Search

You may also like

Automobilsport: Den Dylan Pereira rockt den däitsche Porsche Carrera Cup
International Neiegkeeten Stories

Automobilsport: Den Dylan Pereira rockt den däitsche Porsche Carrera Cup

Eigentlech soll den däitsche Porsche Carrera Cup fir eise Lëtzebuerger

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech

Eigentlech interesséiert et keen an awer kritt jiddereen et mat.

money
De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!
International Neiegkeeten Stories

De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!

Kleng Kanner déi u spinaler Muskelatrophie leide kann elo an

Vu Gott an der Welt vergiess?

Mord an Doudschlag: Mënscherechtler hunn eng kuerz Liewenserwaardung an Tschetschenien

Vu Gott an der Welt vergiess?

Tschetschenien, dat héiert sech un wéi wann et wäit genuch ewech wier, fir datt een esou engem Land keng Opmierksamkeet misst schenken. D‘Land mat sengen 1,5 Milliounen Awunner huet fréier zum Federatiounskrees „Südrussland“ gezielt, an ass zanter Januar 2010 der neier Federatioun „Nordkaukasus“ bäigetrueden. Mënscherechter sinn zanter dem zweete Biergerkrich ofgeschaaft…

Wiem den Numm vum tschetschenesche President geleefeg ass, weess datt dee vu Moskau gestäipte Ramsan Akhmadovich Kadyrov, kee Mënschefrënd am eigentleche Sënn ass. Hien ass de Fils vum fréiere President Akhmad Kadyrov deen 2004 ermuert ginn ass, a Chef vun der Sécherheetseenheet „Kadyrowzy“ där vun esou zimlech jidderengem Mënscherechtsverletzunge virgehale ginn.

Zum President vum Land ass de Ramsan Kadyrov gewielt ginn, well de Vladimir Putin dat 2007 esou entscheet huet. Offiziell heescht et natierlech, datt Moskau dem tschetschenesche Parlament leedeglech e Virschlag ënnerbreet huet. De Kadyrov a ass Moslem (sunnitesch), an hien huet entscheet, datt d‘Sharia iwwert de Gesetzer steet an d‘Feinde vum Islam mussen erleedegt ginn.

All Mëttel ass Recht

Dat gewosst, kann ee sech wonneren, datt et iwwerhaapt nach Leit gëtt, déi sech trauen an dësem vu Gott an der Welt vergiesse Land, Mënscherechter verdeedegen ze wëllen. Eng vun de leschte Mënscherechtsorganisatiounen déi nach am Land aktiv ass, ass déi russesch ONG „MEMORIAL“. De President Oleg Orlov, deen 2009 de Sakharov-Präis erhalen huet, fäert elo ëm den Ojub Titijew.

Dee setzt säit elo iwwert engem Joer am Prisong. Den Ojub Titijew war den 9. Januar vun der Police verhaft ginn, nodeems eng Täsch an sengem Auto opfonnt ginn ass, an där ronn 180 Gramm Cannabis enthale waren. Drogebesëtz bei engem Mann vu ronn 60 Joer, deen dovunner déi lescht 20 Joer domatter verbruecht huet Mënscherechter ze verdeedegen an d‘Spillregele kennt?

Et sinn dann och net nëmmen dem Mënscherechtler seng Affekoten – déi schonn aus beruffleche Grënn Partei fir den Ojub Titijew ergräife mussen – mee vill Mënscherechtsorganisatiounen a politesch Acteuren, déi d‘Beschëllegungen an d‘Beweiser als „Fabrizéiert“ veruerteelen. Et wier onverkennbar, datt et an dësem Fall eenzeg dorëms geet, sech engem Mënsch ze entleedegen.

Einfach eng „Kugel“ geet net

Wien dem Ramsan Kadyrov seng Aart a Weis ze „regéieren“ matkritt huet, oder sech informéiert, wäert séier feststellen, datt et kee vun deenen ass, mat deenen een Ëmgang wëll hunn. Géigner, Minoritéiten (besonnesch Homosexueller) gi fir gewéinlech „aus der Welt geschaaft“ an bestëmmt hätt een dat esou och gäre mam Ojub Titijew gemaach. Mee d‘Weltcommunautéit kuckt no…

Elo soll d‘Uerteel gefält ginn, firwat den Oleg Orlov sech op d‘Plaz beginn huet. Hien huet de Journalisten erzielt: „Den Ojub Titijew ass e Mann dee senges Liewes ni gefëmmt huet. Hei hätt d‘Geriicht nëmme missen einfach Analyse maachen“. Zudeem huet an dësem Fall net eng eenzeg Iwwerwaachungskamera funktionéiert, net vun der Police an net an de Geschäfter.

Gepréift oder hannerfrot huet d‘Geriicht dat net, et geet nämlech kee Riichter deen sech mam Regime uleeë wëll (oder kann). Et ass zudeem éischter Wahrscheinlech, datt si dem Ojub Titijew dat selwecht Schicksal wéi senger Virgängerin – déi ass sengerzäit ermuert ginn – reservéiert haten. Mee déi vill Investitiounen, wéi „Grosny-City“ muss ee schützen, firwat de Mann nach lieft.

Dem russesche Bier de Pelz kraulen

An dat muss een dem Ramsan Kadyrov gutt halen. Vu Bedreeung ass zu Grosny, enger Stad déi an de Konflikter tëscht 1994 an 2006 schwéier zerstéiert gi war, wéineg ze spieren. Stad verstraalt neie Glanz, am Luxus-Quartier Grosny-City schéissen d‘Wollekekrazerten aus dem Buedem. Hei gëtt et den „internationale Flair“, an eng Strooss ass nom Vladimir Putin benannt ginn.

Deen ass iwwerhaapt zimlech „Present“, well säi Konterfei hänkt un alle wichtegem Gebai, zesumme mam Gesiicht vum „Papp“ Kadyrov. D‘Verknäppunge sinn „enk“, wichteg Decisioune kann och de Ramsan Kadyrov, dee gären an Uniform mat vill Lametta duerch d‘Géigend stolzéiert, net ouni Récksprooch mat Moskau huelen. Einfach esou Leit ëmbréngen ass net gutt fir d‘Geschäft.

Moskau war et schonn net geleeë komm, datt dem Kadyrov seng Männer d‘Natalja Estemirova, dem Ojub Titijew seng Virgängerin, gekidnappt an uschléissend ermuert hunn. Dat verhënnert allerdéngs net, datt déi politesch a reliéis motivéiert Ausriichtung vun Tschetschenien däitlech an onverkennbar Mënscheveruechtend ass. A Russland ënnerstëtzt dëse politesche System tatkräfteg.

E Krätzbock wéi en am Buch steet

Am August huet de Ramsan Kadyrov Folgendes gesot: „Ech soen et de Mënscherechtsaktiviste ganz offiziell: Nom Enn vun dësem Geriichtsprozess, ass Tschetschenien e verbuedent Gebitt fir si. Esou wéi et och fir Terroristen an Extremiste verbueden ass“. Erstaunlech datt d‘Weltcommunautéit op esou Aussoen net reagéiert. Kee Wuert vum Macron oder der Merkel, déi bei Venezuela „billen“.

Eng Feststellung déi ëmsou méi verwonnert, als datt den Ojub Titijew de Mënscherechtspräis „Vaclav Havel“ vum Europarot, an dem däitsch-franséische Mënscherechtspräis ausgezeechent ginn ass. Et ass also net esou einfach, zum richtegen Zäitpunkt en Diktator ze sinn, dee säi Vollek mëssbraucht an ëmbrénge léisst – wann et jo emol noutwenneg ass. Keng Gefiller an der Politik!

An Tschetschenien gëtt also elo e Mënscherechtsaktivist ewech gespaart, a sollt et sech erginn, datt dee vun der Welt vergiess gëtt, esou wéi dat ganzt Land an d‘Verbrieche vu sengem President vergiess gi sinn, dann dierften et „kuerz“ véier Joer am Prisong ginn. En Ongléck ass esou séier geschitt, an ausser datt zu Bréissel „bedauert“, zu Berlin a Paräis „Veruerteelt“ gëtt, geschitt näischt.

mat indymedia/mow/lon

Foto: De Ramsan Kadyrov: e moslemesche Fanatiker an en erkläerten Hang zur Selbstdarstellung. Wat net passt muss eliminéiert ginn, egal ob Mënscherechtler oder Homosexuell © Saïd Tzarnaev

Related topics Mënscherechter, Ojub Titijew, Oleg Orlov, Ramsan Kadyrov, Tschetschenien
Next post Previous post