Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ausstellung NIGHT vs LIGHT – Wisou d’Nuecht esou wichteg ass
Neiegkeeten

Ausstellung NIGHT vs LIGHT – Wisou d’Nuecht esou wichteg ass

Déi däitsch-franséisch Ausstellung NIGHTS vs LIGHT bitt de Visiteuren d’Méiglechkeet

Wafferou fir Idlib
Neiegkeeten

Wafferou fir Idlib

Um Mëtternuecht ass an der nordsyrescher Provënz Idlib eng weider

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela
Neiegkeeten

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

Um Méindeg huet d‘EU Sanktioune géint politesch Leader vum Venezuela

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel

Um Mëttwoch huet den amerikanesche President de populäre Poopst François am Vatikan besicht. En abenteuerleche vis-à-vis mat engem Friddensappell ofgeschloss, virun dem Sommet en Donneschdeg zu Bréissel bei der NATO, wou den Trump de Kampf géint den Terror sollt ernimmen.

Et ass d’Éier vun engem Liewe senger Hellegkeet dem Poopst François ze begéinen. Ech verloossen de Vatikan méi entschloss wéi jee fir mech fir de Fridden an der Welt anzesetzen“ twittert den Locataire vum Wäissen Haus iert hien sech op de Wee a Richtung Bréissel gemaach huet. Do ass hien dann am spéiden Nomëtteg ukomm. Bréissel déi Stad déi hien emol als „Ratelach“ bezeechent hat, stoung ënnert verschäerfte Sécherheetsmesuren.

Hei begéint hien en Donneschdeg de Moien d’Staatscheffe vun der europäescher Union an direkt am Uschloss ass d’Reunioun um Setz vun der NATO. Ee Rendez-vous dee mat Spannung vun den Europäer erwaart gëtt, wëll se hoffen déi sëllech Differenze mam Trump aus dem Wee ze schafen. Och seng Kritik géint d’NATO, déi hien als „veraalt“ duergestallt hat iert sech besserem besënnt huet, hat Zweiwel zu Bréissel opkomme gelooss.

Fridden an der Welt

Am Vatikan, de Milliardär an de Poopst vun den Aarmen, zwee Männer wéi se verschidden net kéinte sinn. Fir unzefänken eppes verbass, sinn se no hirer 30 minuttelaanger Entrevue, méi entspaant vrun de Medien erschéngen. „Merci, Merci, ech wäert net vergiesse wat dir gesot hutt“ rifft den Trump beim Ofschid. Eppes méi Spéit, um Rand vun engem Treffe mat der italienescher Regierung sot hien dann nach „Dat ass wierklech een“.

Säitens dem Vatikan ass net méi komm wéi ee kuerze Communiqué, an deem just riets war vun enger „häerzlecher Diskussioun“ an „der Zefriddenheet iwwer gutt bilateral Bezéiungen“. De Poopst huet dann nach wollten op een „gemeinsamen Engagement zur Gonscht vum Liewen an der reliéiser a Gewëssensfräiheet“.

Hei muss ee wëssen, datt den Trump den Entreprisen an sengem Land erlaabt huet d’prise en charge vun der Verhiddung vun hiren Employéen ze Refuséieren, de Finanzement vun ONG’en déi den Avortement ënnerstëtze blockéiert an een äerzkonservative Riichter op den ieweschte Geriichtshaff ernannt huet. Dat war ganz am Sënn vu gutt der konservativer Halschent vum kathouleschen Elektorat dat fir hie gestëmmt huet, mee och dem Poopst. Wëll de François huet wuel den „revolutionären Image“ mee bleift ee strenge Verfechter vun der Traditioun am Kader vun den ethesche Froen.

Déi béid Männer hunn sech awer och iwwert d’Promotioun vum Fridden an der Welt ausgetosch, dorënner den interreliéisen Dialog am mëttleren Osten. Den hellege Stull huet sech just eng vague Allusioun zu den Immigratiounsbarrièren erlaabt. Op deem Punkt sinn se sech diametral opposéiert an de Poopst wënscht sech dann och just eng geloosse Kollaboratioun tëscht dem Wäissen Haus an der amerikanescher kathoulescher Kierch an sengem Gesondheetsdéngscht, der Bildung an de Migranten. Dat héiert sech gutt un an trotzdem sinn d’Sujeten déi fir Kaméidi suergen ongezielt.

Et ass elo dann awer net gewosst op de Poopst, een erkläerte Géigner vun der Verbreedung vu Waffen an dem Liberalismus deen déi Aarm ausschléisst, de Waffendeal iwwer 110 Milliarden Dollar mat Saudi-Arabien, oder d’Budgetskierzungen am soziale Beräich an den USA, ugeschwat huet. An de Klimawandel? Säitens dem Vatikan jiddefalls ass näischt duerchgedrongen, emol kucke wat dem Trump säin Twitteraccount nach esou hir gëtt.

Gewosst ass just, datt den amerikanesche President dem Poopst dem Martin Luther seng fënnef Bicher, dorënner eent ënnerschriwwe vum Friddensnobelpräisdréier, iwwerreecht huet. De François sengersäits huet dem Trump ee Medaillon mat Friddenssymbol an d’Hand gedréckt. „Ech ginn iech dee fir datt der een Instrument vu Fridde gitt“ huet hien erkläert.

Direkt nom Treffen ass de Poopst wéi all Woch seng traditionell Audienz vum Mëttwoch ofhale gaangen ouni do seng Entrevue mam Trump ze erwähnen. Den Trump hat allerdéngs de Privileg ee private Besuch vun der sixtinescher Kapell an der berühmter Basilika, dem Meeschterwierk vu Michel-Angelo a vum Bernin. Domadder huet den amerikanesche President säin Tour vun den dräi monotheistesche Reliounen dann och ofgeschloss.

Foto: De Poopst mam Trump während der privater Audienz am Vatikan (© Allessandra Tarantino/AFP)

Mat Clément Zampa a Jérôme Cartillier (AFP)

 

Ähnlech Sujeten Bréissel, Europa, Poopst, Trump, Vatikan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel