Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bei der Bank Hapoalim halen se näischt vun engem Sozialplang
sm entertainment dating contract Neiegkeeten men's dating blog

bumble new dating app

An der Mëttegstonn war d‘Leit aus dem Bankesecteur vun der

lesbian dating australia
sm entertainment dating contract Neiegkeeten men's dating blog

Egypten: Staatstrauer no Moschee-Massaker am Sinaï

Egypten begeet ab haut dräi Deeg Staatstrauer, aus Respekt fir

D’Haus vum Horror a Kalifornien: 13 Geschwëster agespaart an ugekett
sm entertainment dating contract Neiegkeeten men's dating blog

D’Haus vum Horror a Kalifornien: 13 Geschwëster agespaart an ugekett

13 Geschwëster agespaart, dorënner e Bëbee vun zwee Joer. E

Vum Schoulsport an d’Nationalequipe

Wéi zwee jonk Borschten innerhalb vun engem Schouljoer de Sprong an d’Lacrosse-Nationalequipe gepackt hunn

Vum Schoulsport an d’Nationalequipe

Et ass iergendwann immens séier gaangen. Ugefaangen huet alles, wéi ugangs vum Joer Spiller vu Lëtzebuerg Lacrosse mat gewësser Reegelméissegkeet a verschidde Lycéeë gaange sinn, fir e wéineg Reklamm fir deen neie Sport zu Lëtzebuerg ze maachen. Leschte Weekend huet déi Lëtzebuerger Nationalequipe un engem Virbereedungstournoi zu Prag (Tschechien) deelgeholl, wou een déi 4. vun insgesamt 8 Plaze beleeën a Polen souwéi Kroatien klappe konnt. Mattendra waren zwee Schüler aus dem Lycée Guillaume Kroll, déi viru kuerzem duerch de Schoulsport de Wee an de Kader fonnt hunn.

Mee fir d’éischt mol der Rei no.

Am Hierscht 2018 hunn e puer Sportsproffen un engem Lacrosse-Camp zu Zéisseng deelgeholl. Eng Delegatioun vun der Internationaler Lacrosse Federatioun ass op Lëtzebuerg komm an huet e ganze Weekend laang Formatiounen an Trainingen ugebueden. Dëst huet vereenzelt Enseignanten esou begeeschtert, datt si och deen een oder anere Kolleg dozou motivéiert kruten, dat mol an der Schoul auszeprobéieren.

Et ware virun allem déi engagéiert Sportsproffen aus dem Lycée Bel-Val an dem Lycée Guillaume Kroll (LGK), déi dës Sportaart och hirer Schülerschaft mol méi no brénge wollten. Lacrosse gëtt et iwwregens zanter ongeféier zwee an hallef Joer zu Lëtzebuerg. Fir den Ament gëtt et eng Härenequipe (Blacksmiths) an eng Dammenequipe (Black Lynx), wouvun dann heiansdo een oder zwee Spiller an de Sportunterrecht gaange sinn.

Nofro bei de Schüler & LGK gewënnt Tournoi an der Belsch

Wann dann den amerikaneschen Trainerstab ëm de Bruce Casagrande an de Peter Graham, allen zwee al Lacrosse-Fuussen, zu Lëtzebuerg waren, esou sinn och si mat hirer geballter Lacrosse-Kompetenz mat an de Lycée gaangen. An d’Friichte vun der Aarbecht sollt een onerwaart fréi recoltéieren.

Am Lycée Guillaume Kroll (LGK) huet den top motivéierte Sportsproff Olivier Haan et senge Schüler erméiglecht, reegelméisseg Lacrosse an der Schoul spillen ze kënnen. A wann da mol kee Spiller vum Veräin laanschtkomme konnt, esou huet hien den Training einfach selwer gehalen. Bemierkenswäert ass déi dach konstant Präsenz vun engem haarde Kär, wann ee bedenkt, datt dëst an d’Kategorie vun ausserschouleschen Aktivitéite fält. Déi Schüler bleiwen also extra wéinst dem Lacrosse méi laang an der Schoul.

Lacrosse

Eng staark Ekipp! D’Borschten aus dem Süde vum Land mëschen d’Lacrosse-Zeen op. Zesumme mam Trainer Peter Graham (an der Mëtt) a mat hirem engagéierte Sportsproff Olivier Haan (riets) representéieren si net nëmmen hire Lycée (LGK), ma och e Stéck wäit Lëtzebuerg zu Machelen an der Belsch. © LGK

Den 11. Mee 2019 ass den LGK dunn op säin éischten Tournoi gaangen, fir kuerzerhand mol d’Coupe fir déi éischt Plaz mat Heem ze bréngen. Als Underdog zu Machelen an der Belsch ugetratt, huet ee fir eng fauschtdéck Iwwerraschung gesuergt an de Géigner net wierklech eng Chance gelooss. Am Lycée ass reegelrecht e klengen Hype ëm déi duerchdriwwe Band ëm de Kapitän Ricardo Morim souwéi de Vizekapitän Gordon Lorentz ausgebrach. Déi ganz Direktioun war richteg houfreg op hir Delegatioun an de Succès huet sech natierlech séier an der Schoul rëmgesprach.

Wéi eis de Ricardo an de Gordon matdeelen, hu si am Ufank net vill Hoffnung gehat, groussaarteg eng um Tournoi ze rappen. Zil war et, Spaass ze hunn an als Ekipp besser ze ginn. Nodeems den éischte Match no haardem Kampf kuerz viru Schluss gewonne ginn ass, huet ee Blutt geleckt. D’Ekipp huet ab dunn gemierkt, datt ee keng Angscht brauch ze hunn an huet déi restlech Géigner reegelrecht iwwert de Koup gerannt – dobäi sief nach gesot, datt déi aner Mannschafte scho vill méi laang Lacrosse spillen.

“Hal der dee Weekend fräi, du gees mat op Prag!”

Sou koum et enges Daags iwwerraschend an awer och net, datt d’Nationaltrainer déi zwee Borschten an d’Nationalequipe beruffe wollten. De Ricardo erënnert sech nach ganz genau, wéi säi Sportsproff, den Olivier Haan, hien an de Büro geruff huet: “Hal der dee Weekend fräi, du gees mat op Prag!”. Och de Gordon konnt säi Gléck kaum faassen, wéi hien dës Noriicht iwwerbruecht krut.

Lacrosse

D’Lëtzebuerger Futtball Federatioun (FLF) war esou léif an huet dem Lacrosse hire Mannschaftsbus fir hir Prag-Rees zur Verfügung gestallt. © Lëtzebuerg Lacrosse

Sou séier kann et heiansdo am Liewe goen: Déi zwee Newcomer hate viru puer Méint mol eppes Neies an der Schoul ausprobéiert, an elo sollte si direkt scho bei de “Grousse” matwierken.

De Ricardo ass am Fong e passionéierten Handballer, wat dann och seng Duerchsetzungsfäegkeet erklären dierft. De Gordon war dogéint mol kuerz am Futtball. Kannt huet hien de Lacrosse-Sport awer schonn eng Zäitche virdrun, haaptsächlech aus Serien a Filmer – an hie wollt dat onbedéngt mol ausprobéieren. E Gléck also, datt et do en engagéierte Sportsproff ginn ass, deen am stännegen Austausch mat Lëtzebuerg Lacrosse steet.

Iwwerraschung: Lëtzebuerg klappt Kroatien a Polen!

Den nächste groussen Highlight war dann de Weekend vum 5. bis de 7. Juli, wou d’Selektioun um EC19LAX, engem Virbereedungstournoi zu Prag, deelgeholl huet. Dëst sollt als wichtegen Orientéierungspunkt fir d’Equipe gëllen – wëll een dach nächst Joer op d’Europameeschterschaft a Polen fueren. An och do sollt et zu enger zolitter Iwwerraschung kommen.

Direkt am éischte Match huet Lëtzebuerg en déckt Ausruffungszeeche gesat. Mat 9:4 klappe si de Géigner aus Kroatien. Nodeems sech eis rout-wäiss-blo Männer e wéineg erblose konnten, ass et quasi direkt mam nächste Match géint Holland weidergaangen. An dësem huet een eng uerdentlech Partie geliwwert, ma et sollt am Endeffekt net ganz duergoen. Mat 7:3 ass een den Hollänner ënnerleeën. Den Dag drop sollt een dann nach eemol zwee offiziell Matcher hunn, wat och e gudden Test fir d’Fitness duerstelle sollt.

Moies fréi koum et dunn zu enger nach méi décker Iwwerraschung. Lëtzebuerg gewënnt mat 4:3 géint Polen a konnt soumat erfollegräich Revanche vum Joer virdrun huelen – hat ee lescht Joer op der Weltmeeschterschaft an Israel nach eng uerdentlech an der Gruppephas op den Deckel kritt (deemools 16:5 fir Polen).

Géint Spuenien huet een dunn onglécklech mat 4:3 verluer. Ma d’Lëtzebuerger Delegatioun dierf trotzdeem houfreg op sech sinn. Am Endeffekt beleeë si déi 4. vun insgesamt 8 Plazen.

Lacrosse

© EC19LAX

Fairerweis muss een awer och soen, datt e puer Amerikaner bei Lëtzebuerg matgespillt hunn – wat a ville Sportaarten an och am Lacrosse sou üblech ass. Laut Reglement ass dat och zougelooss a jiddwer Equipe huet sou “hir” Amerikaner. Et sief gesot, datt Lëtzebuerg Lacrosse sech matten an der Entwécklung befënnt. A fir dës am beschte virun ze dreiwen, mécht et duerchaus Sënn, sech extern Experten an d’Boot ze huelen, fir datt “eis” Leit mëttel- a laangfristeg dovunner profitéiere kënnen.

Nach ni sou ee staarken Teamgeescht gesinn

Fir de Ricardo an de Gordon war dësen Ausfluch eng “mega Experienz”, wéi si Moien.lu géintiwwer matdeelen. Wat hinnen zwee am meeschten imponéiert huet, war den Zesummenhalt an der Ekipp. Soubal Lëtzebuerg e Gol geschoss kritt huet, huet kee Mënsch de Kapp hänke gelooss – am Géigendeel. Et huet ee sech géigesäiteg opgebaut a jiddereen ass fir deen anere gelaf. Wéi de Gordon gesteet, huet hien nach ni sou ee staarken Teamgeescht gesinn wéi hei. Fir si war et och flott, datt et fir Defensiv- an Offensivberäich verschidden Trainer gëtt, déi richteg Experten an hirem Feld sinn.

A well et sou flott ass, Lacrosse ze spillen, ass dëse Méindeg nom Retour vu Prag direkt weidergespillt ginn. Um Schoulfest vum LGK war eng Equipe aus dem Lycée Belval fir e Gala-Match invitéiert – e schéinen Ofschloss vun engem turbulente Joer!

Lacrosse

(v.l.n.r.) Gordon Lorentz, Noah Parker, Ricardo Morim, Olivier Haan © Lëtzebuerg Lacrosse

Et dierft ee gespaant sinn, wéi déi ganz Saach sech an Zukunft weider entwéckele wäert a mir wäerten de Ricardo an de Gordon weiderhin op hirem Wee begleeden. Fir déi zwee Borschten heescht et no der Summervakanz awer och, sech op dat Schoulescht ze konzentréieren. De Ricardo (18) wëll Infirmier ginn an de Gordon (16) wéilt deemnächst gäre mol mam Führerschäin ufänken.

Bis dohin heescht et wéi am Krees vun der Equipe: 1, 2, 3 Lëtze-BUERG!

Opmaacherfoto: © Olivier Haan

Ähnlech Sujeten EC19LAX, Lacrosse, Lëtzebuerg Lacrosse, LGK, Lycée Bel-Val, Lycée Guillaume Kroll, Nationalequipe, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel