Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach
International Neiegkeeten

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach

Et ass de norwegeschen Ëmweltminister Ola Elvestuen deen der brasilianescher

De Minister Asselborn besicht d’Flüchtlingsfoyeren zu Miersch an Tandel
International Neiegkeeten

De Minister Asselborn besicht d’Flüchtlingsfoyeren zu Miersch an Tandel

Gëschter huet den Jean Asselborn, Minister fir Immigratioun an Asyl

Krautmaart: de Budget ass duerch!
International Neiegkeeten

Krautmaart: de Budget ass duerch!

Et gouf gëschter um Krautmaart nach déi leschten „Interventiounen“ zum

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen

Onpopulär awer néideg… haut annoncéiert déi franséisch Regierung d‘Erofsetze vun der Geschwindegkeeten op Land- a Niewestroosse vun elo 90 op dann 80 Km/H. Eng kontestéiert Moossnam déi awer als noutwenneg ugesi gëtt, fir d‘Stierwen op de Stroossen anzedämmen.

„Wann ee muss onpopulär si fir Liewen ze retten, dann akzeptéieren ech dat“, esou de Premierminister Edouard Philippe am JDD (Journal du Dimanche) zwee Deeg virun der interministerieller Rotssëtzung zur Verkéierssécherheet.

Eng national Erausfuerderung

Alles an allem, sollen hei 15 bis 20 Mesure bestëmmt ginn, déi d‘Zuel vun der Verkéiersdoudege soll bedeitend reduzéieren. Vun 2013 bis 2016 ass Zuel vun den Affer vun 3.268 op 3.477 geklommen, eng Hausse déi Frankräich zanter 1972 net méi gesinn huet.

„Dëse globalen an ambitiéise Plang ziilt drop of, d‘Sécherheet am Verkéier zur nationaler Erausfuerderung ze maachen“, esou eng Quell déi no um Dossier ass.

Ab dem 1. Juli soll d‘Vitess op Land- a Niewestroosse vun 90 op 80 Km/H erofgesat ginn

Eng Moossnam zitt dann awer déi ganz Opmierksamkeet op sech: ab dem 1. Juli soll d‘Vitess op Land- a Niewestroosse vun 90 op 80 Km/H erofgesat ginn. Betraff si ronn 400.000 Kilometer vum franséische Stroossennetz. Net betraff wieren d‘Schnellstroossen.

2016 hunn d‘Land- a Niewestroosse 55% vun den déidlechen Accidenter ausgemaach. Hei d‘Vitesse konsequent erofzesetzen, kéint all Joer tëscht 350 a 400 Liewe verschounen, esou d‘Siicht vun der Regierung.

An d‘Mesure gëtt scho säit Jore vu Veräiner an Associatiounen zur Stroossesécherheet gefuerdert, déi sech op d‘Aarbecht vun de schwedesche Fuerscher Nilsson an Elvik beruffen. Déi wëllen erausfonnt hunn, datt eng Baisse vun 1% bei der Vitesse, eng Baisse vu 4% vun den déidlechen Accidenter mat sech bréngt.

„Et muss een dës Mesure ouni Konzessioun ergräifen“, seet d‘Presidentin vun de Liga géint Stroossegewalt, Chantal Perrichon. Déi franséisch Press huet um Dënschdeg der Mesure hir Ënnerstëtzung ginn, déi se als „Elektroschock“ bezeechent.

D‘Kommunikatioun ass de Schlëssel

Den Impakt vun der Mesure virauszesoen ass net méiglech. Et hat wuel tëscht Juli 2015 a Juli 2017 en „Test“ ginn, mee deen entsprécht net de wëssenschaftleche Kritären, an esou ass et net méiglech Schlëss aus den Donnéeën ze zéien.

Als Versuch war eng Streck vu 86 Kilometer während zwee Joer observéiert ginn. Fir seriö Resultater virzeleeën, déi och wëssenschaftlech gestëtzt kënne ginn, misst een de Versuch wéinstens fënnef Joer duerchféieren. Et huet sech awer erginn, datt d‘Duerchschnëttsvitesse erofgaangen ass, ouni datt et méi Stau ginn hätt. D‘Accidenter sinn op der Teststreck zréckgaangen.

„D‘Kommunikatioun ass de Schlëssel“ heescht et vu Matignon. „Et muss ee wuel eng massiv Campagne organiséieren, fir ze erklären, datt dëse klengen individuellen Effort, fir d‘Allgemengheet e wierkleche Gewënn ass“, esou eng weider Quell aus dem Ëmfeld vum Dossier.

Et kritt een dann och näischt vir näischt, eleng d‘Käschte fir déi gutt 20.000 Verkéiersschëlter „ze tauschen“ dierfte bis zu zéng Milliounen Euro ausmaachen, schätzt d‘Regierung.

Zweiwel un der Moossnam

D‘Verbänn vun den Automobilisten zweiwelen drun, datt dës Mesure fir manner Doudeger op franséische Stroosse wäert suergen.

„Et gëtt kee Grond sech der Vitesse unzehuelen. D‘Autoe gi kontinuéierlech besser, d‘Qualitéit vun de Stroossen och. An et gëtt scho Schëlter mat „70“ op dëse Stroossen wa eng Geforequell besteet“, esou de President vu „40 Milliounen Automobilisten“, Daniel Qero, deen an dëser Mesure eenzeg eng weider repressiv Moossnam gesäit.

„Dräivéierel vun de Fransouse wëllen dat net, well se et och net verstinn“ esou den Daniel Qero, de fir sech revendiquéiert eng Petitioun mat 600.000 Ënnerschrëfte géint déi 80 Km/H virgeluecht ze hunn.

83% vun de Befrote sinn iwwerzeegt, datt et hei eenzeg an eleng drëms geet, d‘Zuel vun de Protokoller an d‘Luucht ze dreiwen.

E Sondage vun „Harris interactive“ deen um Dënschdeg fir RMC an Atlantico verëffentlecht ginn ass, beseet, datt 59% vun de Befrote géint d‘Mesure sinn. 83% vun de Befrote sinn zudeem iwwerzeegt, datt et hei eenzeg an eleng drëms geet, d‘Zuel vun de Protokoller an d‘Luucht ze dreiwen.

Net d‘Vitesse eleng

D‘Erofsetze vun der Vitesse ass dann awer net déi eenzeg Mesure déi d‘Regierung wëll ergräifen, fir d‘Zuel vun den Doudegen am Stroosseverkéier an de Grëff ze kréien. Och dem Alkohol hannert dem Steier wëll d‘Regierung eppes entgéint setzen, dee gëtt ëmmerhi fir 29% vun den déidlechen Accidenter verantwortlech gemaach.

Fir deem ze begéinen, wëll déi franséisch Regierung d‘Benotze vun „Anti-Start-Alkoholtester“ erliichteren. Fir unzefänke bei deene Chauffeuren déi schonn emol mat méi wéi 0,8 Promill erwëscht gi sinn an dann och bei de Widderhuelungstäter.

De System ass, u sech einfach: do ass e Réierche wou ee muss dra blosen, a wann et „es ze vill ass“ start den Auto net. Aktuell ass et am Frankräich eng Alternativ zum Entzuch vum Permis, mee d‘Regierung gesäit an, datt d‘Mesure versot huet. Et soll dann och wiesentlech méi haart Strofe ginn, fir wien mam Telefon um Steier erwëscht gëtt.

Ganz allgemeng wëll d‘Regierung awer d‘Bierger iwwerzeegen, datt et hire Behuel ass, deen d‘Sécherheet vun den aneren, mee och déi eege garantéiert. Fir sécherzestellen, datt och jiddereen et matkritt, gi Sensibiliséierungscampagnen op den Universitéiten, an de Betriber, a fir d‘Senioren och bei den Hausdokteren, organiséiert.

mam Simon Valmary/AFP

Ähnlech Sujeten Eduard Philippe, Frankräich, Stroosseverkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel