Search

You may also like

Winter is coming – Gratis Auto-Check 2018
Neiegkeeten

Winter is coming – Gratis Auto-Check 2018

Vum 15. Oktober bis de 15. November bitt den ACL,

D‘Héichten an Déifte vum EU-Konjunkturpak
Neiegkeeten

D‘Héichten an Déifte vum EU-Konjunkturpak

Nodeems déi 27 Staats- a Regierungscheffen an der Nuecht vum

CFL: d‘Chantieren am Joer 2019
Neiegkeeten

CFL: d‘Chantieren am Joer 2019

Et ka kengem entgaange sinn: bei der CFL gëtt massiv

Vullegripp: D’Veterinärsverwaltung widderhëlt d’Precautiounsmoossnamen

Vullegripp: D’Veterinärsverwaltung widderhëlt d’Precautiounsmoossnamen

Aktuell ass de Virus vun der Vullegripp zu Lëtzebuerg net present. Well en awer ënnert anerem bei Vullen a Gefligel aus Holland an Däitschland nogewise konnt ginn, gëllt et elo d’Precautiounsmoossnamen vun der Biosécherheet anzehalen.

Heizou gehéiert, datt domestizéiert Gefligel net a Kontakt mat wëlle Villercher kommen dierf. Dofir solle si an engem zouene Beräich dobannen, respektiv dobaussen mee mat Netzer geschützt, gehale ginn. Gefiddert ginn dierfe si just an engem Gebai. D’Zur-Verfügung-stelle vu Waasser fir wëll Déieren ass verbueden.

All Verdachtsfall vun der Vullegripp, beispillsweis duerch en anormalen Doudesfall, mussen direkt engem Veterinär matgedeelt ginn. Donieft muss all Import vu Gefligel vun engem offizielle Veterinär aus dem Hierkonftsland zertifiéiert ginn (TRACES). Dat gëllt och am Fall vun engem Kaf um Maart.

D’Veterinärsverwaltung erënnert drun, datt de Konsum vu Fleesch an Eeër ouni Risiko fir de Mënsch ass.

Opmaacherbild: © Jason Leung / Unsplash

Related topics Däitschland, Fudder, Gefligel, Holland, Import, Poulet, Precautiounsmoossnamen, Preventioun, Veterinärsverwaltung, Villercher, Vullegripp, Waasser
Next post Previous post