Search

You may also like

money
E Budget vun der Ongerechtegkeet
Neiegkeeten

E Budget vun der Ongerechtegkeet

Mat iwwert 815 Milliounen Euro Defizit am Joer 2019 kann

D‘Chamber siegéiert elo am Cercle Cité
Neiegkeeten

D‘Chamber siegéiert elo am Cercle Cité

Et gouf eppes driwwer nogeduecht, wéi een dat mat den

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!
Neiegkeeten

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!

Vergaangene Freideg gouf bekannt gemaach, datt déi technesch Kontrollstatiounen am

Vu Rousen an Timberen

Wäertvoll an interessant: „Rosa Walferdange“

Dat war emol ee richteg flotte Weekend am Kulturzentrum „Prince Henri“ zu Walfer. D‘Asbl „Patrimoine Roses pour le Luxembourg“, an Zesummenaarbecht mat der Sektioun Walfer, der Asbl Cercle Philatélique Walferdange“ an der Gemeng Walfer, hat bei der Geleeënheet zum fënneften Anniversaire zur Ausgab vum Timber „Rosa Walferdange“ an enger Ausstellung agelueden.

Et war e Fest fir d‘Frënn an d‘Amateure vu Rousen, wéi fir Philateliste gläichermoossen. D‘Rous an den Timber, datt ass eng laang, ganz laang Geschicht. Eigentlech onzertrennbar, firwat et esou flott war, d‘Kollektioun vum Mariette Gillander-Theisen, fir dëse Jubiläum ausstellen ze dierfen. Eng Kollektioun déi och schonn am Ausland vu sech riede gelooss huet, an och immens flott ass.

Deen eppes méi besonneschen Timberen

D‘Presidentin vun der Asbl „Patrimoine Roses pour le Luxembourg“, Dr. Claudine Als, konnt sech iwwer groussen Zousproch um Samschdegmueren erfreeën, woumatter jo och dem Engagement vun der Asbl a senge Membere Rechnung gedroe gëtt. Si huet et och gefreet, dëse Jubiläum mat engem Rousen-Timber zu Éiere vun der Gemeng Walfer ze zelebréieren. An dat kënnt net vun Ongeféier.

Walfer, dat kann deem engen oder aneren entwutzt sinn, war viru laanger Zäit emol e gewiichtege Wirtschaftszentrum wa vu Rousen als „Wuer“ rieds ass. Mat Rouse kennt ee sech also aus, a wien elo mengt, mir géifen de Geck maachen, dee sollt sech bei der Walfer Gar de Rousegaart ukucken. Gutt domatter sollt ee wuel waarde bis d‘Wieder besser ass, mee et ass de Besuch wäert.

Den Timber „Rosa Walferdange“ eng Sonnereditioun déi an Zesummenaarbecht mat der Post, an hei méi Speziell dem Emile Espen, Chef de Service bei Post Philately, konnt realiséiert ginn. Den Timber ass eng Miniatur vum Kënschtler Johan de Crem sengem Wierk vun 2018. Um Stempel, dee bei esou Editioune Flicht ass, huet d‘Charlie Diswiscour d‘Rous kreéiert.

Rousen an Timberen eegene sech fir all Altersklass

De Marc Schaack, neie President vum Daachverband vun de Philatelie-Kreesser vu Lëtzebuerg (FSPL) huet sech net nëmmen iwwert d‘Aluedung, mee verständlecherweis iwwert den Timber gefreet. „Timberen a Rousen eegene sech fir all Altersklass“, esou den FSPL-President, deen drun erënnert huet, datt d‘Rous zu Lëtzebuerg nach ëmmer e grousse Stellewäert huet.

„Lëtzebuerger Rousegäertner huet et bis op Sankt Petersburg a Rio de Janeiro ginn, wou si mat déi schéinsten Installatioune geschafen hunn déi d‘Welt gesinn huet. Honnert Joer laang war eist Land den europäeschen Zentrum vun de Rousenziichter“, ënnersträicht de Marc Schaack en Ausschnëtt aus der Geschicht vu Lëtzebuerg. Mam Engagement vun der Asbl gëtt deem Rechnung gedroen.

Erfreet war den FSPL-President natierlech och iwwert d‘Première vum „Rosa Walferdange“ Timber deen net nëmme Wäertvoll fir seng Besëtzer wäert ginn, mee als Ambassadeur iwwert de Postwee uechtert d‘Welt reesen dierf. Rousen an Timbere gehéieren zum kulturelle Liewen am Land, och wann et engem net ëmmer direkt an d‘Ae spréngt. En Hobby dee jidderengem gutt zu Gesiicht steet.

Houfreg an zefridden, firwat och net?

Am glënnere vu sengen Aen, konnt een dem Walfer Buergermeeschter, François Sauber (CSV), d‘Freed ofliesen. Eng wuel „kuerz“ Ausstellung, mee eng ganz Interessant, wann ee sech eleng op déi sëlleche Postsendunge vun der Ausstellung bezitt. Hei gëtt esouvill ze entdecken, do deet e gutt drun, strukturéiert virzegoen. An dann natierlech den Timber „Rosa Walferdange“…

Mee och de Buergermeeschter huet un de Stellewäert vun de Rousen am wirtschaftleche Kontext vun der Gemeng Walfer erënnert. Déi zu Walfer geziichte Rouse sinn an d‘ganz Welt exportéiert ginn, waren am 19. Joerhonnert e wichtege Wirtschaftsfaktor. Vill Plazen an der Gemeng droen d‘Rous an hirem Numm, an et gëtt esouguer e Rousefest (7. Juli) dat als Biennale stattfënnt.

De François Sauber, dee sech net eleng iwwert déi philatelistesch Éierung freet, huet ernimmt, datt rezent d‘Konventioun mat der Asbl „Patrimoine Roses pour le Luxembourg“ ënnerschriwwe gouf, an ee sech iwwert eng weiderhi konstruktiv Zesummenaarbecht freet. No de Rieden ass e Patt offréiert ginn, an et gouf sech laang a breet iwwert den Timber an d‘Ausstellung ënnerhalen.

Fotosgalerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Claudine Alst, François Sauber, FSPL, Patrimoine Roses pour le Luxembourg, Rousen, Timberen, Walfer
Next post Previous post