Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?
International Neiegkeeten

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?

Di meescht Stied a vill Uertschaften zu Lëtzebuerg hu Jumelagen

Asaz vu chemesche Waffen a Syrien: den US-President wëll militäresch agräifen
International Neiegkeeten

Asaz vu chemesche Waffen a Syrien: den US-President wëll militäresch agräifen

Um Méindeg Owend huet den Donald Trump eng „zäitno a

Ladies Tattoo Convention 2018 – well Konscht net ëmmer un der Mauer hänke muss!
International Neiegkeeten

Ladies Tattoo Convention 2018 – well Konscht net ëmmer un der Mauer hänke muss!

Um Weekend vum 6. a 7. Oktober hunn déi weiblech

Eng grenziwwerschreidend Konventioun: Fir de Waasserschutz tëscht Lëtzebuerg a Wallounien

Eng grenziwwerschreidend Konventioun: Fir de Waasserschutz tëscht Lëtzebuerg a Wallounien

Fir déi grenziwwerschreident Kooperatioun zum Schutz vum Waasser a Wallounien an dem Grand-Duché si vergaangenen Dënschdeg bei der Kläranlag zu Maarteleng-Rombach eng Rei Konventioune vun Acteuren aus dem Secteur ënnerschriwwe ginn. Zum engen ass et ëm d’Ofwaasser, wéi ëm d’Drénkwaasser an d’Direktiv vun den Nitrater gaangen.

(v.l.n.r.) Willy Borsus, Minister-President vu Wallounien; Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch; Aly Kaes, President SIDEN; Romain Schneider, Landwirtschaftsminister © SIP/Jean-Christophe Verhaegen

Déi nei Konventioun ersetzt den Accord vum 17. Mäerz 1980 tëscht dem Grand-Duché an dem belsche Kinnekräich. D’Kooperatioun limitéiert sech dobäi net nëmmen op d’Gestioun vun der Kläranlag zu Maarteleng, mee och op 3 weider Beräicher:

  1. D’Konditiounen zur Kooperatioun a Saachen Ofwaasser an den internationale Kläranlage si fixéiert ginn. D’Statiounen um Lëtzebuerger Territoire këmmeren sech ëm d’Ofwaasser aus Wallounien (wéi beispillsweis d’Anlag zu Maarteleng), wat awer och den emgekéierte Wee gëllt (wéi beispillsweis mat der zukünfteger Kläranlag zu Eisch’A)
  2. De grenziwwerschreidenden Informatiounsaustausch gëtt gefërdert, sou wéi och d’Kollaboratioun fir d’Nosuerg vun der Produktioun an d’Verdeele vum Ofwaasser. Esou hu Wallounien a Lëtzebuerg sech drop gëeenegt Donnéeën opzestellen, dës ze aktualiséieren a sech beim Transport vum Ofwaasser auszetauschen.
  3. D’Konventioun gesäit eng Kooperatioun zur de Schutzzone vum Drénkwaasser fir. D’Basenge sinn souwuel um Lëtzebuerger, wéi och um belschen Territoire ze fannen, woubäi Schutzmoossnammen déi ideal Versuergung fir de Mënsch reegele sollen.

Romain Schneider, Landwirtschaftsminister © SIP/Jean-Christophe Verhaegen

Dobäi sinn all d’Acteure sech sécher, datt no laange Reflexiounen a Gespréicher d’Ënnerschreiwe vun der Konventioun ee wichtege Moment duerstellt. De Cyprien Devilers, 2. Vize-President vun SPGE erkläert, datt Waasser keng Grenze kennt an domat just duerch eng ideal grenziwwerschreidend Kooperatioun dës Ressource geréiert ka ginn. De Landwirtschaftsminister Romain Schneider huet hei natierlech de Schutz vun der natierlecher Ressource, sou wéi d’Vereinfachung an der Landwirtschaft ervir gehuewen. Duerch d’Direktiv vun den Nitrater an déi opgestallten Norme gëtt de Baueren hiert Liewen enorm vereinfacht.

Waasser als Wuerzel vum Liewen

An dësem Kader huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ënnerstrach, datt d’Waasser och an Zukunft geschützt muss ginn. D’Ressource ass d’Wuerzel vun all Liewen a garantéiert domat och d’Iwwerliewe vun all Individuum. Lëtzebuerg gewënnt 50% vum Waasser duerch de Stauséi zu Esch-Sauer, wouvun natierlech d’Populatioun an d’Landwirtschaft immens profitéiert.

Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch © SIP/Jean-Christophe Verhaegen

Immens houfreg huet sech och de Willy Borsus, Minister-President vun der wallounescher Regierung, gewisen. Fir hien war d’Evenement vum vergaangenen Dënschdeg wéi ee Familljentreffen, bei deem och nach eppes Guddes fir de Schutz vun eisem Waasser gemaach an déi enk Bezéiung tëscht Lëtzebuerg a Wallounien gestäerkt gëtt. Nieft dem Transport, wouduerch d’Belsch ëmmer méi mam Grand-Duché verbonne gëtt, stellen och déi grenziwwerschreidend Flëss eng Verbindung duer. Och an Zukunft hofft de Willy Borsus drop, esou kollegial ze verbleiwe, wéi an der Vergaangenheet.

Willy Borsus, Minister-President vu Wallounien © SIP/Jean-Christophe Verhaegen

Besonnesch gefreet huet sech awer och den Häer Kaes, President vum Syndikat SIDEN, datt mat der neier Konventioun souwuel eis Ëmwelt, wéi och de „patrimoine aquatique“ protegéiert ginn. D’Resultat vun der aler Konventioun gesäit een un der Kläranlag zu Maarteleng, wou säit 1996 d’Ofwaasser vu Lëtzebuerg an der Belsch traitéiert gëtt an déi national Drénkwaasserreserve geschützt ginn. Et ass well 3 Joer hir, datt d’Ministesch Dieschbourg ugekënnegt huet, den alen Text ze verbesseren. Datt si hiert Wuert gehalen huet, erweist sech fir de President vu SIDEN als immens luewenswäert.

Kläranlag zu Maarteleng – eng grenziwwerschreidend Kollaboratioun

Um 17. Mäerz 1980 ass déi belsch-lëtzebuergesch Konventioun ënnerschriwwe ginn, wouduerch zu Maarteleng – direkt un der Grenz zur Belsch – eng Kläranlag entstaanen ass, déi deemools 85% vum belschen Ofwaasser a 15% vum Lëtzebuerger Ofwaasser opgeholl huet. D’Käschtenopdeelung tëscht béide Länner huet sech allerdéngs net méi als ganz konform erausgestallt, schonn eleng duerch de Prinzip vum Pollueur-Payeur, wat et an den 80er Joer net ginn ass. Um 9. Mäerz 2019 ass soumat déi nei Konventioun ënnerschriwwe ginn.

Déi international Collecte

Den Evacuatiounsreseau gëtt duerch verschidde Beräicher um belschen a Lëtzebuerger Territoire zesumme gesat. Wou et fir d’Belsch Radelange, Bodange, Maarteleng a Grumelange sinn, esou dréit Lëtzebuerg mat Rombach, Wolwen, der Kimm, Klaus, Flatzbur, Bungeref, de Statioune RN4, Uewermaarteleng, der Industriezon Riesenhaff a Kietscht säin Deel bäi. Soumat ass de Reseau 8km laang a verfüügt iwwert 4 Pompelen an der Belsch a 7 Stéck am Grand-Duché.

Mam neie grenziwwerschreidende Projet Eisch’A soll elo eng nei Kläranlag vu 15.600 EW zu Stengefort gebaut ginn. D’Käschte belafe sech hei op 16.576.209 €. Dobäi ass dru geduecht ginn, déi gesamt Anlag ënner Daach ze bréngen, wouduerch d’Duerf-Bewunner net vu Gestank a Kaméidi belästegt ginn.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Alain Gillis, Vize-President vun SPGE; Stéphanie Heyden, Presidentin vun AIVE; Cyprien Devilers; Comitésmember vum SPGE;  Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch; Abby Toussaint, President vu SIDERO; Muller Fernand; Romain Kockelmann, Syndikatsmember vu SIDERO © SIP/Jean-Christophe Verhaegen

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Drénkwaasser, Kläranlag, Maarteleng, Ofwaasser-Konventioun, Romain Schneider, Stauséi, Waasser, Wallounien, Willy Borsus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel