmme 5 bis maximal 10 Joer bleiwen, fir ee substantielle Wiessel a Richtung Dekarboniséierung anzeschloen. Dofir gëllt et, schnell ze agéieren!

Lëtzebuerg huet sech beim Entworf vum nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC), dee bis zum 31. Dezember 2019 all EU-Memberstaate virleeë mussen, déi noutwenneg Ziler gesat: Bis 2030 soll den CO2-Ausstouss ëm 50 bis 55 Prozent am Verglach zum Niveau am Joer 2005 erofgoen. Dat entsprécht och de Fuerderunge vum EU-Parlament an dem UN-Generalsekretär.

A knapp 11 Joer soll donieft den Undeel un erneierbaren Energien am Gesamtenergieverbraucht vun aktuell zirka 7 Prozent op 23 bis 25 Prozent klammen. D’Energieaspuerung duerch Effizienzsteigerung soll esou tëscht 40 a 44 Prozent leien.

Nach ëmmer ass vëlleg onkloer, wéi dës ambitionéiert Ziler erreecht solle ginn. De Votum Klima huet seng Kritik um PNEC, sou wéi un der „Journée Génération Climat) der Regierung an engem interne Schreiwes matgedeelt. Besonnesch am Transport a Bausecteur feele konkret Informatiounen zu den noutwennege Moossnamen, fir d’Ziler ëmzesetzen. Wéi eng Investitiounen si wou néideg? Wéi eng finanzpolitesch Steierinstrumenter mussen agesat ginn? Wéi gëtt den Iwwergang op eng kuelestoffaarm Wirtschaft sozial gerecht erstallt?Wéi wierken sech déi geplangt Politiken a Moossnamen op d’Gesondheet, Ëmwelt a sozial Verhältnisser aus?

Votum Klima

© Votum Klima – Greenpeace Lëtzebuerg

D’Lëtzebuerger Regierung verfollegt den Usaz, all Interessensvertriedungen vun der Industrie, dem Handel an der Landwirtschaft an d’Ausaarbechtung vum PNEC mat anzebannen. Sou wäit, esou gutt, mee net just déi wirtschaftlech Acteuren, mee och all aner sozial Klassen, Gewerkschaften an d’Zivilgesellschaft musse mat agebonne ginn. Et muss een op déi scho bestoend Virschléi agoen a politesch Entscheedunge méi liicht novollzéibar sinn. Déi ganz Regierung muss hirer Verantwortung gerecht ginn, well Äntwerten op d’Klimakris kënne just gemeinsam a kohärent geléngen.

Am Wettlaf géint d’Zäit hëlleft just ee Paradigmenwiessel. Leider ass déi Lëtzebuerger Wirtschafts- a Finanzpolitik ëmmer nach prioritär um Wirtschaftswuesstem – verstanen als Erhéijung vum materielle Wuelstand – ausgeriicht an net un enger nohalteger Entwécklung als Erhéijung vum soziale Wuelbefannen an am Respekt mat den ekologesche Grenzen. Eng Klimaschutz-Strategie wäert just dann erfollegräich sinn, wann et och geléngt aus enger fundamentaler Wuesstemsdebatt eraus nei, nohalteg Weeër a Perspektive fir eng zukunftsfäeg Gesellschaft ze entwéckelen.

Votum Klima wäert weiderhin Drock op d’Regierung maachen, datt dës konkret a kohärent Moossnamen entwéckelt ginn. Mir fuerderen, datt d’Regierungsvertrieder hir Summerpaus och dozou notzen, grondsätzlech iwwer déifgräifend Reformen nozedenken, mat deenen si no der Rentrée d’Klimakris begéinen.

Matgedeelt vu Votum Klima – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Opmaacherfoto: © Votum Klima – Greenpeace Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Klimakris, Moossnamen, PNEC, Regierung, Votum Klima
Nächsten Artikel Virrechten Artikel