Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess
he asked about my dating history celebs go dating toff benjie

what to do when your best friend is dating your brother

Genee ee Joer no hirer leschte grousser Manifestatioun, huet d‘CGFP

dating rules for young adults
he asked about my dating history celebs go dating toff benjie

Dir gouft geblëtzt an hätt gären e Souvenir?

Ass et schonn de Versuch méi Transparenz bei Justiz a

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart
he asked about my dating history celebs go dating toff benjie

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart

Et brauch um een um Handy nëmmen e puer Klicks

Polnesch Justizreform vum EuGH ofgestrooft

Deeler vun der ëmstriddener Justizreform verstousse géint europäescht Recht

Polnesch Justizreform vum EuGH ofgestrooft

Um Europäesche Geriichtshaff (EuGH) zu Lëtzebuerg hunn d‘Magistrate gëschter entscheet, datt déi ëmstridden Zwangspensionéierung vun de polnesche Riichter net mat europäeschem Recht ze vereenbaren ass. D‘EU-Kommissioun hat géint Gesetzreform a Polen geklot.

Am Uerteel vun de Riichter heescht et: „D‘Erofsetze vum Rentenalter ass duerch kee legitimt Zil gerechtfäerdegt. Si beanträchtegt de Grondsaz vun der riichterlecher Onofsetzbarkeet. Déi ass awer ontrennbar mat der Onofhängegkeet vun de Riichter verknäppt“. Elo ass d‘Gesetz, dat Ausgesat gi war, endgülteg als „illegal“ bestätegt ginn, a misst eigentlech vun der Regierung zréckgezu ginn

Déi nationalistesch a konservativ opgestallte Partei fir Recht a Justiz (PiS), déi eng kloer Majoritéit a Polen huet, wollt de Rentenantrëttsalter vun de Riichter vum ieweschte Geriichtshaff, vu 70 op 65 Joer erofsetzen, wat dozou gefouert hätt, datt all drëtte Riichter hätt missen a Pensioun goen. Sënn an Zweck? Déi fräi Poste mat eegenen oder zumindest regierungsfrëndleche Riichter besetzen.

Bréissel huet an dësem Reformprojet eng Bedreeung fir d‘Onofhängegkeet vun der Justiz erkannt, a Pole selwer ass der Regierung virgeworf ginn, sech iwwert dës Reform onbeléifte Riichter ze entleedegen. Am Fokus: d‘Presidentin vum ieweschte Geriichtshaff, Malgorzata Gersdorf. Si hat et gewot, déi sëlleche Justizreforme vun der PiS-Regierung, ze kritiséieren an a Fro ze stellen.

Et ass dann och eréischt dat éischt Uerteel, dat d‘Riichter vun EuGH am Kontext vun der zolidd ëmstriddener Justizreform geschwat hunn. Och d‘Erofsetze vum Rentenalter bei normale Geriichter (vu 67 op 65 fir Männer / a 60 fir Fraen) muss nach vun de Magistraten analyséiert ginn. Zudeem läit dem EuGH och nach eng Prozedur an d‘Haus, wéinst Verstéiss géint d‘Rechtsstaatlechkeet.

D‘Verfahren, dat no Artikel 7 vum europäesche Vertrag zoulässeg ass, huet et nach ni virdrun an d‘Wee geleet ginn. Béi dëser Prozedur geet et ëm de Virworf, datt Polen mat senger Gesetzreform d‘Grondwäerter vun der europäescher Unioun a Fro stellt. Sollt Warschau och an dësem „Prozess“ veruerteelt ginn, kéint et derzou féieren, datt Polen d‘Stëmmrecht entzu gëtt…

Ugespéngelt: Wat d‘EU-Kommissioun zum Uerteel seet

Foto: Adrian Grycuk, Wikimedia Commons, CC BY-SA 3.0 pl

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, EUGH, Justizreform, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel