Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cambridge Analytica weist, wéi d‘Sammlung vun Donnéeën duerch Facebook enger Demokratie schuede kann
Neiegkeeten

Cambridge Analytica weist, wéi d‘Sammlung vun Donnéeën duerch Facebook enger Demokratie schuede kann

Vir gewéinlech ass den Dag nach jonk, wa mer fir

CGFP mat éischter Kritik u Regierungserklärung
Neiegkeeten

CGFP mat éischter Kritik u Regierungserklärung

Knapp zwee Méint no de Chamberwahlen, huet de Premierminister Xavier

déi Lénk zur Ministerpresidentewahl: Tabubroch an Thüringen
Neiegkeeten

déi Lénk zur Ministerpresidentewahl: Tabubroch an Thüringen

De liberale FDP-Kandidat Kemmerich gouf mat de Stëmme vun der

Vu lauter Beem gesäis du de Bësch net méi?

Eng Äntwert op alles wat sech am Bësch zoudréit kann du de 24. November erhalen

Vu lauter Beem gesäis du de Bësch net méi?

Organiséiert vum Service vum natierleche Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg, a Kooperatioun mat der Administratioun vun der Natur an de Bëscher (ANF), gëtt de 24. November, vu mueres 10 Auer bis nomëttes 17 Auer den Event „E Schaffdag am Stater Bësch“ ugebueden.

Grouss a Kleng kënnen sech hei en Abléck verschafen, wéi den Alldag an déi ënnerschiddlech Aufgabe vum kommunalen Déngscht ausgesinn, deen den Optrag huet den natierleche Patrimoine vun der Haaptstad ze ënnerhalen. Eng duerchaus villfälteg, mee och ustrengend Aarbecht.

Ze entdecke gëtt vun allem: wéi d‘Beem gehaen oder gefleegt ginn, wéi a firwat nees Päerd am Bësch fir Aarbechte genotzt ginn, mee och d‘Fleeg vun den Déieren. Dat alles a villes méi, kann ee sech op der Plaz am Bambësch ukucken. Dat ass interessant a méi domm gëtt een och net dobäi…

Wien sech elo iwwerriet fillt, dee sollt awer nach wëssen, datt sech dat ganzt op engem 1,8 Kilometer laangen Trëppelwee duerch de Bambësch ofspillt. Hei sinn op der ganzer Streck d‘Atelieren opgestallt ginn, wou et och zu Demonstratioune kënnt.

Fir jonk Elteren, sollt et interessant sinn, sech de Projet „Bëschspillschoul“ eppes méi no unzekucken. Dat bescht um Ganzen: um „E Schaffdag am Stater Bësch“ deelhuelen ass gratis. Waren dat elo net Informatioune genuch? Alles Weideres fannt dir ënner www.forets.vdl.lu

Ähnlech Sujeten ANF, Bambësch, Bësch, Bëschspillschoul, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel