Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hong Kong: Opruff zum „Marsch vun de Milliounen“
International Neiegkeeten

Hong Kong: Opruff zum „Marsch vun de Milliounen“

Aktivisten a Politiker hunn um Sonndegmueren zu neie Masseprotester opgeruff.

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%
International Neiegkeeten

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%

Domat läit se e gutt Stéck iwwert den 2%, déi

D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!
International Neiegkeeten

D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!

No puer Joer Aarbecht konnt den 2. Oktober 2018 d’Buerschenter

Wafferou fir Idlib

Moskau an Ankara verstännegen sech op en Enn vun der Kris an der syrescher Rebellenhéichbuerg

Wafferou fir Idlib

Um Mëtternuecht ass an der nordsyrescher Provënz Idlib eng weider „Wafferou“ a Kraaft getrueden. Déi gouf um Donneschdeg an enger sechs stonnelaanger Verhandlungsronn tëscht dem russesche President Vladimir Putin an dem tierkesche Sultan Recep Tayyip Erdogan vereenbaart.

No der Entrevue huet de russeschen Ausseminister Sergey Lavrov ergänzt, datt sech och op ee Sécherheetskorridor verstännegt ginn ass. Dee soll vu gemeinsame Patrullen iwwerwaacht ginn. Kann dës Wafferou elo gehale ginn? An de leschte Wochen huet déi syresch Arméi zimmlech vill militäresch Erfolleger – mat russescher Ënnerstëtzung – erziilt an esou kuerz virum Zil opginn…

IdlibDës vum Regime zu Damaskus orchestréiert Offensiv huet zum Zweck, nees d‘Kontroll iwwert de ganzen Territoire zréckzegewannen. Duerch d‘Kämpf, an déi och tierkesch Zaldoten – also eigentlech Invasiounstruppen – verwéckelt goufen, waren honnertdausende Mënschen zur Flucht genéidegt ginn. Déi meescht hu sech a Richtung Tierkei opgemaach, behaapt zumindest Ankara.

Russland, d‘Schutzmuecht vum syresche Regime, huet och en Interessi drun, datt de Bashar al-Assad nees d‘Kontroll iwwerhëlt. Fir Moskau ass Damaskus och dat wat een ee geostrategesche Partner nennt. D‘Tierkei hirersäits stäipt d‘Rebellen, woubäi et faktesch radikalislamesch Kämpfer sinn, mee Ankara huet och dem IS mat Waffen, Munitioun a medezinescher Versuergung gehollef.

Idlib

D‘Tierken haten no engem Ofkommes mat de Russen, Observatiounsposten ageriicht, an dës an de leschte Woche massiv mat „Personal“ a Waffen ausgerëscht. Sënn an Zweck dovunner war et, dem Bashar al-Assad seng Truppen drun ze hënneren, d‘Rebellen ze verdreiwen. Tëscht de Fronte sinn eng 3 Milliounen Ziviliste „gefaangen“, heescht et säitens de Vereenten Natiounen (UN).

Unhand dësen Zuele léist sech séier feststellen, datt d‘Hëllefsorganisatiounen op der Plaz, deene grousse Flüchtlingsstréim wéineg entgéintzesetzen huet. Et dierf scho vun enger humanitärer Kris geschwat ginn. An der Kausa „Idlib“ hätt et de Sultan gären, wa sech seng militäresch Partner géifen uschléissen, mee zur Stonn ass keen dorunner interesséiert, eng Eskalatioun erbäizeféieren.

Idlib

D‘Entrevue tëscht dem russeschen Zar an dem osmanesche Sultan war ugesiichts der Lag an der Provënz Idlib, wéi och un de Grenze vu Bulgarien a Griicheland, mat Spannung erwaart ginn. De Recep Tayyip Erdogan huet beim Optakt vun de Gespréicher nach emol op déi exzellent Relatiounen tëscht der Tierkei a Russland higewisen. Esou geet Diplomatie… © RTT

Dat huet de Recep Tayyip Erdogan eppes a Rage bruecht a besonnesch seng europäesch „Partner“ wëll hien elo ënner Drock setzen, also quasi eng Hëllef erzwéngen. Ob et allerdéngs Sënnvoll oder Ziilféierend ass, d‘Migranten/Flüchtlingen iwwert d‘Grenz a Richtung Europa ze dreiwen (och wann déi wierklech dohinner wëllen) an esou deen 2016 beschlosse Flüchtlingspakt ze zerrappen?

mat indymedia/mow/tlv

Foto: Wéi laang kann d‘Wafferou sech dës kéier halen? © SDF

Ähnlech Sujeten Idlib, radikal Islamisten, Rebellen, Russland, Syrien, Tierkei, Wafferou
Nächsten Artikel Virrechten Artikel