Search

You may also like

De Wollef wot den Danz am Pandabier
International Neiegkeeten

De Wollef wot den Danz am Pandabier

Kaum ee Mënsch op der Welt dierft wësse wien den

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?
International Neiegkeeten

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?

Déi gréng Deputéiert a Conseillère am Beetebuerger Gemengerot, Josée Lorsché,

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?
International Neiegkeeten

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?

[onionbuzz quiz-id=188][/onionbuzz] Eis Verfassung mat sengen 121 Artikelen ass relativ

Berg-Karabach: ab 12 Auer sollen d‘Waffe schweigen

Berg-Karabach: ab 12 Auer sollen d‘Waffe schweigen

Zu Moskau hunn d‘Vertrieder vun Armenien an dem Aserbaidschan bis spéit an d‘Nuecht iwwer eng méiglech Wafferou a Berg-Karabach verhandelt. De Vladimir Putin hat zu dëse Gespréicher agelueden an esou hunn Eriwan wéi Baku hunn hir Ausseminister op Moskau geschéckt.

An der Nuecht huet de russeschen Ausseministère matgedeelt, datt sech béid Parteien eens gi sinn, an schonn der Mëttegstonn um haitege Samschdeg, d‘Waffe schweige sollen. Dës „Paus“ soll dann och genotzt ginn, fir Krichsgefaangener auszetauschen, an d‘Läiche vun den Zaldoten un hir Heemechten ze iwwerginn. Weider Detailer zur Wafferou sinn den Ament net bekannt, woubäi d‘Gespréicher och nach solle weidergefouert ginn.

Wann dat alles bis „installéiert“ ass, soll et zäitno zu grondleeënde Friddensverhandlungen ënnert der Leedung vun der Minsk-Grupp kommen. Déi gëtt bekanntlech vu Frankräich, Russland an den USA geleet. Zanter gutt zwou Woche gëtt sech am Berg-Karabach géigesäiteg erschoss an et ass wéi üblech d‘Zivilbevëlkerung där déi gréisste Laascht operluecht gëtt. Den Aserbaidschan huet d‘Haaptstad Stepanakert mat Rakéite beschoss an och „Streemunitioun“ ass agesat ginn.

Berg-Karabach

D‘Aserbaidschaner hu gëschter gemellt néng Dierfer „befreit“ ze hunn. Zanter dem Ufank vun den Hostilitéite wieren, 320 armenesch Zaldote verstuerwen. Baku mécht zu den eegenen Affer keng Ausso, weist awer drop hin, datt et 30 zivil Affer ginn hätt. De Konflikt huet dausende Mënschen an d‘Flucht gedriwwen. Den Aserbaidschanesche President Ilham Alijew huet däitlech gemaach, datt de Konflikt muss militäresch beendegt ginn ausser Armenien gëtt Berg-Karabach op.

mat indymedia/mow

Illustratioun: © Nathan Fertig / unsplash

Related topics Armenien, Aserbaidschan, Berg-Karabach, Europarot, Krichszoustand, ODKP, OSZE, Russland
Next post Previous post