Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung
International Neiegkeeten

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung

Eisen Energieminister Claude Turmes huet gëschter zu Bréissel um Energierot

Déi däitsch Police huet kee Problem mam Rassismus
International Neiegkeeten

Déi däitsch Police huet kee Problem mam Rassismus

D‘SPD-Cheffin Saskia Esken hat ee „latente Rassismus bei der Police“

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz
International Neiegkeeten

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz

E Mëttwoch huet den US-President Donald Trump d‘Existenz vun enger

Vulkan Whakaari ausgebrach

No Vulkanausbroch an Neiséiland keng Liewenszeeche méi vun de Vermëssten Touristen

Vulkan Whakaari ausgebrach

De Vulkan Whakaari op der Insel White Island war zanter Woche verstäerkt aktiv, an awer konnt keen den Zäitpunkt vum Ausbroch bestëmmen. D‘Insel déi am Norde vun Neiséiland geleeën ass, gehéiert zu mat de beléiftsten Ausfluchziler. Zum Zäitpunkt vum Ausbroch waren och Touristen op der Insel, 23 konnte gebuerge ginn an aacht Persoune ginn nach vermësst.

An engem Communiqué vun der Police heescht et elo: „Et gëtt néierewou méi e Liewenszeechen. Unhand deenen Informatiounen déi virleien, gleewe mir net, datt sech op der Insel nach Iwwerliewender befannen“. D‘Police war verstäerkt mat Fliger an Helikopter iwwert d‘Insel geflunn an der Hoffnung e Liewenszeeche vun den nach vermëssten Touristen ze gesinn.

WhakaariFir e Grupp vun Touristen, déi eng Bootstour zum Whakaari gebucht haten, ass den Ausfluch zur déidlecher Aventure ginn. Si goufe vum Vulkanausbroch, dee laut den Autoritéiten um 14.11 Auer Lokalzäit stattfonnt huet iwwerrascht. Op de Bille vun enger Iwwerwaachungskamera ass ze gesi wéi sech nach kuerz virdrun eng grouss Grupp vu Leit beim Krater opgehalen hunn.

Zu dësem Ament, esou d‘Police, wieren en 50 Persounen op der Insel gewiescht. Den Amerikaner Michael Schade hat kuerz virum Ausbroch d‘Insel verlooss an huet dëst Naturschauspill vum Boot aus dokumentéiert. Aus Suerg viru weideren Ausbréch war et der Police an de Rettungsdéngschter net méiglech d‘Insel méi genee ze inspizéieren. Siwen Helikopter waren hei agesat ginn.

WhakaariDe Vulkan op White Island dee vun de Maori Whakaari genannt gëtt, ass den aktiivste vun Neiséiland. D‘Insel war sengerzäit vum briteschen Explorateur James Cook entdeckt ginn (1769) deen de Insel och hire Numm ginn huet. Dat well d‘Insel stänneg an enger wäisser Wollek vun Damp wéi gefaange geschéngt huet. Haut ass White Island mam Whakaari en Touristemagnéit.

Neiséiland ass zudeem matten um sougenannte pazifesche Feierrank geleeën. Dat ass eng vun de geologesch aktiivsten Zonen op der Äerd. Vulkanausbréch an Äerdbiewe sinn fir Neiséilänner keng Seelenheet. Bei engem Biewen am Februar 2011 waren zu Christchurch iwwer 180 ze bekloen.

mat indymedia/crc

Foto: © NZLocums

Ähnlech Sujeten Neiséiland, Vulkanausbroch, Whakaari, White Island
Nächsten Artikel Virrechten Artikel