Search

You may also like

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand
Meenung Neiegkeeten

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand

Den Donald Tusk, President vum Europarot, huet Bedenke géintiwwer dem

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder
Meenung Neiegkeeten

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder

De Weekend iwwer war et nees esou wäit: D’Foire Agricole

Forever young … Leider net!
Meenung Neiegkeeten

Forever young … Leider net!

Virun e puer Deeg si mir akafe gefuer, mäi Meedche

Editorial: Vu politeschen Imperfektiounen a rhetoreschen Aussetzer

Editorial: Vu politeschen Imperfektiounen a rhetoreschen Aussetzer

Iert een iwwert en hierfält, ass e gutt Beroden sech de Personnage emol unzekucken, mat deem ee sech wëll reiwen. D‘Michèle Detaille (62) ass am Juni 2019 als éischt Fra zur Presidentin vun der Lëtzebuerger Industriellefederatioun (FEDIL) gewielt ginn. Si kënnt aus der Belsch, wou si politesch bei der Liberal Reformistescher Partei PRL op kommunalem a regionalem Niveau täteg war. Aktuell huet si Aufgaben a verschiddene Verwaltungsréit a leet d‘Geschäfter vun der Alipa.

Scho bei der Amtsaféierung huet d‘Michèle Detaille un hiren Ambitiounen an Absichte keng Zweiwel opkomme gelooss. Si huet däitlech gefuerdert, datt et eng Revisioun vum Aarbechtsrecht brauch. Hei bréicht méi Lackerungen an eigentlech sollt een et de Salariéeën iwwerloossen, wéi vill Stonnen si bereet sinn ze schaffen. Am August vum selwechte Joer war d‘FEDIL-Presidentin du beim deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider op Visite. Och hei gouf et Kloertext.

Vu politeschen Imperfektiounen

Et ass ëm dee vill ze héije Mindestloun gaangen an d‘Iddi, datt Stagiairen déi an Entreprise jo eppes fir hir berufflech Zukunft léieren, eigentlech eng Déngschtleeschtung erhalen, an dofir och bezuele sollten, statt Geld ze verlaangen. Mir fir eisen Deel haten es du genuch vun der Madamm mam schlechte Charakter. No Neijoerschdag, mat der grousser Marketing Operatioun „Make Industrial Jobs Great Again“ war se nees do. Mir haten d‘Neijoerschdagsgréiss entspriechend kommentéiert.

Mat hirer Ausso op der Antenn vu RTL (Emissioun: Invité vun der Redaktioun – 5. Februar):

„Muss een an der industrieller Politik méi transparent sinn an de Public mat abannen? “Nee”, sou déi kloer Äntwert vun der Presidentin vun der Fedil, der Federatioun vun der Lëtzebuerger Industrie. Et kéint een et maachen, sou d’Michèle Detaille, mee da kéim een ni virun. Et géing  “Bla Bla” ginn an Tables Ronden an an 30 Joer géing een nach ëmmer diskutéieren.“ (Michèle Detaille)

huet de verbale Fauxpas vun dëser staarker a mächteger Fra zum Sprint ugesat. Si huet ganz offensiv d‘Positioun vun der Demokratescher Partei an (zumindest Indirekt) och d‘Motioun vum DP-Deputéierte Pim Knaff ënnerstëtzt, wou et drëms geet op „Asiicht an Staatsverträg an MoU‘en“ als Parlamentarier ze verzichten. Datt Entreprise kéinte gezwonge ginn, wann et ëm de generellen ëffentlechen Interessi geet, mussen d‘Verträg oppen duer ze leeën, da wier een an enger Diktatur.

Vu politeschen Imperfektiounen

Richteg béis ass si och mat der gréisster Oppositiounspartei. Datt d‘CSV et gewot huet Fage International S.A. (dat sinn déi mat der Jughurtsfabrick) beim Procureur ze denoncéieren, ass awer och hannerhälteg. Hir politesch Appreciatioun am Bezuch op d‘Rechter vu Finanz an Industrie, géintiwwer de Rechter vun engem Parlament a sengen demokratesch gewielte Memberen, vis-a-vis de Regierung, leeft dorobber eraus der Chamber déi parlamentaresch Kontroll ze entzéien.

Op et no eppes iwwert annerhallwem Joer mat onhaltbaren Aussoen, elo mat engem „Sorry falls ech do ee mat mengen Aussoe verletzt hunn“ gedoen ass? (RTL Interview 6. Februar). Et muss schonn erlaabt sinn hei ze ënnerscheeden, tëscht de „Päerd“ déi engem, wann een ënnert wirtschaftlechem Drock steet, esou entwutzen, sech quasi am Äifer vum Gefecht verselbststännegen an enger reell existenter Astellung, déi ee méi däitlech elo awer wierklech net méi oppen duerleeë kann.

Vu politeschen Imperfektiounen

Bannent der FEDIL, mat grousser Sécherheet fir ganz vill Acteuren eng brisant Situatioun. Kann ee sech, jo muss ee sech, vun esou Positiounen distanzéieren? Schwiereg, ze soen, wëll kënnt et zu enger Stellungnam vum Präsidium géint d‘Michèle Detaille, géif dat schonn zimmlech no un der Récktrëttsempfeelung leien. An „Nee“ Madamm Detaille, déi wirtschaftlech Attraktivitéit erleit kee Schued, just wëll Lëtzebuerg eng Demokratie huet, an déi parlamentaresch Kontroll garantéiert ass.

Illustratioun: © Kajetan Sumila / unsplash

Related topics Chamber, Demokratie, Fedil, Konzessiounsvertrag, Michèle Detaille, Politik
Next post Previous post