Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E klengen Asaz mat grousser Wierkung
Neiegkeeten

E klengen Asaz mat grousser Wierkung

Blummen an enger Wiss ze séinen, ass net nëmmen eng

surprise
Fleegeversécherung: De Minister ruddert zréck
Neiegkeeten

Fleegeversécherung: De Minister ruddert zréck

Bei enger Entrevue tëscht dem Sozialminister Romain Schneider an dem

Mat klengen a groussen Tréinen: Och Kräische verbënnt
Neiegkeeten

Mat klengen a groussen Tréinen: Och Kräische verbënnt

Feiert Dir Ouschteren? Ech sinn net gleeweg, fir mech ass

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!

Beim Oberlandesgeriicht zu Braunschweig huet ee Mammutprozess géint Volkswagen ugefaangen. D’Aktionäre fuerdere Schuedenersatz, well VW si ze spéit informéiert huet, dat de Wäert un der Bourse vun der Entreprise duerch Ofgas-Manipulatioune menacéiert ass.

Ronn 1.645 Kloe sollen et ginn. D’Aktionäre maache VW fir de massive Verloscht, woubäi et ëm ee Milliardebetrag geet, verantwortlech.

D’ULC erënnert bei dëser Geleeënheet drun, dass d‘Interesse vun de VW-Aktionären an de Schued vun de Keefer vun de betraffene Modeller vum VAG-Konzern zweeërlee Saache sinn. A ganz Europa ass ee Groussdeel vun de betraffenen Autobesëtzer nämlech op hirem Usproch setze bliwwen. Si hunn nämlech ee signifikante Wäertverloscht op hirem Gefier erlidden. Nëmmen e Software-Update gouf vun de VAG Verantwortlechen ugebueden. Eng mechanesch Norëschtung gëtt et net.

Fir déi lëtzebuergesch Verbraucher huet ULC e puer Musterprozesser am Numm vu betraffenen Autobesëtzer virbereet, déi beim Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg ze fanne sinn. Zil ass ee gerechte Schuedenersatz a Form vun enger Präissenkung oder direkt eng Annuléierung vum Vertrag oder d‘Récknam vum Verkeefer ze erreechen.

Dobäi kritiséiert d’ULC, datt zu Lëtzebuerg Méiglechkeet vun de Sammelkloen nach ëmmer net agefouert gouf. Et läit elo um Lëtzebuerger Bezierksgeriicht iwwert déi juristesch Argumentatioun vun der Prozesspartei ze uerteelen. D’ULC ass gespaant op den Ausgang vun dësem Geriichtsprozess.

Ähnlech Sujeten Dieselgate, Konsumenteschutz, ULC, Volkswagen, VW-Dieselskandal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel