Search

You may also like

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée
International Neiegkeeten

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée

Ufangs der Woch ass am Pafendall eng nei “Bud” fir

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
International Neiegkeeten

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa
International Neiegkeeten

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa

2019 ass d‘Joer vun den Europawahlen, an nach iert et

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib

No 37 Joer am Weltraum ouni benotzt ginn ze sinn, si véier „Moteure“ vun der Sond Voyager 1 nees mat Erfolleg a Betrib geholl ginn, esou d‘US-Weltraumagentur um Freideg. D‘Sond Voyager 1 ass déi am wäitste vun der Äerd entfernte a vu Mënschenhand gebaute Maschinn.

D‘Suzanne Dodd, Direktesch vum Projet bei der NASA, huet an engem Communiqué erkläert, datt dës Meeschterleeschtung „et erlaabt d‘Liewe vu Voyager 1 ëm een bis zwee Joer ze verlängeren“. De Rakéitenantrib déngt dozou d‘Sond esou auszeriichten, datt seng Antenne mat der Äerd kënne kommunizéieren.

Voyager 1, dee säit sengem Ofschoss viru 40 Joer d‘Geschicht vun der Astronomie verännert huet, flitt mat bal 17 Kilometer/Sekonn duerch de Weltraum. Dat bedeit, datt d‘Sond mëttlerweil iwwer 21 Milliarde Kilometer vun eis ewech ass. De Rakéitenantrib op dës Distanz nees ze starte war, esou kann ee soen, eng reegelrecht Erausfuerderung.

Iwwert 19 Stonne Waardezäit

„Wann dir probéiert en Auto ze starten deen iwwer Joerzéngten an enger Garage gestanen huet, gitt der wuel net dovunner aus, datt de Moteur direkt uspréngt“, esou d‘NASA, déi däitlech mécht, datt de Rakéitenantrib zanter 1980 ofgeschalt war.

Fir hir Ziler ze erreechen, hunn d‘Ingenieure vun der NASA, als éischt missen „d‘Logiciellen ënnersichen déi an enger längst onbenotzter Sprooch kodéiert gi waren“, esou de Chefingenieur Chris Jones. An d‘Wëssenschaftler hunn duerno missen 19 Stonnen a 35 Minutte waarden, fir datt d‘Resultat vun hirem Test d‘Distanz tëscht der Äerd an der Sond konnt iwwerwannen.

Mee et huet geklappt an ab Januar gëtt de Rakéitenantrib dann och nees genotzt. Si iwwerhuelen d‘Aarbecht vun engem aneren Antrib, bei deem d‘Ingenieure scho säit 2014 e gréissere Verschläiss hu misste feststellen.

No dësem Erfolleg bei der Sond Voyager 1, huet d‘Ingenieure vun der NASA wëlles den Test och bei Voyager 2, souzesoe senger Zwillingsschwëster, duerchzeféieren. Si ginn da mat Zouversiicht un d‘Saach erun, well dovunner auszegoen ass, datt de Rakéitenantrib bei Voyager 2 an engem besseren Zoustand ass.

mat AFP

Foto: © NASA/JPL-Caltech

Related topics NASA, Voyager 1, Weltraum
Next post Previous post