Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?
watch internet dating free

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?

Dëse Quiz gouf vun der Union des Pilotes Luxembourg gesponsert

https://moien.lu/6-best-dating-tips/
watch internet dating free

https://moien.lu/night-one-atlanta-speed-dating/

Et hätt ee kënne mengen, si wieren direkt aus engem

money
Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen
watch internet dating free

Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen

Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissioun ewell widderholl op eng Reguléierung a

Vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Ëffentlech Observatioun mat der Section Géo/Astrophysique vum „natur musée“ an den Amateurastronomen

Vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Méinden, den 12. August vun 22.00 Auer un!

Tëscht dem 10. an dem 15. August 2019 (mat engem Pic an der Nuecht vum 12. op den 13. August) si se erëm ze gesinn: Stäreschnäizen, Koméitestëbs, deen an der Äerdatmosphär vergléit an dobäi kuerzzäiteg opliicht.

Si schéngen aus dem Stärebild PERSEUS ze kommen an heeschen duerfir PERSEIDEN. Si hunn awer näischt mat de Stären ze dinn. De Stëbs kënnt vum Koméit 109P SWIFT-TUTTLE, eng grouss Äisklatz mat vill Stëbs a Gas. Op sengem Wee bei d’Sonn gëtt en erwiermt a fänkt u mat schmëlzen. Dobäi verléiert hie niewent Waasser a Gas och Stëbs, deen dann um Orbit erhale bleift. All Joer, am August, kräizt eis Äerd dem Koméit seng Bunn, de Stëbs geréit mat 70 km/s an eis Atmosphär a vergléit duerch d´Reiwung. Ass emol e gréissere Stëbskär derbäi, da gesi mir e Feierball, e sougenannte BOLID am Himmel.

Mir kucken eis awer och d´Stären an déi siichtbar Planéiten un

Rendez-vous fir déi ëffentlech Observatioun fir Grouss a Kleng bei der Donatuskapell tëscht Beidler an Eeschler (op der Kopp nieft dem Waassertuerm, N49.72284 E6.30441) bei Jonglënster, den 12. August vun 22.00 Auer un, bei fräiem oder schwaach bedecktem Himmel.

Opgepasst : Op de Site kommt Dir nëmme vu Beidler erbäi. Vun Eeschler erbäi ass d’Strooss gespaart. (Iechternacher Strooss E29 – zu Grolënster N14 Richtung Beidler – zu Beidler CR129, Eeschler-Strooss)

Ob d’Aktivitéit definitiv stattfënnt, steet de selwechten Dag vu 15 Auer un op mnhn.lu respektiv um Facebook vum Musée @naturmuseelux.

Sou e Naturspektakel ka ganz laang daueren, dofir si waarm Kleedung, Gedrénks, e Klapp- oder Ligestull ganz praktesch. Zousätzlech Teleskopen si wëllkomm

Keng Umeldung néideg!

Foto: Jonny Lindner

Ähnlech Sujeten Amateurastronomen, Laurentiustréine, MNHN, naturhistoresche Musée, Stäreschnäizen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel