Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss
Neiegkeeten

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss

D‘USA hunn um Dënschdeg den UN-Mënscherechtsrot verlooss, an d‘Institutioun déi

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)
Neiegkeeten

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)

Bekannt als ehemoolege Batteur vun Nirvana huet de Sänger a

money
De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden
Neiegkeeten

De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden

Bei der Auditioun vum 25. Oktober haten déi verantwortlech vum

natur&ëmwelt – d’Waasserschutzrichtlinn muss bestoe bleiwen!

natur&ëmwelt – d’Waasserschutzrichtlinn muss bestoe bleiwen!

Dat wichtegst europäescht Waasserschutzinstrument, déi sougenannt Waasserschutzrichtlinn, ass a Gefor. Dofir rifft natur&ëmwelt Asbl. dozou op, bis Mäerz 2019 um Sondage vun der EU-Kommissioun deel ze huelen a sou dës Richtlinnen ze protegéieren.

D’Waasserschutzrichtlinn (WRRL) aus dem Joer 2000 ass déi zentral EU-Direktiv zum Schutz vun eise Gewässer, déi bei ons och an dat nationaalt Recht iwwerdro goufen. Et schaaft déi néideg Kaderbestëmmung, fir eis Flëss, Baachen a Fiichtgebidder mat hirer ganzer Diversitéit un Déieren a Planzen, sou wéi dat domadder verbonnent Ökosystem ze schützen,

D’EU-Kommissioun féiert regelméisseg sougenannte „Fitness-Checks“ duerch, fir ze préiwen, wéi wäit gewëssen EU-Gesetzer nach hirem eigentlechen Zweck entspriechen, ob se mëttlerweil iwwerflësseg gi sinn oder eng ze héich finanziell Belaaschtung fir de Budget duerstellen. Genau esou soll och elo d’Waasserschutzrichtlinn evaluéiert ginn. Aus dësem Grond freet d’EU-Kommissioun engersäits eng Rei Experten a Regierungsvertrieder, si hunn awer och eng Consultatioun vun den EU-Bierger gestart.

Mat „Living Rivers Europe“ hunn e puer Verbänn, dorënner och den European Environmental Bureau (EEB), bei dem natur&ëmwelt Member ass, eng staark Koalitioun zur Protektioun vun eise Gewässer gegrënnt. Ziel ass et, den Interessi vun de Milliounen EU-Bierger ze representéieren an zesumme fir de Schutz an d’Stäerkung vun den europäesche Waasserschutzvirgaben anzetrieden. D’Initiative gëtt vu méi wéi 100 Organisatiounen europawäit gedroen.

Och natur&ëmwelt ënnerstëtzt d’Allianz a rifft alleguertern d’Bierger(innen) dozou op, nach bis Mäerz 2019 um Sondage deel ze huelen an esou der Natur eng Stëmm ze ginn. Ee staarke Kader fir de Gewässerschutz ass essentiell an enger Zäit, déi vum Aartestierwen a Klimawandel bedréit ass. Nëmmen duerch eng legal Basis an d’Ëmsetzung vu konkrete Moossname kennen eis Lëtzebuerger Waasserleef an d’Grondwaasser nohalteg protegéiert ginn.

Méi Informatiounen op www.naturemwelt.lu.

Ähnlech Sujeten natur&ëmwelt, Naturschutz, Sondage, Waasserschutz, Waasserschutzrichtlinn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel