Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zréck an d’19. Joerhonnert? (eng Stellungnam)
Neiegkeeten

Zréck an d’19. Joerhonnert? (eng Stellungnam)

Zanter iwwer 10 Joer gëtt an der Chamber un engem neien

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren
Neiegkeeten

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren

Um Donneschdeg ass et an der Chamberssëtzung wuel haaptsächlech ëm

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?
Neiegkeeten

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?

Och am Lëtzebuergesche gëllt dat, wat op ville Plaze gëllt:

Vu Brigangen an anere Gesellen

Vu Brigangen an anere Gesellen

D‘Chrëschtdeeg si fir d‘Police keng roueg Zäit, an esou dierften och d‘Geriichter sech am neie Joer net grad langweilen. Wat esou an de leschten Deeg lass war?

Drogendealer verhaft

Den 20. Dezember haten e puer opmierksam Zeien dem Kommissariat vu Réiser gemellt, datt si méiglecherweis Drogendealer op der Gar vu Bierchem beobacht hätten. Gutt fir d‘Autoritéiten, zu dësem Zäitpunkt ware Patrullen an der Géigend ënnerwee. Déi konnten unhand vun der Beschreiwung zwou Persounen zu Béiweng unhalen a kontrolléieren. Si sollten net enttäuscht ginn.

Bei de Persoune gouf, nodeems si duerchsicht gi waren, eng stattlech Mass un Droge séchergestallt. Dorënner 34,9 Gramm Heroin an 6,1 Gramm Kokain. Si haten och eng gréisser Zomm Boergeld a geklaute Saache bei sech. D‘Brigange kruten dat beschlagnaamt, de Procureur huet d‘Verhaftung ugeuerdent a si sollen dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn.

Verbriecher festgeholl

Am Kontext vun de rezenten Abréch am Raum Sennengerbierg, Nidderaanwen a Sandweiler, konnten den 20. Dezember an de fréien Owesstonnen dräi Männer op frëscher Dot gepëtzt ginn. Déi haten zu Uewersyren probéiert an en Haus anzebriechen. Si waren allerdéngs der Police schonn eppes éischter opgefall, well si mat hirem Gefier duerch verschidde Siidlungen an der Géigend gefuer sinn. En Untersuchungsriichter huet hinnen en Ticket fir Schraasseg ausgestallt.

No zwee Gauner gëtt gesicht

Um Owend vum 20. Dezember (géint 19 Auer) hunn zwee Männer eng Fra zu Esch-Uelzecht iwwerfall. D‘Dot ass op der Héicht vun engem Autosatelier an der Jos Kieffer Strooss passéiert. Béid Brigangen hunn d‘Fra mat Messere bedreet, hir d‘Posch, de Smartphone an d‘Bijouen ofgeknäppt. Si konnt déi zwee Männer esou beschreiwen:

  • Mann, mat normaler Kierperstatur, 1,70M grouss, mat Baart, ongeféier 30 Joer al, vu gemëschter Hautfaarf;
  • Mann, mat normaler Kierperstatur, 1,70M grouss, ongeféier 20 Joer al, och vu gemëschter Hautfaarf.

Si waren allebéid däischter bekleet an hu franséisch geschwat. Leit déi der Police zu dësem Virfall kënnen Hiweiser ginn, si gebieden sech un d‘Kommissariat vun Esch-Uelzecht ze wennen (Telefon 4997-5500).

Bëllege Sprit

Nodeems um Sonndeg (23. Dezember) e Mann säin am Frankräich ugemellten Auto op enger Tankstell zu Rodange vollgetankt hat, wollt hie sech ouni ze bezuelen duerch d‘Bascht maachen. De Piechter vun der Tankstell hat de Mann wuel nach ze pake kritt an dësen an d‘Raimlechkeete mat erageholl. Hei konnt sech de Mann dunn zur Wier setzen, huet sech lassgerappt an dervu gemaach.

Am Gefier souzen nach dräi weider Männer, déi sech net erkläre wollten a gläichfalls d‘Flucht ergraff hunn. Si sinn ze Fouss a Richtung Frankräich ofgezunn. Déi weider Ermëttlungen hunn erginn, datt de Mann vun der Pompel, den Autoritéite signaliséiert gi war, well eng Prisongsstrof géint hir verhaange ginn ass, an och bis 2030 keng Fuererlaabnes huet. Den Auto gouf konfiskéiert.

Un dee Falsche geroden

E Sonndeg (23. Dezember) um 17:10 Auer huet den Hausmeeschter vun der Sportshal zu Beetebuerg net schlecht gestaunt, wéi hien e Frieme gesinn huet a säi Büro goen, wou e sech de Rucksak vum Mann gekroopt huet. Den Hausmeeschter ass zréck a säi Büro an huet dee jonke Borscht zur rieds gestallt. Dat war dem Brigang senges näischt an huet sech aus de Féiss gemaach.

Seng Course a Richtung Gar war eng kuerz. Him ass net an de Sënn komm, datt en Hausmeeschter vun enger Sportshal och gutt ze Fouss ënnerwee kéint sinn. Pech fir de jonke Brigang, bei dësem Hausmeeschter handelt et sech ëm e gutt trainéierte Marathonleefer. Den Déif ass bei der Gar vëlleg erschëpft an d‘Gette gaangen, an den Hausmeeschter huet op hien opgepasst bis Police do war.

Den Hausmeeschter krut seng Saachen zréck, géint den domme Jong ass Protokoll erstallt ginn an de Procureur huet och missen informéiert ginn.

Sech duerch d‘Bascht gemaach

Och um Sonndeg (23. Dezember), war et géint 18 Auer op der Kräizung, Boulevard Charles de Gaulle a Bielesser Strooss zu engem Accident mat Materialschued komm. Engem vun de Chauffere war dat net geheier, an deen huet sech duerch d‘Bascht gemaach. D‘Police huet nom gudde Mann misse Sichen, a konnt dëse kuerz drop doheem untreffen. Hie huet misse blosen, den Test war positiv, e Protokoll gouf erstallt an d‘Police huet de Führerschäi matgeholl.

Materialschued an Zodi um Kommissariat

Zwee Accidenter vun e Sonndeg sinn och nach gemellt ginn. Esou um 20:20 Auer op der Streck vun Housen a Richtung Maarnech. Hei ass en Automobilist an enger laanggezunner Rietskéier un d‘Schleidere komm, verléiert d‘Gewalt iwwert säi Gefier dat vun der Strooss ofkomm ass, an huet sech iwwerschloen. Béide Persounen am Auto ass näischt geschitt a si konnten sech aus eegener Kraaft aus dem Gefier befreien.

Um 20:55 Auer nach en Accident, elo op der N7 vun Hengescht a Richtung Wäisswampech. An enger Lénkskéier war den Unhänger géint e Stroosseschëld geroden, an de Chauffer huet versicht d‘Gefier an der Riicht ze behalen. Leider alles ouni Erfolleg. De Chauffer ass vun der Strooss ofkomm, en Hiwwel eropgefuer a sech uschléissend iwwerschloen. Och hei ass et beim Materialschued bliwwen, an de Mann konnt sech selwer aus senger mësslecher Lag befreien.

E Méindegmueren um 2:00 Auer huet zu Esch-Uelzecht, an der rue de France, eng Automobilistin beim manövréieren eppes ze oft d‘Mauer geroden. Eng Patrull koum op d‘Plaz, an huet misse feststellen, datt déi zwou Dammen am Auto gutt schiggeri waren. D‘Madamm hannert dem Steier huet den Alkoholtest verweigert, firwat béid Fraen hu misse mat op de Büro.

Um Kommissariat ass d‘Stëmmung bei den Dammen „ëmgeschloen“. Si hu randaléiert, an zwar zolidd. D‘Dammen hu Still duerch d‘Géigend geschmass, a waren och soss am Wuertlaut net ganz fein. Well d‘Polizisten hei bei de Furrien eng Gefor fir sech selwer an Drëtter erkannt hunn, goufen si kuerzerhand am Passagearrest ënnerbruecht. Et gouf e Protokoll erstallt an der Madamm hannert dem Steier ass e Fuerverbuet zougestallt ginn.

Foto: Déi am Réiserbann séchergestallten Drogen, Geld a geklaute Géigestänn. © Police

Ähnlech Sujeten Akohol, Déifstall, Drogen, Fahrerflucht, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel