Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier
Neiegkeeten

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier

Honnertdausende Katalanen hunn e Sonndeg zu Barcelona géint d‘Haft vun

Gewalt géint Fraen a Mënscherechter am Fokus vum Regierungsrot
Neiegkeeten

Gewalt géint Fraen a Mënscherechter am Fokus vum Regierungsrot

De Summer geet op en Enn, an net nëmmen d’Gemengewahle

Kampf géint den Drogenhandel
Neiegkeeten

Kampf géint den Drogenhandel

De „klengen Dealer“ op der Strooss ze erwëschen ass méi

Vun Drogen, presséierte Mënschen a verluere Führerschäiner

Et war nees eng lass uechtert d‘Land

Vun Drogen, presséierte Mënschen a verluere Führerschäiner

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet eis Police am Raum Klierf, mat enger zéng Mann staarker Equipp, déi vu véier Policeschüler an zwee Hondsführer begleet goufen, eng gréisser Kontroll duerchgefouert. An dës Aktioun waren d‘Kommissariater: Ourdall, Ëlwen, Ardennen an Dikrech agebonnen. Bei dëser Kontroll huet de Schwéierpunkt op der Sich no Droge geleeën.

Eng éischt Kontroll op der Bus-Gar beim Lycée, géint 22 Auer, huet Friichte gedroen. Wéi d‘Muppe mat hire sensibelen Nuesen d‘Passagéier vun engem Bus erfaasst haten, hunn direkt sechs jonk Mënschen nei Frëndschafte geschloss. Domatter net genuch: an dräi Busser sinn d‘Beamten och op Droge gestouss, woubäi déi an dësem Fall kengem Besëtzer konnte sécher zougeuerdent ginn.

Beschlagnahmt goufen hei 54,1 Gramm Haschisch, eng klenger Meng Marihuana, zwou „lëschteg“ Zigaretten, ee bëssi Kokain an eng „Muelmaschinn“. Laut dem Policebericht huet d‘Kontroll vun den alafenden Zich (géint Mëtternuecht) näischt bruecht. Fir eng lescht Kontroll sinn d‘Polizisten op de Bal gefuer. Hei hunn d‘Hënn Drogen um Buedem fonnt, déi wuel ewech geworf goufen, an déi méiglecherweis vun de Besëtzer beim Ubléck vun den Zankerten „entsuergt“ hu misse ginn.

Bei esouvill Dommheet kann ee just de Kapp rëselen

Um Samschdeg 18 Auer huet déi national Verkéierspolice d‘Vitesse am Tunnel Grouft gemooss, an hei hunn d‘Beamten net schlecht gestaunt, wéi e Chauffer mat 123 Km/H laanscht si gefligert ass. De Won gouf verfollegt, firwat sech de Pilot muss geduecht hunn. „Aha eng Course!“, an dorops hin déi riets Pedall un den Ënnerbuede festgeschrauft hat. D‘Zuelen um Tacho hu sech iwwerschloen…

Bei esou engem Raudi hu sech d‘Beamte geduecht et ass besser Ofstand ze halen, et muss ee jo keen onbedeelegten a Gefor bréngen. Si hunn awer de Kollege Bescheed gesot, déi sech mat hinnen op d‘Sich no dësem wierklech immens presséierte Mënsch gemaach hunn. An der tëscht war dat Kallef och enger Damm opgefall, déi dësen dem 113 gemellt huet.

D‘Fra huet der Police erzielt, datt de Mann hannert dem Steier sech ganz geféierlech beholl hätt, an esouwuel lénks wéi riets iwwerholl huet. No enger Iwwerpréiwung vum Gefier war du gewosst wien de presuméierte Pilot war. Interessanterweis, huet d‘Police dunn och verstanen, firwat sech de Mann duerch d‘Bascht gemaach huet. Hien dierf, esou wëll en Uerteel, guer net mam Auto fueren.

Et war dann um Rouscht wou d‘Beamten dat gesichte Gefier nees entdeckt hunn. Mee och hei war et dem Mann nach ëmmer net no engem Gespréich mat der Police. Net ganz gescheit, oder zumindest net kënneg, ass de Verkéiersraudi an enger Sakgaass gelant. An hei wier d‘Geschicht un a fir sech och eriwwer, mee dat géif viraussetzen, datt de Pilot eppes wéi Verstand huet…

Verstand hat de Chauffer keent, dofir eng sportlech Oder. Wat een net droe kann, léisst e leien oder wei hei „stoen“. De Mann huet sech jiddefalls duerch eng Heck verfuusst, an d‘Juegd huet nees missen opgeholl ginn. De Parquet gouf informéiert, an deen huet d‘Gefier sécherstelle gelooss iert – oh Wonner – de Mann sech eppes besserem besënnt huet, a sech fräiwëlleg der Police gestallt huet.

Eppes vill duuschtereg

Um Sonndegmuere géint 3.30 Auer, huet eng Persoun e Chauffer um 113 gemellt, dee mat sengem Auto „Slalom“ gefuer ass. De frëndlechen Uruffer hunn d‘Beamten um Telefon, bis zum Antreffe vun de Kollegen, gehalen. Déi hunn dat gemellte Gefier séier erkannt an ugehalen. De Geroch vun Alkohol wier och mat Schnapp wouergeholl ginn, den Test huet et leedeglech bestätegt.

Um 5 Auer Mueres waren et déi Escher Polizisten, déi engem duuschterege Gesell begéint sinn. An der Zenon Bernard Strooss huet och e Chauffer Schwieregkeete gehat säi Gefier an der Riicht ze halen. De Mann war zumindest éierlech genuch, an huet de Beamten agestanen e Patt geholl ze hunn. Den Test huet den duebele maximal zoulässege Wäert opgewisen, an do hält de Spaass op.

A béide Fäll sinn d‘Führerschäiner agezu ginn.

Ähnlech Sujeten Drogen, Fahrerflucht, Führerschäiner, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel