Search

You may also like

Nouvelle vun der Aarbechtsfront
International Neiegkeeten

Nouvelle vun der Aarbechtsfront

Dat huet et well laang net méi ginn an dofir

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint
International Neiegkeeten

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

Laut eiser Police, waren et ronn 250 Eisebunner aus Lëtzebuerg,

money
China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert
International Neiegkeeten

China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert

Tëscht dem 12. a 15. August hat Lëtzebuerg Gäscht aus

Waffenembargo géint den Iran opgehuewen

Washington wollt eng „Verlängerung“ am Un-Sécherheetsrot duerchsetzen, vergiewens…

Waffenembargo géint den Iran opgehuewen

D‘Amerikaner, dat ass bekannt, hunn et net mat den Ajatollahen, an ënnerstëtzen aus dësem gudde Grond och den iraneschen Äerzfeind Saudiarabien. Datt och dat saudescht Kinnekräich massiv den Terror finanzéiert, an esouguer Dissidenten an sengen Ambassaden ëmbrénge léisst, gehéiert wuel zur spréchwiertlecher US-Meenungsfräiheet.

Si – d‘USA – hunn dann och een esou groussen Haass op Teheran, datt si net zécke géint bestoend internationaalt Recht ze verstoussen, dat ir hir ganz eegen Interessen am Noen a Mëttleren Osten duerchsetzen. An elo ass den zäitlech begrenzte Waffenembargo géint den Iran ausgelaf, an de Mike Pompeo leeft politesch Amok. Dat hien a säi „Chef“ op Steroiden déi eigentlech Gefor sinn…

Iran

Egal, Fakt ass elo, datt nees konventionell Waffen un den Iran dierfe verkaf a geliwwert ginn, an ob elo d‘Amerikaner mengen, datt een dat net sollt maachen, ass streng geholl irrelevant. Dat huet net verhënnert, datt den US-Ausseminister déi lescht Woch zu Washington nees verbal géint den Iran virgaangen ass, an den Ajatollahen ënnerstellt déi ganz Regioun wëllen a Brand ze stiechen.

Interessant och, datt de Mike Pompeo sech beschwéiert, datt d‘Iraner den Houthi am Jemen géif Dronen a Rakéite liwweren, déi géint saudesch Truppen an Industrieanlagen agesat ginn. Dat wou gewosst ass, datt d‘Saudien am Jemen Krichsverbriechen, mat der Ënnerstëtzung an de Waffen aus USA, beginn. Net ze vergiessen, datt et d‘USA waren, déi den Atomvertrag zerrappt hunn.

Hannerfotzeg bis an de leschten Detail

Washington dreet dann och nees mat Sanktiounen, woubäi déi géintiwwer Teheran wuel kaum nach ze toppe sinn, an de Wäert vum engem trumpsche Wahlkampfoptrëtt hunn: et amuséiert just déi wou souwisou dem republikaneschen Discours verfall sinn, an d‘Ënnerdréckung am eegene Land als gëttlech Virgab vun der Demokratie halen. Mee de Mike Pompeo, wëll och am Liicht stoen.

An esou – et muss ee sech et schonn op der Zong zergoe loossen – dreet hien nees jidderengem mat Sanktiounen, deen dann elo awer géif Waffen un d‘Ajatollahen an d‘Wiechter vun der Revolutioun liwweren. De Mike Pompeo, deen an der Schoul eng Rei Course muss ausfale gelooss hunn, berifft sech op de sougenannte „Snap-Back“ Mechanissem vum Atomofkommes mat Teheran.

Iran

Dëse Mechanissem gesäit tatsächlech vir, datt nees all Sanktioune gräifen, wann ee Vertragspartner géint dëst Ofkomme verstéisst. Elo kann ee behaapten, datt Teheran géint den Accord verstéisst, et awer leider genee esou richteg ass ze behaapten, datt en net géint eppes ka verstousse wat et net méi gëtt. Dir erënnert iech et war de gréissten Diplomat aller Zäiten, deen de Vertrag gekënnegt huet.

Et dierft den Amerikaner och net gefall hunn, datt déi grouss Majoritéit am UN-Sécherheetsrot – dorënner och déi wou eigentlech ëmmer bis zu de Schëlleren am Allerwäerteste vun den USA stiechen, gemengt sinn Däitschland, Frankräich a Groussbritannien – dat diametral anescht gesinn, an sech op dat virechten Ofschnëtt genannten Argument bezéien. Dat nennt een: „Domm gelaf“.

Net ganz esou Einfach wéi ee sech et wënscht

Wann et natierlech duerchaus berechtegt ass, sech Suergen ze maachen, datt den Iran elo nees säin Arsenal oprëschte kann, esou ass et net manner berechtegt, datt den iranesche President Hassan Rohani d‘Haltung vun den Europäer begréisst huet. Et kann nees Waffenhandel an all Richtunge bedriwwe ginn, an well esou eppes ëmmer mat masseg Profit zesummenhänkt, wäert et esou sinn.

Den Hassan Rohani: „Wien ëmmer scho wësse wollt, wat eis d‘Atomofkommes bruecht huet: hei ass d‘Resultat vum Ofkommen. Ab elo kënne mir eis Waffe verkafen u wie mir wëllen, a Waffe kafe vu wiem mir wëllen“. A wëll den Zar vu Russland weder gutt op d‘Amerikaner ze spriechen ass – Stéchwuert „NordStream2“ – nach Sanktioune fäert, wëll Russland séier an d‘Geschäft kommen.

Iran

Elo dierft et awer och Moskau net liicht falen, ee gudden Deal op de Wee ze bréngen. Wéinst den US-Sanktioune géint 18 iranesch Banken, sinn d‘Weeër vun de Finanztransaktioune mat der Welt éischter komplizéiert. Kafen ass also schwiereg an et wier wuel och dem Vollek, datt jo ënnert de Sanktiounen am meeschten ze leiden huet, net ze vermëttelen, Geld dat een net huet auszeginn.

Dofir dierft et vill „Fraktioune“ ginn, déi un iraneschem Militär-Geschir interesséiert sinn. Iranesch Dronen si präiswäert an hu sech bewäert. Och esou divers „Rakéiten“ an soss mäerderescht Material. Richteg ass allerdéngs och, datt d‘Ajatollahen et net esou mat „Provokatioun“ hunn, a wuel elo emol als éischt op den Ausgang vun den US-Wahle wäerte waarden…

mat indymedia/was/tlv/mow/bru

Related topics Hassan Rohani, Iran, Mike Pompeo, UN-Sécherheetsrot, US-Sanktiounen, USA, Waffenembargo
Next post Previous post