Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Ass et wierklech esou komplizéiert?
Auto Business Fail International Money Neiegkeeten Stories

Editorial: Ass et wierklech esou komplizéiert?

Et ass jo net esou, wéi wa mir et net

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!
Auto Business Fail International Money Neiegkeeten Stories

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!

Um 18. November 1928 war d’Gebuertsstonn vun der bekanntster Figur

Venezuela: US-Marionett kann Erwaardungen net erfëllen
Auto Business Fail International Money Neiegkeeten Stories

Venezuela: US-Marionett kann Erwaardungen net erfëllen

Obwuel de selwer ernannten Interimspresident Juan Guaido vun den USA,

dislikemoney

VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht

Wat fir vill Clienten ee Seegen ass, dierft dem däitschen Automobilkonzern schwéier opstoussen

VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht

Volkswon (VW) hat gelunn an esou honnertdausende Clienten iwwert de Leescht gezunn, mee dat anzegesinn huet eppes Nohëllef gebraucht. Elo huet de Bundesgeriichtshaff dem Konzern däitlech gemaach, datt et sech bei dësem Akt ëm eng „virsätzlech sittenwiddreg Täuschung“ handelt, an do muss wuel Schuedenersatz geleescht ginn. Fir Dausende Kläger an Däitschland eng gutt Nouvelle.

Si hunn alles versicht wat rechtlech méiglech war, trotz erwisenem Gefuddels an enger ganz Rei u verluerene Prozesser an den USA, hat de Virstand näischt ausgelooss, fir déi getäuschte Cliente am Reen stoen ze loossen. No dësem Urteel wäert VW ee Präbbeli brauchen, well dat kann eng richteg Deier Geschicht ginn. Iwwer 60.000 Kläger hunn elo Usproch op Schuedenersatz a laang gewaart.

Nom Urteel huet d‘Affekotin vum Konzern, Martine van Wijngaarden erkläert, datt VW dann elo awer gewëllt ass de vill Kläger entgéint ze kommen, fir déi sëlleche Prozesser méiglechst Zäitno vum Dësch ze kréien. Dorënner ass ze verstoen, datt VW de geschiedegte Keefer elo eng Propose ënnerbreede wäert, wat laut der Affekotin de Virdeel hätt, datt d‘Leit séier an einfach Geld kréien.

Klengt besser wéi et gemengt ass. Gesäit een emol dovunner of, datt en aussergeriichtlechen Accord Prozesskäschten erspuert, esou geet et och drëms d‘Entschiedegung méiglechst niddreg ze halen an de Clienten ee Maulkuerf unzedoen. Wien sech mat VW eenegt, kritt da wuel „séier“ eppes Geld, mee entschidde Manner, wéi wann hie sech géif op ee laange Prozess aloossen. Et heescht ofweien.

Si haten d‘Perspikassitéit vum Rentner ënnerschätzt

Flott un dëser Geschicht: de Kläger deen hei e Weltkonzern an d‘Knéie gezwongen huet war ee Rentner aus Rheinland-Pfalz. Den Herbert Gilbert, weess wéi wichteg dëst Uerteel besonnesch fir déi grouss Mass ass: „Et ass ee gudden Dag an ee gutt Uerteel, mat deem ech esou och gerechent hat. Et hëlleft net nëmme mir, mee och den dausende Kläger, déi nach op hire Prozess waarden“.

A sengem Fall ass et ëm ee gebrauchte VW Sharan Diesel gaangen, fir deen de Mann 2014 ronn 31.000 Euro op den Dësch geluecht hat. Elo muss him VW 25.000 Euro rembourséieren (an déi ganz Prozesskäschten). Hie muss sech allerdéngs déi gefuere Kilometer urechne loossen. Doriwwer kéint ee streiden, vu datt VW versicht huet de Prozess ze verschleefen. Mee Vernonft ass besser…

Den Herbert Gilbert huet vum ieweschten däitschen Zivilgeriicht an de wichtegste Punkte Recht kritt. Laut de Riichter: „Dat wat VW do gemaach huet, war eng grondleeënd strategesch Decisioun fir de Gewënn ze steigeren. An zwar duerch bewosst Täuschung. Dat war eendeiteg sittenwiddreg a bedeit no biergerlechem Recht: Schuedenersatz“. De Virsëtzende Riichter huet et gutt erkläert.

Laut dem Stephan Seiters, war schonn de Vertragsofschloss mam Client ee „Schued“ u sech fir de Client. Mat der installéierter Fuddelsoftware (Ofschaltariichtung) ass engersäits bewosst eng méi-Belaaschtung vun der Ëmwelt, an anersäits de Risk fir de Client a Kaf geholl ginn, dat dësem seng „Betribserlaabnes“ mindestens ageschränkt, am schlëmmste Fall ganz ausgesat hätt kënne ginn.

Vill Huesen, déi vum Allem gewosst hunn

Wärend vum Virstand iwwert de gesamte Management bis hinn zu de Juriste jidderee sech mam Zitat „Mäin Numm ass Hues, ech weess vun Näischt“, wollt aus dem Entscheedungsprozess eraushalen an de Chef vum Entwécklungsdepartement ufangs net wollt „informéiert“ gewiescht sinn, ass ofschléissend gekläert: datt ass net méiglech. Esou eppes entscheede keng Mataarbechter.

D‘Riichter hunn dann och deen eenzege richtege Schluss gezunn: De Chef-Entwéckler muss vun Allem gewosst hunn an de Virstand konnt net schlësseg beweisen, net ageweit gewiescht ze sinn. An anere Juridiktiounen – wéi beispillsweis den USA – geet ee vir esou eppes an de Prisong, an zwar „länger“. Bei eisen Nopere geet de béise Fanger an de Grëff an de Portmonni duer.

Wat elo d‘Entschiedegung vum Herbert Gilbert ugeet, esou hunn d‘Riichter bestätegt, datt hie sech muss urechne loossen, wat hie bis ewell vum Gefier hat. Bei der Berechnung hu sech d‘Riichter un deem orientéiert, wat schonn an der éischter Instanz unerkannt ginn ass. Et ass eng einfach Rechnung, déi och fir all déi aner Clienten, déi vum VW-Konzern bedru goufen, ee wichtege Punkt.

Esou gëtt déi eigentlech Kilometerleeschtung – déi mam jeeweilege Gefier méiglech ass, an dat sinn der bei VW vill – duerch de Präis vum Auto gedeelt. Dovunner ginn dann déi gefuere Kilometer ofgezunn. Den Alter spillt keng Roll, Volkswon huet dee ganze juristesche Prozess eegewëlleg a bewosst an d‘Längt gezunn. Wien den Deal ageet, muss den Auto dann zréckginn.

Randnotiz:

Och Zu Lëtzebuerg huet et, d‘Marke vum Konzern (VW, AUDI, SEAT, SKODA) waren a sinn nach ëmmer beléift, masseg geschiedegt Clienten. Zanter 2018 setzt sech de Konsumenteschutz ULC fir hir Memberen an. Sammelkloe sinn den Ament leider nach net méiglech, mee fir d‘Konsumenten zu Lëtzebuerg ass d‘Uerteel vum Bundesgeriichtshaff ee wichtegt Signal.

D‘Riichter hei am Land wäerte wuel oder iwwel d‘Uerteel aus Däitschland bei hirem Urteel musse berécksiichtegen. Wat elo d‘Konsumente betrëfft, esou wäerten si och weiderhin an d‘Regal vum VAG-Konzern gräifen, well se gutt a laanglieweg Gefierer zesummeschrauwen. Wann et dann elo och séier bei eis kéint zu engem Urteel kéint kommen, kéint een de Branche entgéint kommen.

Well wann et sécher richteg ass, datt an éischter Linn d‘Keefer vun de manipuléierten Autoen hei de Misär hunn – an den Importateur sech fir de Konzern an net de Client agesat huet – esou huet och eis Ëmwelt gelidden an d‘Mënsche sinn enger gréisser Belaaschtung ausgesat ginn, wéi datt vum VAG-Konzern virgetäuscht ginn ass. Hei sollt och de Lëtzebuerger Staat op Schuedenersatz kloen.

mat indymedia/ber

Illustratioun: Nom Reen schéngt d‘Sonn nees… mee fir de geschiedegte Client zu Lëtzebuerg ass d‘Sonn nach net duerch d‘Wolleke gedrongen. Kann d‘Urteel vum Bundesgeriichtshaff elo och fir d‘Konsumenten hei am Land zu Entschiedegunge féieren? © Martin Katler / unsplash

Ähnlech Sujeten Bedruch, Bundesgeriichtshaff, Dieselskandal, Konsumenteschutz, Täuschung, ULC, VAG-Konzern, VW, VW-Dieselskandal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel