Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Brigangen, Drogendealer a duuschterege Gesellen
International Neiegkeeten

uk singles dating site

Et war, et kann een net anescht soen, nees e

online dating app success stories
International Neiegkeeten

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen

Vum Frae-Generalstreik a Spuenien, bis hin zum feminine Marathon an

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée
International Neiegkeeten

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée

Am Kontext vum Logement an dem Accès zu Wunnraum, huet

Nationalen Energie- a Klimaplang: ambitionéiert Zieler, déi elo ëmgesat musse ginn!

Nationalen Energie- a Klimaplang: ambitionéiert Zieler, déi elo ëmgesat musse ginn!

Enn Februar huet d’Regierung, am Kader vun den europäesche Klimaschutzzieler fir 2030, hiren Entworf vum integréierten nationalen Energie- a Klimaplang (NECP) virgestallt. Zweck vum NECP-Plang ass et, datt all d’Memberstaaten hir Energie- a Klimapolitiken, sou wéi Zieler fir déi nächst 10 Joer an hire Beitrag zu den europawäit definéierten Zieler, ukënnege mussen.

Déi an der Plattform Votum Klima zesumme geschlossen 23 Lëtzebuergesch Netregierungsorganisatiounen begréissen ausdrécklech, datt Lëtzebuerg mam NECP-Entworf zentral Erausfuerderunge vum Klimaschutz unerkannt a sech ambitionéiert Reduktiounszieler gesat huet.

Dat ugestriefte Reduktiounszil bei den Zäregasen (tëscht -50 a -55% bis 2030) ass duerchaus éiergäizeg, virun allem wann een et a Relatioun zum aktuellen europäeschen Ziel vu -40% kuckt. Och d’Energieeffizienzziel, wat Aspuerunge vu 40-44% virgëtt, ass positiv ze bewäerten. Trotzdeem sollen erneierbar Energië bis 2030 just een Deel vun 23-25% vum gesamten Energiebedarf decken, woubäi d’Regierung ënnert anerem op d’Kooperatioun vun anere Memberstaate setze well. Dësen Usaz enthält Schlupflächer an ass onbefriddegend, virun allem wann ee weess, datt Lëtzebuerg am europäesche Verglach ëmmer nach d’Schlussliicht bei den erneierbaren Energien (6,4% am Joer 2017) ass.

Pabeier ass gedëlleg. Sou tendenziell positiv d’Zieler, déi sech d’Regierung ginn huet, och sinn, sou onkloer bleift, wéi dës Virgab vun den Zieler dann erreecht soll ginn. Eng Klimaschutzpolitik, déi un d’Ziel féiert, brauch konkret Moossnamen! Déi momentan Politik vun der Regierung wäert et net erméiglechen, d’Zieler ze erreechen – am Géigendeel…

Wéi vun der EU virgi muss d’Regierung eréischt am Laf vum Joer verbindlech duerleeën, mat wéi engen Instrumenter si d’Klima- an Energieziler erreeche well. Bis dohin ass a kenger Form erkennbar, wéi dëst gelénge soll. Donieft ass et och onkloer, wéi déi weider Prozedur vun der Ausaarbechtung vum NECP ausgesi soll. Et ass net bekannt, a wéi engem Kader doriwwer diskutéiert soll ginn, wéi eng Institutiounen an/oder Organisatiounen heibäi mat abezunn ginn.

D’Richtlinne vun der EU féieren dozou, datt de Klimaschutz an dësem Entworf als reng technesch Aufgab, déi technesch Léisunge braucht, eriwwerkënnt. Begrëffer wéi „Konsum“, „Liewensstil“ oder „Suffizienz“ feele ganz, obwuel se am Rapport vum Reinhard Loske vum Juni 2018 am Optrag vum Ëmweltministère eng wichteg Roll ageholl hunn.

Déi national Klimapolitik muss méi global gekuckt an ugepaakt ginn, also am Zesummenhang mat den Zieler vun der nohalteger Entwécklung, dem ökologesche Foussofdrock an der Kritik vun der Wuesstemsideologie.

Votum Klima drängt drop, datt:

  • déi virleiend Zieler keng huel Fassad bleiwen. Déi konkret Moossnamen, déi bis um Enn vum Joer virgeluecht musse ginn, mussen et erlaben, déi offiziell unerkannten Zieler ze erreechen.
  • bei der Virstellung vun de Moossnamen och transparent Berechnungen op den Dësch geluecht ginn, sou datt et méi novollzéibar ass, wéi eng Zieler op realistesch Aart a Weis mat den eenzele konkrete Moossnamen erreecht kënne ginn.
  • ee geuerdente Prozess mat nationale Stakeholderen an der Zivilgesellschaft an d’Weeër geleet gëtt.
  • déi national Klimapolitik méi ëmfaassend definéiert gëtt, wéi an engem technikfixéiertem Entworf.

Eréischt wann dës Punkten erfëllt sinn, kann ee kloerstellen, op d’Regierung et mam Klimaschutz an Energiewandel eescht mengt!

Zu Votum Klima

Heibäi handelt et sech ëm eng Plattform, bestoend aus folgenden Lëtzebuerger Netregierungsorganisatiounen: Aide à l‘Enfance de l‘Inde, Action Solidarité Tiers Monde (ASTM), ATTAC Luxembourg, Bio-LëtzebuergVereenegung fir Bio-Landwirtschaft Lëtzebuerg asbl., Caritas Luxembourg, Centre for Ecological Learning Luxembourg (CELL), Cercle de Coopération, Conférence Générale de la Jeunesse du Luxembourg (CGJL), Eglise Catholique à Luxembourg, etika, Eurosolar Lëtzebuerg, Fairtrade Lëtzebuerg, Frères des Hommes, Greenpeace Luxembourg, Kommission Justitia et Pax, Lëtzebuerger Velos-lnitiativ, Mouvement Ecologique, natur&ëmwelt, Orang Utan Help Lëtzebuerg, partage.lu, SOS Faim Luxembourg, UNICEF, Vegan Society Luxembourg, VegInfo

Ähnlech Sujeten Ëmwelt, Klima- an Energiepolitik, Moossnamen, NECP, Votum Klima
Nächsten Artikel Virrechten Artikel