Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?
International Neiegkeeten

Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?

Um internationalen Dag vun der Aarmut, deen op dëse 17.

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht
International Neiegkeeten

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht

Zwou Explosiounen, siwe Verletzter, sechs Verhaftungen: dat sinn déi Elementer

Wien näischt mécht, deen näischt brécht
International Neiegkeeten

Wien näischt mécht, deen näischt brécht

Eigentlech war dem Inneminister Dan Kersch (LSAP), säi Gesiichtsausdrock wéi

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii

D‘Lavastréim déi sech lues awer bestëmmt aus dem Vulkan Kilauea op Hawaii ergéissen, kommen enger geothermescher Fabrick bedreelech no. D‘Autoritéite sinn dann och beméit alles ze ënnerhuelen, fir d‘Anlag ze beschützen, an geféierlech Gas-Ausdonstungen ze verhënneren.

Säitens dem Zivilschutz gëtt dann awer drop higewisen, datt et keng „direkt Bedreeung“ fir déi staatlech Fabrick vu Puna (PGV) gëtt. Hei ginn 38 Megavolt Stroum produzéiert. „D‘Rëss bei der geothermescher Anlag vu Puna sinn aktiv a produzéiere Lava, déi sech lues op den Terrain vun der Fabrick zoubeweegt. D‘Aktivitéit vum Vulkan huet awer schonn den ale geothermesche Projet vun Hawaii zerstéiert“, informéiert d‘Grofschaft vun Hawaii op senger Internetsäit.

Fir de Chef vun Agence fir Noutfäll (EMA) fir den erdenklech schlechtsten Zeenario deen, wann et zum Ausbroch vu Schwiefelwaasserstoff – engem besonnesch toxesche Gas – géif kommen. An d‘Autoritéite signaléieren héich Emissioune vu Schwiefeldioxid a ruffen d‘Bevëlkerung op sech op eng Evakuatioun virzebereeden. Déi géif virgeholl, wann et zum Ausbroch vun toxesche Gasen oder enger Lava-Iwwerschwemmung sollt kommen.

De Vulkan kritt sech net berouegt

Den Zivilschutz huet dann och nach op senger Internetsäit drop higewisen, datt et nuets um 3:45 Auer (lokal) op der Spëtzt vum Vulkan zu enger explosiver Eruptioun komm ass. Déi huet zu enger Dampwollek gefouert, déi eng Héicht vun 2.666 Meter erreecht huet.

Kilauea

Déi rezent Aktivitéit vum Vulkan Kilauea, deen en impressionnant Naturschauspill bitt, léisst bei de Wëssenschaftler d‘Vermuddung aus, datt et méiglecherweis zu enger grousser Eruptioun kéint kommen, déi där vum 1920 kéint gläichen. Et géif awer keng Gefor fir d‘Mënsche bestoen. © Mario Tama/Getty Images/AFP

Wéi et säitens der USGS heescht, hunn zwee Lavastréim den Ozean op der südëstlecher Säit vu Puna – op der grousser Insel vun Hawaii – erreecht hunn. D‘Begéinung vun der Lava an dem Mierwaasser produzéiert saierlech Dämp. E Phenomen deen am engleschen als „Laze“ – eng Zesummesetzung vun de Wierder „Lava“ an „Haze“ (Niwwel) – bezeechent gëtt.

De Vulkan Kilauea ass ee vun den aktiivsten op der Welt an ee vun de fënnef déi op Hawaii „doheem“ sinn. Säit hien den 3. Mee ugefaangen huet ze „grommelen“ sinn schonn e puer Dausend Leit evakuéiert ginn. D‘Fuerscher an d‘Wëssenschaftler fäerten dann och, datt dës „Aktivitéit“ op eng gréisser Eruptioun kéint hiweisen, déi sech ähnlech därer vun 1920 kéint erweisen.

Am Ament ginn d‘Wëssenschaftler allerdéngs net dovunner aus, datt et bei engem Ausbroch zu Affer sollt kommen. Déi exposéiert residentiell Zonen si schonn evakuéiert ginn, an d‘Regioun an där sech de Vulkan befënnt ass generell wéineg Bewunnt.

mam Javier Tovar/AFP

Foto: De Vulkan Kilauea grommelt a léisst Lavastréim seng Häng eroffléissen. D‘Lava fléisst iwwert dëse Wee an den Ozean, woubäi hien de geféierlechen „Laze“ produzéiert. © Mario Tama/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Hawaii, Kilauea, Vulkan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel