Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten
Neiegkeeten

what to avoid when dating a guy

Tierkesch Panzer an Infanterie sinn um Sonndeg an de Norde

https://moien.lu/no-answers-online-dating/
Neiegkeeten

Eenzelhandel: Den LCGB fuerdert en attraktive legale Kader fir d‘Salariéeën

De 4. Mee ass eng Enquête ugelaf, déi zum Zweck

Fuelbox III – d’Lëtzebuerger Konschtzeen weist erëm wat se kann
Neiegkeeten

Fuelbox III – d’Lëtzebuerger Konschtzeen weist erëm wat se kann

Vum 11. bis den 28. Oktober fënnt een zu Stroossen

Wa sech Realitéite veränneren an Ales net méi kohärent ass…

Sozialwunnengen: Ministesch wëll Gesetz vun 1979 aktualiséieren

Wa sech Realitéite veränneren an Ales net méi kohärent ass…

Beim Wunnengsbauministère wieren der Ministesch Sam Tanson hir Beamten aktuell schwéier mat der Aktualiséierung, respektiv Erneierung vum Gesetz zur Wunnengsbäihëllef, beschäftegt. Dëst Gesetz vum 25. Februar 1979 géif der Realitéit vum Wunnengsmaart net méi gerecht a wier zudeem inkoherent.

Nodeems d‘Kollege vun der Bistumszeitung „Luxemburger Wort“ sech beschwéiert hunn, datt am Wunnengsbauministère, dem Kierchefong seng Dossiere géife „verschleeft“ ginn, firwat dësem net déi Subventiounen zougänglech gemaach ginn, déi him eigentlech bei der Zurverfügungsstellung vu sozialem Wunnraum géifen zoustoen, huet een op d‘Reaktioun vun der Regierung gewaart.

Et ass dann och de Parteikolleg an Deputéierten Henri Kox (déi gréng), deen déi parlamentaresch Fro un d‘Sam Tanson agereecht huet. Déi ass wuel nach net schrëftlech beäntwert ginn, mee D‘Sam Tanson huet schonn emol duerchblécke gelooss, datt hei ee wéi deen anere behandelt géif ginn, et also keng Virdeeler, wéi vum Wort ugedeit, fir déi „privat“ Proprietairen/Promoteure géif ginn.

Dat festgestallt, kann ee sech dem Gesetz zouwennen. E Gesetz dat ënnert anere Viraussetzungen ausgeschafft ginn ass, wéi déi deenen et haut misst Rechnung droen. 1979 war d‘Welt -zumindest fir déi allermeeschten – nach an der Rei an d‘Hëllef fir d‘Wunnen huet sech staark op de Kaf vun dësem Wunnraum konzentréiert. Sozialwunnengen hunn déi kritt, déi kaum bis kee Revenu haten.

Zudeem behandelt dëst ancestraalt Gesetz e bëssi vun allem, wat net wierklech hëllefräich ass fir alles esou ze verstoe wéi dat sengerzäit gemengt war. Haut huet de Ministère ënnert anerem den Optrag Strategien ze entwéckelen a Geld an de Grapp ze huelen, fir et entspriechend senger Missioun ze „verdeelen“. An och hei ass dat aalt Gesetz net méi esou wierklech ee gutt Instrument.

Individuell, kommerziell, kommunal an associativ

Staatlech Bäihëllef gëtt et an alle Forme a Gréissten: et gëtt déi „individuell“ fir physesch Persoune wéi d‘Subventioun fir Privat an/oder ëffentlech Promoteuren. Et gëtt och eppes fir Associatiounen déi no „soziale Kritäre“ bauen. Géif een all dës finanziell Mëttel zesummefaassen, da kéint déi richteg Ureizer schafe fir méi „bezuelbare“ Wunnraum ze erhalen. Mee: wat genee ass bezuelbar?

Wann ee sech am allgemengen d‘Präislag vun enger sougenannte Sozialwunneng ukuckt, stellt ee fest, datt déi ganz niddreg ugesidelt ass. Dogéint ass prinzipiell keen Awand virzebréngen, woubäi ab engem gewësse Revenu, d‘Progressioun en Ausmooss huet déi vill Mënschen nees un de Rand vun der Gesellschaft zwéngt. Net wëll si aarm wieren, mee wëll de Loyer d‘Akommes opfrësst.

Hei misst dann och dréngend déi sougenannte „Progressioun“ erweidert ginn, zum enge fir d‘Offer méi breet ze fächeren, zum anere fir generell nees eppes méi sozial Gerechtegkeet an de Logement eranzebréngen. Dat bedeit dann awer nees, dat an engem éischte Schratt, deene ganze Widderspréch am Gesetz vun 1979 muss op d‘Spréng gehollef ginn. Et brauch wéi scho bemierkt méi Koherenz.

Den aktuelle Stand a wou een hi wëll

Esou wéi d‘Situatioun den Ament ausgesäit, erhalen déi ëffentlech Promoteuren (SNHBM a Fonds de Logement) eng Bäihëllef an Héicht vu 70% fir de Bau vu Wunnengen déi verlount ginn. Am Verglach dozou, kréien d‘Gemengen, d‘Associatiounen, d‘Stëftungen, de Kierchefong an aner am Gesetz zréckbehalen Acteuren eng „Participatioun“ vu 75% vun den eligibele Käschten.

Zudeem sinn déi genannten ëffentlech Promoteure bei der Attributioun an der Berechnung vum Loyer un e groussherzoglecht Reglement gebonnen. Fir all déi „aner“ Promoteure gëllt dëst Reglement net. Aus dësem Grond gesinn sech d‘Locataire ganz ënnerschiddleche Fuerderunge beim Loyer ausgesat, jee nodeem wien de Promoteur ass, während si all staatlech Hëllef erhalen hunn.

Den Ament ass et also esou, datt d‘Konditioune fir den Erhalt vun enger Subventioun esouwuel vum Gesetz vun 1979 wéi dem groussherzogleche Reglement vum 21. Dezember 2018 ofhängeg ass. An dësem Kontext ass et dann och héchst interessant, datt säitens dem Koalitiounspartner LSAP d‘Meenung vertruede gëtt, datt een d‘Reform vum Gesetz net ofwaarde misst, mee een eng zäitno Upassung vum groussherzogleche Reglement sollt prekoniséieren.

Europa huet hei och e Wuert matzeschwätzen

Wann ee sech dierf sécher sinn, datt d‘Ministesch alles wäert dru setze fir déi staatlech Bedeelegung méi effikass ze gestalten, dat alles natierlech esouwäit de gesetzleche Kader et zouléisst, esou muss d‘Reform vun dësem Gesetz sech un d‘Konditiounen halen, déi vu Bréissel virgi sinn. Esou dierf de Montant vun der Kompensatioun net iwwert de Käschte leien, déi duerch d‘Ausféierung vun de Flichte vum ëffentlechen Déngscht ufalen. Heiranner muss och e raisonnabele Profit enthale sinn.

D‘Ministesch wëll dann och den Zäitraum vun de Konventioune vun 20 op 40 Joer unhiewen. Eng éischt dëser Konventioune wier dann och schon am Juni ënnerschriwwe ginn. D‘Objektiv ass et a Konformitéit zum groussherzogleche Reglement generell op des 40 Joer zréckzegräifen, och well an dësem festgehalen ass, datt de Promoteur d‘Wunnenge fir 20 Joer an der Locatioun hale muss.

An d‘Virdeeler vun dëser Moossnam leien op der Hand: engersäits gëtt dem Locataire eng reell Perspektiv op en dezente Logement, an dat esouguer laangfristeg. Zum aneren si 40 Joer näischt ze vill. Dat engersäits well de Bau mat 75% Steiergelder quasi kofinanzéiert ass an eng Wunneng jo wéinstens op eng Liewensdauer vu 70 Joer ausgeluecht ass. Elo muss et nach d‘Logementer ginn.

Ähnlech Sujeten Logement, Sam Tanson, Soziale Wunnengsbau, Soziale Wunnraum, Wunnengsbauministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel