Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verantwortung ass gutt, sech këmmeren ass besser
Kultur Stories

Verantwortung ass gutt, sech këmmeren ass besser

Beim Tornado dee sech den 9. August an de Gemenge

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor
Kultur Stories

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor

Datt sech an der Nordstad vill deet, gesäit een: Am

De Sultan mécht Eescht an d‘Grenzen op
Kultur Stories

De Sultan mécht Eescht an d‘Grenzen op

Dem Sultan Recep Tayyip Erdogan seng militäresch Invasioun am syreschen

Vum Zelt an de Schapp: Zirkus zu Lëtzebuerg

Vum Zelt an de Schapp: Zirkus zu Lëtzebuerg

Um vergaangene Weekend hat Zaltimbanq Zirkus asbl seng Schüler, deenen hir Elteren a Frënn agelueden, am Kader vun enger „Porte Ouverte“ sech esou wuel vun der Qualitéit wéi och vun der Leeschtung vun de jonken Artisten an Artistinnen an der Zirkusschoul um Lampertsbierg ze iwwerzeegen. Déi huet hei säit engem gudde Joer hire Setz, an et dierf een sech mat hinnen iwwer dee schéine Site freeën.

Dësen Dag vun der oppener Dier, kuerz no der 12. Woch vum Zirkus ënnert dem Zelt, déi ugangs Mee stattfonnt hat, war dann och eng gutt Geleeënheet fir sech Zaltimbanq vu méi no unzekucken. Esou hu mir de Sonndegmueren dem Marc Strasser, dee mir zu Reportagezwecker einfach emol zum „Zirkusdirekter“ ernannt hunn, dann och vill Informatiounen ofverlaangt. An engem éischten Ament si mer dann och kuerz op den Zirkusfestival agaangen.

 

Während der Porte Ouverte vun der Zirkusschoul Zaltimbanq © Martine de Lagardère

Et ass wichteg fir d’Kanner, datt si do kënnen optrieden. Mat véier ëffentleche Virstellungen, déi all beschtens besicht waren an och Virstellungen déi de Schoule virbehale sinn, hate mer dann och enge helle Wull un Aarbecht“, esou de Marc. Bei dësem Fest ënnert dem Chapiteau sinn dann och ëmmer nees Gäscht aus dem Ausland do. Dëst Joer war et eng ganz Trupp aus Island, mee och Fransousen an Italiener, esouguer ee Südamerikaner, deen zwar zu Bréissel Wunnt, waren op de Kierchbierg komm fir zum Erfolleg bäizedroen.

D’Virstellunge vir d’Schoule sinn eigentlech Matineeën“, verréit eis den Zirkusdirekter a mir si fest dervunner iwwerzeegt, datt dëst därer Muerender ware bei deene kengem Schüler d’Aen zougefall sinn. Iwwerhaapt schafft Zalimbanq gutt a gäre mat Schoulen zesummen. Coursen a Stagë ginn esou och zu Miersch am Lycée Ermesinde ugebueden.

Firwat et dann esou kuerz nom Festival, dee jo awer sécherlech béis un d’Substanz gaange muss sinn, nach eng „Porte ouverte“ organiséiert gëtt, huet verschidde Grënn. „Hei trieden se all op“, seet eis de Marc „a mir wollten dat Konzept emol probéieren.“ Et schéngt awer och nach denkbar, datt ee fir d’nächst Joer ee spéideren Datum festleet, wat dann zum Zäitpunkt vun eisem Gespréich net weider konnt definéiert ginn. Wichteg ass dem Marc awer, datt besonnesch d’Elteren an d’Famill am grousse ganzen sech hei während zwee Deeg konnten ee Bild vu maache wat an der Zirkusschoul geléiert gëtt.

 

Porte Ouverte vun der Zirkusschoul Zaltimbanq, d’Elteren hunn sech eng Freed gemach d’Exploiten vun hire Kanner ze dokumentéieren © Martine de Lagardère

Fir dëst Joer si ronn 250 Schüler an der Schoul, a wa mer dem Marc richteg nogelauschtert hunn, dann ass domadder och schonn esou zimlech d’Kapassitéitsgrenz erreecht. Mir sinn dann nach gewuer ginn, datt e Strategiewiessel bevirsteet an ee Volet Schoul an ee Volet Artistique déi nächst Jore sollte bestëmmen. „Et ass wichteg, datt mir eis net nëmmen op Course beschränken, mee eise Schüler och déi ënnerschiddlech Aspekter, wéi Technik, Administratioun a Pedagogik mat op de Wee ginn“, esou den Zirkusdirekter ofschléissend.

Eng Artistin kritt d’Wuert

An enger Zirkusschoul mat erwuessenen ze Diskutéieren an eng Saach, vill méi flott ass et awer vun de Schüler selwer gewuer ze gi wat am Schapp lass ass a wéi een zum Zirkus kënnt. Fir den Interview stoung ons erfreelecherweis déi 13 joer Jonk Artistin Mona aus der Stad Ried an Äntwert. Dës jonk Fra ass schonn am fënnefte Joer ganz aktiv derbäi. Do wollte mir da wësse wat seng Spezialitéite wieren.

 

D’Mona vun der Zirkusschoul Zaltimbanq,Tisu, Akrobatik an Eerad sinn d’Spezialitéite vum Ament © Martine de Lagardère

Eerad, Tissu an Akrobatik sinn déi dräi Beräicher a deenen ech mech wuel fillen“, seet d’Mona an „ech trainéieren an der Moyenne dräi Deeg an der Woch.“ An direkt duerno si mer da gewuer ginn, wéini dat ganzt ugefaangen hat; „ […] am drëtte Schouljoer. Meng Nopesch huet dat scho gemaach an ech wollt dat dunn och maachen. Mäi Papp war net dogéint a esou hunn ech dat da mat mengem Brudder probéiert. Säit dem sinn ech derbäi.“ Mier dierfen elo hei net verroden, datt déi Nopesch tëschenzäitlech aner Interessien huet a wëllen dann och léiwer gewuer gi wat am meeschte Spaass mëscht.

Am léifsten trieden ech natierlech am Zelt op“, erzielt d‘Mona a mengt, datt déi ganz Atmosphär an alles wat een esou mat engem Zirkus verbënnt, guer net ouni Zelt virstellbar ass. A souwisou ass zu gudder Lescht och déi Freed do, déi een nëmmen zum Ausdrock brénge kann, well een dat ganz mat aneren, déi dat och esou gesinn, zesumme mëscht. „Mir hëllefen och beim Opriichten, dem Merchandising a gären och beim Gedrénks“, verréit d’Mona.

Wat d’Zukunft esou wäert brénge bleift nach op „ech well mech emol op jiddwerfalls verbesseren a mech verstäerkt op den Aerien konzentréieren“, seet eis d’Mona, datt sech elo virgeholl huet an engem spezifesche Cours seng Technik ze verfeineren. „Donieft wëll ech awer och dem Eerad trei bleiwen“, verréit hat nach iert dann et och nees ënnert Gläichgesënnte verschwonnen ass.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Zaltimbanq, Zirkus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel