Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bausecteur erzwéngt parlamentaresch Fro
Neiegkeeten

Bausecteur erzwéngt parlamentaresch Fro

D‘ULC hat et an engem Communiqué zimmlech däitlech duergestallt: Am

D’App SANTE.lu ass a Betrib!
Neiegkeeten

D’App SANTE.lu ass a Betrib!

Fir der Bevëlkerung den Informatiounszougang zur ëffentlecher Gesondheet ze erliichteren

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm
Neiegkeeten

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm

Am Kader vum 100 järege Gebuertsdag vun der Internationaler Astronomen

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!

Duerch Halloween, Allerhellgen an de verlängerte Weekend hat d’Police déi vergaangen Deeg keng roueg Minutt. Vu liichte bis schwéieren Accidenter, iwwert ee Gefier a Flamen, alkoholiséiert Chauffeuren, een Rei Iwwerfäll an enger geklauter Méimaschinn war wuel de volle Programm gebueden.

Ugefaangen huet alles um Donneschdeg, wou eng Mataarbechterin vun enger Tankstell net fir déi éischt Kéier beim Klauen un der Geschäftskeess erwëscht ginn ass. Scho säit Méint huet si reegelméisseg Suen, viraussiichtlech am fënnefstellege Beräich, matgoe gelooss. Nom Artikel 464 vum Strofgesetzbuch erwaart si eng Prisongsstrof tëscht 3 Méint bis 5 Joer, sou wéi eng Geldstrof vun 251 bis 5.000 €.

Weider goung et zu Dikrech mat engem Iwwerfall op eng Passantin. Nodeems dräi Dammen no Suen heesche komm sinn, d’Passantin awer net wollt noginn, ass dës widder eng Mauer gestouss, d’Kette vum Hals gerappt an d’Posch no Wäertgéigestänn duerchsicht ginn. Déi Schëlleg si schliisslech, bekleet mat donkele Mäntel a Richtung Rue du Palais geflücht, konnten awer net vun de Beamten fonnt ginn. D’Affer huet keng Blessuren dovu gedroen.

„Dat gesäit jo aus, wéi meng Méimaschinn. Dat war meng Méimaschinn…“ Genau dat huet sech wuel ee Bewunner aus der Rue de Hamm geduecht, wou hie beim Heem-Kommen an der Nuecht eng suspekt Persoun an der Strooss gesinn huet. No enger kuerzer Verfolgung huet hien dës Persoun mat enger Méimaschinn fort trëppele gesinn. Doheem ukomm huet hie misse feststellen, datt et sech wuel ëm seng Méimaschinn gehandelt huet. Gutt annerhallef Stonn méi spéit huet de Beklauten der Police gemellt, datt déi verdächteg Persoun nees do wier, dës Kéier mat engem Sportskuerf.

D’Beamte konnten de Verdächtegen, dee staark alkoholiséiert war, bei enger Tëmpchen op der Strooss untreffen. A sengen Akafstuuten goufe 24 Fläsche Routwäi séchergestallt. Donieft hat de Mann gréisser Geldzomme vu verschiddene Wärunge bei sech. Op Uerder vum Parquet ass de Verdächtegen an d’Ausniichterungszell bruecht a seng Sue beschlagnaamt ginn. D’Méimaschinn konnt leider net fonnt ginn.

Alkohol um Steier

Zolidd Geschrupps a Geknupps uechtert d’Land

Um Owend vun Halloween ass ee Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Géint 19 Auer koum de Chauffeur op der Streck vu Biergem a Richtung Steebrécken gefuer, wou bemol eng Persoun tëscht de geparkte Gefierer laanscht d’Strooss opgedaucht ass an iwwert d’Strooss lafe wollt. De Blesséierten ass mat der Ambulanz an d’Spidol bruecht ginn.

Dës weidere koum et zu Dikrech zu engem Accident mat dräi Autoen, woubäi eng Damm blesséiert ginn ass. Ee bedeelegte Chauffeur stoung ënnert Alkoholafloss. Nodeems den Test dat Dräifacht vum Maximalwäert ugewisen huet ass him de Permis entzunn an ee provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat ginn.

Och zu Ëlwen krut eng Persoun de Führerschäin ewech geholl. Beim Wiessele vun engem Platten ass de Beamten opgefall, datt och d’Felg uerdentlech demoléiert war an datt de Mann no Alkohol riche géif. Nom Alkoholtest krut och hien nach ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Nach ëmmer um selwechten Owend géint 22 Auer war ee Chauffeur mat engem roude Volvo V40 a Lëtzebuerger Plack um CR343 vun Draufelt a Richtung Näidsen ënnerwee. Kuerz virun der Ofzweigung op Boukels koum op riichter Streck een donkelen Auto entgéint an huet beim laanscht Fueren de Volvo geschruppt, de lénke Spigel erofgerappt an d’Chauffeursfënster zerstéiert. De Schëllegen ass ouni stoen ze bleiwen direkt virugefuer. Persounen, déi Informatiounen zu dësem Virfall hunn sollen sech bei der Dikrecher Police (Tel.: 24 48 01 000) mellen.

An der Rue de Kirchberg huet um 3 Auer Nuets eng Damm d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer. Als éischt ass si géint eng Mauer geknuppt, uschléissend géint d’Ofspärgitter gerutscht, ier si um Trottoir zum Stoe komm ass. Dräi stationéiert Gefierer goufe bei dësem Stunt beschiedegt an och dëse Chauffeur stoung nees ënnert Alkoholafloss, krut de Führerschäin entzunn an ee provisorescht Fuerverbuet erdeelt.

Bal zur selwechter Zäit huet zu Zolwer ee Gefier zwee Police-Autoe gekräizt, woubäi ee Gefier op d’Géigespur koum a bal mat de Beamte kollidéiert ass. D’Poliziste konnten de Chauffeur schliisslech doheem beim Parken untreffen. De Mann, deen um Owend wuel uerdentlech getut huet, hat ee Kand vu 5 Joer mat am Auto. Déi üblech Moossnamen hunn de Chauffeur erwaart.

Kuerz viru 5 Auer huet d’Police zu Weiler-um-Tuerm ee Gefier am Gruef entdeckt. De Chauffeur war net blesséiert, allerdéngs staark alkoholiséiert a misst de Führerschäin ofginn. Ee provisorescht Fuerverbuet huet och him gebléit. E bëssi méi spéit ass an der Rue de Neudorf an der Stad eng Persoun duerch geféierlecht Fuerverhalen ugehalen a kontrolléiert ginn. Och hei war nees Alkohol am Spill. De Permis ass fort.

Alkohol um Steier

Och Allerhellgen huet net besser ausgesinn

Um Owend vum 1. November wollten sech Abriecher an engem Eefamilljenhaus zu Beetebuerg wuel e bëssi opwiermen. Duerch d’Fënster sinn si erageklommen an a sinn hirem Metier nogaangen. Ähnlech goung et zu Diddeleng a Péiteng. Hei goufen Haiser a Wunnengen duerchwullt, d’Police ermëttelt.

Bleiwe mir emol am Minett. Kuerz no Mëtternuecht huet zu Péiteng eng Fra d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an dobäi zwee stationéiert Autoe beschiedegt. Glécklecherweis ass si beim Virfall net blesséiert ginn, stoung awer – wéi sollt et fir dëse Weekend anescht sinn – ënnert Alkoholafloss. Och si muss elo op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen.

Wärend dësem Asaz sinn d’Beamten enger Kollisioun mat engem Auto knapp dervu komm. A staarke Schlaangelinne koum ee Chauffeur de Polizisten entgéint an huet eréischt am leschte Moment d’Steier ëmgerappt. Trotz Verfolgung mat Bloliicht a Siren wollt de Mann net stoppen. Nodeems een d’Gefier iergendwéi zum Stoe bruecht huet konnt och dëse Chauffeur de Führerschäin duerch ze vill Alkohol am Blutt ofginn.

Zu Kolmer-Bierg war näischt Héichprozenteges am Spill. Géint 2:30 Auer sinn op der N7 zwee Gefierer aus ongekläerte Grënn kollidéiert. Heibäi gouf ee Chauffeur am Auto ageklemmt an huet missen erausgeschnidde ginn. Béid Persounen – dovun eng liicht, an eng schwéier blesséiert – goufen an d’Spidol bruecht. Op uerder vum Parquet sinn d’Gefierer beschlagnaamt ginn.

SNPGL

Och de Samschdeg war sëffeg

Wien denkt, datt et elo duergeet mat de ganze Virfäll an Accidenter, dee muss leider nach e bëssi duerhalen. Um Parking vun der Sandweiler Gare huet aus onbekannte Grënn een gefier Feier gefaangen. Brandstëftung kann net ausgeschloss ginn. Op Uerder vum Parquet ass den Auto beschlagnaamt ginn an d’Kriminalpolice geet elo weider Ënnersichungen un.

Um fréien Nomëtteg hat ee Chauffeur scho gutt an d’Glas gekuckt. An der Rue de Neudorf an der Stad ass hien ongebremst an déi kalifornescht Mauer vun engem Chantier gerannt. Den Auto hannendrun konnt nach am leschte Moment auswäichen, huet dobäi awer dat accidentéiert Gefier geschruppt. Liicht blesséiert ass de Chauffeur vum éischte Won an d’Spidol bruecht ginn. Duerch d’Resultat vum Alkoholtest kann hien sech an Zukunft d’Käschte vum Bensin spueren.

Op der Autobunn A13 Péiteng Richtung Schengen ass de Beamten no Mëtternuecht ee Gefier mat extremer Geschwindegkeet opgefall, an dat trotz Reen an Aquaplaning Gefor. Bei der Opfaart huet de Chauffeur d’Virfaart net respektéiert an ass iwwert d’Pannespur gefuer, fir dat anert Gefier net ze touchéieren. Nodeems de Raser bei Keel gestoppt konnt ginn, huet ee misse feststellen, datt och bei him den Alkoholtest positiv ausgefall ass. Äddi Permis!

Ee weideren alkoholiséierte Chauffeur ass an der Rue de Schifflingen zu Esch-Uelzecht erausgezu ginn. De Mann ass de Beamten opgefall, wëll hien duerch eng rout Luucht gefuer ass an trotz Verfollegen duerch d’Police keng Anstalte gemaach huet, fir stoen ze bleiwen. Mat Schlaangelinnen ass hien dem Horizont entgéint gefuer an huet dobäi engem geparkte Gefier de Spigel ewech matgeholl. Dat war schliisslech de Moment fir de Mann unzehalen an him nom positiven Alkoholtest de Führerschäin ewechzehuelen. Déi selwecht Prozedur huet engem alkoholiséierte Chauffeur zu Schëffleng gebléit.

Alkohol um Steier

Geklaut gouf och nach!

Um Owend ass um Trottoir zu Medernach eng Passantin vun hannen ugegraff an op de Buedem gedréckt ginn. Den Täter huet hir d’Posch geklaut an ass geflücht. Wat een Held…

Ähnlech ergoung et engem Mann am Park beim Parking a Clausen. Hie gouf nämlech vun zwee jonke Männer zesummegeschloen a krut uschléissend den Handy, sou wéi d’Boergeld geklaut. D’Affer huet eng Plainte gemaach.

Ee méiglechen Abroch an engem eidelen Haus zu Bouneweg gouf der Police géint 18 Auer gemellt. Hei konnt ee Mann op der Plaz, nach virun der Dot iwwerwältegt ginn. Géint hie gouf ee Protokoll erstallt. Bal zur selwechter Zäit ass zu Zéisseng een Abriecher an engem Eefamilljenhaus iwwerrascht ginn. Wou d’Bewunner Heem komm sinn huet de Mann d’Flucht ergraff. D’Zëmmere waren op der Kopp, divers Wäertgéigestänn hat den Abriecher matgeholl.

Ähnlech Sujeten Abréch, Abriechen, Accident, Alkohol um Steier, Alkoholtest, Ausniichterungszell, Déifstall, Gefier a Flamen, Halloween, Iwwerfall, Méimaschinn, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel