Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert
International Neiegkeeten

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert

Déi israelesch Loftwaff huet zéng Objektiver vun der Hamas bombardéiert.

Kongress FN: De Steve Bannon leet sech mat de Medien un
International Neiegkeeten

Kongress FN: De Steve Bannon leet sech mat de Medien un

De fréiere Beroder vum Donald Trump, Steve Bannon, war um

Taiwan ëmmer méi isoléiert
International Neiegkeeten

Taiwan ëmmer méi isoléiert

Scholde bei de Chinese maachen, datt ass ee riskant Geschäft,

Vulkanausbroch am Guatemala: 73 Doudeger an 192 vermësste Persounen

Vulkanausbroch am Guatemala: 73 Doudeger an 192 vermësste Persounen

Eng schwéier Explosioun huet en Dënschdeg d‘Secouriste gezwongen hir Aarbecht ronderëm de Vulkan „de Fuego“ ze ënnerbriechen. Dat 48 Stonnen no sengem Ausbroch, bei deem mindestens 73 Mënschen hiert Liewe verluer hunn, an 192 Persoune vermësst ginn.

Zuele vun den Affer huet den nationale medezinesch-legalen Institut (Inacif) bestätegt. Op där aner Säit, huet de Sergio Cabanas, Direkter vun der Rettungsdéngschter vun nationaler Koordinatioun fir d‘Bekämpfung vun Naturkatastrophen (Conred) bestätegt, datt 192 Persounen, vun deenen hien de Numm an d‘Adress huet, säit e Sonndeg als vermësst gëllen.

Beim Vulkanausbroch sinn 46 Mënsche verletzt ginn, an et sinn 3.271 Persounen evakuéiert ginn. 2.625 si relogéiert ginn. Alles allem si vun 1,7 Milliounen Awunner vun der Katastroph, wuel op verschidden Niveauen, betraff. D‘Autoritéiten an d‘Rettungsdéngschter bleiwen alertéiert.

Um Dënschdeg hat eng staark Explosioun d‘Autoritéite gezwonge siwen Dierfer ze evakuéieren, déi op der Flank vum Vulkan geleeë sinn. Et misst een vun enger Zounam vun de vulkaneschen Aktivitéiten ausgoen, heescht et säitens de Conred, déi aus Sécherheetsgrënn d‘Rettungsasätz ofgebrach huet. Experte ginn dovunner aus, datt et zu pyroklasteschen Ausgëss komme kann.

D‘Zounam vun der vulkanescher Aktivitéit huet an der Stad Escuintla Panik ausgeléist, déi ganz no um Koloss vun 3.763 Meter héicht geleeën ass. D‘Awunner hu ganz séier d‘Stad mat hire Gefierer verlooss, wat zu engem onmoossege Chaos gefouert huet.

De Bierg huet gegrommelt

E Fotograf vun der AFP, deen d‘Couverture op der Plaz assuréiert, huet deklaréiert, datt ee virun der Explosioun e „Grommelen“ héieren huet, an eng grouss Äschewollek sech dunn an den Himmel erhuewen huet. Secouristen, Polizisten an Zaldote waren dorops hi gezwongen sech zréckzezéien.

Vulkanausbroch

Wien an de pyroklastesche Stroum geroden ass, hat kaum eng Chance et ze iwwerliewen. © Johan Ordonez/AFP

Zwee Deeg nom Vulkanausbroch, dee grouss Quantitéite Bulli, Lava, a gléiend Äschen ausgeschott huet, stinn d‘Chance schlecht nach Iwwerliewender erëmzefannen. De Sergio Cabanas: „Wann een an engem pyroklastesche Stroum gefaangen ass, huet ee kaum eng Iwwerliewenschance. Et ass dann och gutt méiglech, datt vill kalzinéiert Kierper ni méi erëmfonnt ginn.

Spektakulär Projektioune vu Lava an Äschen, haten um Sonndeg an den Dierfer op der Flank vum Vulkan fir Panik gesuergt. Et hat d‘Autoritéiten zur Evakuéierung vun 4.500 Mënsche gezwongen. Um fréien Dënschdegmuere war d‘Sichaktioun nees opgeholl ginn.

Den Eddy Sanchez, Direkter vum Institut fir Vulkanologie, huet erkläert, datt den Ausbroch vun e Sonndeg vill Energie fräigesat huet. De Vulkan wier elo an eng sougenannten „Aktiv Rouphas“ agetrueden, bei där et nach zu explosiounsaartegen Ausbréch komme kann. Hie geet dann awer dovunner aus, datt et net méi zu Aktivitéite mat katastrophale Folge kënnt.

Eng riseg Äschewollek

Um Sonndeg haten d‘Biller, déi an de sozialen Netzwierker an op der Tëlee ze gesi waren, eng riseg Äschewollek gewisen, déi vum Vulkan „erofgefloss“ ass an eng Strooss „verschlongen“ huet. ET konnt een hei och d‘Leit an d‘Secouristen erkennen, déi d‘Flucht ergraff haten.

De President vum Guatemala, Jimmy Morales, hat de Virfall als „Tragedie“ qualifizéiert, an ugekënnegt, datt d‘Recherche an d‘Assistance fir déi betraffe Leit, esou laang bäibehale gëtt, wéi et eben noutwenneg ass. D‘Presidence huet dann och matgedeelt, datt schonn un engem Plang fir d‘Rekonstruktioun geschafft gëtt, während d‘Famillje vun der Affer hir Leit begruewen hunn.

Vulkanausbroch

Am Duerf San Miguel Los Lotes (Departement Escuintla), sinn no de Mënschen och dat eent oder anert Déier gerett ginn. Wéinst enger staarker Explosioun, huet um Dënschdeg den Rettungsasaz missen ënnerbrach ginn. © Johan Ordonez/AFP

An den Departementer Escuintla (Süden), Chimaltenango (Osten) an Sacatepequez (Südosten), déi am stäerkste vum Vulkanausbroch betraff sinn, ass d‘Naturkatastroph ausgeruff ginn. D‘Parlament huet e Rapport an Opdrag ginn, fir ze Schued an de Kaffi- a Maisplantage bezifferen ze kënnen.

De Vulkan „de Fuego“ war schonn am Januar ausgebrach. 2012 hat säi plëtzlecht erwächen zur Evakuatioun vun 10.000 Awunner gefouert. Am Guatemala sinn dann nach zwee weider Vulkaner aktiv: de Santaguito am Osten, an de Pacaya, deen 20 Km südlech vun der Haaptstad läit. D‘Land ass um pazifesche Feierrank geleeën, wou 85% vun de vulkaneschen Aktivitéite stattfannen.

mam Henry Morales an dem Edgar Calderon/AFP

Foto: De Vulkan „de Fuego“ aus der Siicht vum Duerf San Miguel Los Lotes (Departement Escuintla), ronn 35 Kilometer vun der Haaptstad Guatemala City ewech. Leschten Informatiounen no, sinn 73 Mënsche verstuerwen, 192 ginn der vermësst. © Johan Ordonez/AFP

Ähnlech Sujeten Guatemala, Vulkan de Fuego, Vulkanausbroch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel