Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng grenziwwerschreidend Konventioun: Fir de Waasserschutz tëscht Lëtzebuerg a Wallounien
Neiegkeeten

Eng grenziwwerschreidend Konventioun: Fir de Waasserschutz tëscht Lëtzebuerg a Wallounien

Fir déi grenziwwerschreident Kooperatioun zum Schutz vum Waasser a Wallounien

Massive Gebrauch vun Antibiotik: „Et gëtt Zäit Alarm ze schloen“
Neiegkeeten

Massive Gebrauch vun Antibiotik: „Et gëtt Zäit Alarm ze schloen“

„Héich Zäit Alarm ze schloen! Wann Antibiotiquë bei Mënschen an

ROBLES Gastronomie a Restauratioun: Och no 65 Joer nach mat Häerz dobäi!
Neiegkeeten

ROBLES Gastronomie a Restauratioun: Och no 65 Joer nach mat Häerz dobäi!

Mat méi wéi 65 Joer Erfarung an der Restauratioun a

Den Hausspatz: Eise Vull vum Joer 2020 geschwënn op der Rouder Lëscht?

Den Hausspatz: Eise Vull vum Joer 2020 geschwënn op der Rouder Lëscht?

Bal jiddweree kennt eise gefierderte Kolleg, deem säin Numm och schonn a ville Spréchwierder a Geschichten agezunn ass: Den Hausspatz, oder och Haussperling genannt, ass zum Vull vum Joer 2020 ernannt ginn. Souwuel an den Uertschafte, wéi och a Stied ass dëse Vull unzetreffen – en ass nu emol enk un de Mënsch gebonnen a profitéiert dovun, datt eis Hausdéiere geleeëntlech emol ee Kar fale loossen oder och emol e puer Iessensreschter a beliefte Géigenden um Buedem ze picke sinn.

Ma eigentlech fillt den Hausspatz, deen duerch säin helle Bauch an de bronge Réck ze erkennen ass, iwwerall do present, wou et Iessen a säin Nascht baue kann. Soumat gëtt en ënnert anerem vu Bauerenhäff, Garen, Felder oder och Schoulen ugelackelt. Mee net nëmmen déi grouss Kären, och klenge Som vu Wëllkraider, déi um Wee stinn, spille fir hien eng grouss Roll. Knospen, Bléien oder och Uebst gehéiere jee no Joreszäit mat op de Menü. Ma, just wärend den Nowuess groussgezu gëtt, wiesselt de Spatz zu Insekten an hire Larven. De klenge Villchen huet nawell esou een Talent, datt en kleng Insekten och am Fluch fänke kann.

Komme mir zeréck op dem Hausspatz säin Nascht, da fanne mir en oft direkt um Haus, hannert Daachverkleedungen oder Virspréng, an Nischen an Huelraim, wéi och u Kulangen an ënnert Daachzillen. Ass d’Fassade begréngt, da gëtt d’Nascht gären emol an den Efeu agebaut. Hei kann all Hausbesëtzer mat engem Spatzenhaus den déieresche Kolleg zum Noper maachen.

Hausspatz

De Spatz braucht Plaz

Plaze fir säin Nascht ze bauen, gi fir de gesellege Vull, deen am léifsten a Kolonie bréit, zur Raritéit ginn. Bitt de Mënsch him d’Chance, dann notzt de klenge Villchen d’Geleeënheet fir sech anzebréngen. Dat ronnt Nascht ass liicht un erofhänkenden Hällem, u Pabeier a mëttlerweil ech agebautem Plastik ze erkennen. Iwwerall do, wou de Spatz optrëtt, gëtt Gepaff a Gesongen, wat de Repertoire hiergëtt.

Wéi vill aner Déierenaarten ass am leschte Joerhonnert och d’Zuel u Spatze staark zeréckgaangen. Weess an aner Käre ware fréier, wou Déieren zu bal all Haus dozou gehéiert hunn, iwwerall verfügbar. Donieft konnten si op d’Déierefudder zeréckgräifen, wat dem Mënsch allerdéngs net esou genehm war. Als fléiend Déiwe ware si immens onbeléift an Villercher ouni Notzen. Kee Wonner also, datt et eng Zäit laang esouguer Primme fir doudeg Spatze goufen, wat a China am 19. Joerhonnert bal zur Ausrottung gefouert hätt.

D’Folleg wann de Spatz net méi present ass? Eng riseg Insekteplo! Eréischt duerno ass der Spezies Mënsch bewosst ginn, datt de Spatz ee wichtege Schiedlingsbekämpfer ass. Eng Koppel ka wärend der gesamter Bréizäit bis zu 23.000 Insekte fänken. Mir gesinn also, datt hei Ee vum Aneren ofhängeg ass.

En huet et nach ëmmer net liicht

Mëttlerweil feelt et dem Villchen u gudde Plaze, fir säin Nascht ze bauen, wéi och u gesondem Fudder. Felder sinn wéineg Deeg no hirer Recolte scho geplout, wouduerch d’Kären net laang leie bleiwen. Onkraut gëtt vernicht, wouduerch och de Som verschwënnt. A Gäert wiisst manner, bis guer kee fërderlecht Gréngs méi. Kloer, datt et dem Spatz an de leschte Joren ëmmer méi schlecht geet a seng Zuel zeréckgeet.

An de leschte 6 Joer ass de Bestand zu Lëtzebuerg glécklecherweis relativ stabil bliwwen. Geschat gëtt, datt 30.000 bis 35.000 Koppelen am Land sinn, an awer steet de Vull schonn op der Virwanrlëscht vun der Rouder Lëscht. An aneren europäesche Länner gëtt d’Déierche schonn als gefährt bezeechent.

Aus dësem Grond ass den 20. Mäerz zum Internationalen Dag vun de Spatzen erkläert ginn. A wéinegen Deeg start natur&ëmwelt eng Schoul- an Naturcampagne, fir datt de Spatz duerch Spiller, Rätselen an engem Quiz de Kanner méi zougänglech gemaach gëtt a si den Hausspatz bësser kenneléieren. All Vullefrënd huet donieft d’Chance fir 2 € een Autocollant mam Vull vum Joer ze kréien.

Opmaacherfoto: © Raymond Gloden

Ähnlech Sujeten Hausspatz, Haussperrling, Nascht, natur&ëmwelt, Passer Domesticus, Rout Lëscht, Villchen, Vull, Vull vum Joer 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel